Radioen

On air

De Moien  |  Editioun 7h15

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fotografie an Zäite vu Konflikter

Europäesche Mount vun der Fotographie

Fotografie an Zäite vu Konflikter

Am Zäitalter vun der digitaler Revolutioun hellt bal kee sech méi Zäit, fir Fotoen a Biller ze analyséieren. Et brauch een dofir och eng gewësse Medienerzéiung, mengen d'Lëtzebuerger Organisateure vum European Month of Photography. Am Ganzen 10 Ausstellunge ginn am Kader vum EMOP 2017 zu Lëtzebuerg gewisen.

auto_stories

2 min

D'Konzept vun den EMOP-Organisateuren zu Lëtzebuerg ass d'Konfrontatioun tëscht der Dokumentarfoto an der Kënschtlerfoto. Vill Kënschtler verschaffen haut Fotoen aus Dokumentatiounen a ginn de Biller duerch Dekonstruktioun ee neit Liewen.

Wéi de Paul Di Felice vun der asbl Café Crème erkläert, géif jiddereen hautzedaags esou vill Fotoen a kuerzer Zäit konsuméieren, dass kee méi Zäit hätt, fir d'Fotoen ze analyséieren. D'Kënschtler géife sech par konter Zäit huelen, fir déi Biller anescht ze kucken.

Wat ass d'Fonktioun vun engem Bild?

D’Analyse vu Biller ass hautzedaags net einfach a muss geléiert sinn, mengen d'Organisateuere vun der Café-Crème-asbl. De Pierre Stiwer betount: Et géif net duer goen, Computeren an Ipoden an de Schoulen ze verdeelen. Och eng geeschteg Aarbecht misst geleescht ginn.

"Et muss ee sech froen, wou d'Plaz vun de Medien am Unterrecht ass", seet de Pierre Stiwer. "Wat ass d'Funktioun vun engem Bild an der Gesellschaft? Huet d'Gesellschaft iwwerhaapt nach Zäit sech ze iwwerleeën, wat se weist a wat se schwätzt?"

James Bridle, Drone Shadow, Luxembourg, 2017. Photo: Andrés Lejona, 2017

"Borderlines" am Cercle Cité

Fir dësen Debat ze stimuléieren, hunn de Paul Di Felice an de Pierre Stiwer de Gros vun de 25 EMOP Ausstellungen 2017 mat kuratéiert. Och Borderlines, am Ratskeller vum Cercle Cité, wou sechs Kënschtler déi aktuell Krisen (Migratioun, ekonomesch Ongerechtegkeeten, Angscht virum Friemen) op eng perséinlech Manéier fotografesch behandelen.

Mat dobäi, de Lëtzebuerger Fotograf Patrick Galbats, deen déi lescht dräi Joer vill Zäit an Ungarn verbruecht huet an do vill Erfahrunge gemaach huet.

Thema Migratioun

Traditionell bedeelegt sech och d'Affekoten-Etude Arendt & Medernach um EMOP, net just mat enger Ausstellung, mee och mam European Month of Photography Arendt Award.

Den dofir invitéierten internationale Jury huet sech um Enn fir de 35-jährege Paräisser Samuel Gratacap decidéiert. Seng Fotoen iwwer Migratiounsphänomener an Transit-Zonen ginn den Ament och am Mudam gewisen.


Méi Informatiounen: European Month of Photography 2017