Radioen

On air

Notturno  |  De La Soul - Pain Feat. Snoop Dogg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Foxtrot" als beschte Film ausgezeechent

Luxfilmfest

"Foxtrot" als beschte Film ausgezeechent

Den israeleschen Drama ''Foxtrot'' vum Samuel Maoz huet de Grand Prix vum Luxembourg Film Festival 2018 gewonnen. Als beschten Documentaire gouf ''Over the Limit'' vun der polnescher Realisatrice Marta Prus belount.

auto_stories

4 min

Foxtrot (Foto: DR)

Vun den zéng Filmer, déi an der Haaptkompetitioun vum Luxfimfest konkurréiert hunn, huet also ''Foxtrot'' vum israelesche Realisateur Samuel Maoz d'Jury am meeschten iwwerzeegt. Ee Film

"extrêmement brillant et qui excelle à tous points de vue dans sa narration puissante et envoûtante sur la perte de l'innocence, tant au niveau personnel et familial qu'au niveau, plus provocateur, de l'État. Bien joué."

"Foxtrott'' behandelt d'Trauer vun den Elteren no der Annonce vum Doud vun hirem Jong, engem israeleschen Zaldot, deen op engem Kontrollposte stationéiert war. De Maoz huet deen tragesche Sujet an dës Uklo iwwert d'Onsënnegkeet vum Krich mat engem erstaunleche Räichtum u filmesche Mëttel ëmgesat.

Bizar Komedie an australesche Western ausgezeechent

D'Jury, vum kanadesche Regisseur Atom Egoyan presidéiert, huet déi griichesch bizar Komedie "Pity'' vum Babis Makridis mat enger mention honorable ausgezeeechent. "A travers un ton superbement contrôlé, des innovations apportées aux dispositifs classiques - tels que le chœur, nous avons découvert une tragédie grecque véritablement perverse et inattendue."

De Kritikerpräis geet un ''Sweet Country''. Dësen ambivalenten australesche Western vum Warwick Thornton vermëttelt een éischter pessimistescht Bild vun de Relatiounen tëschent den Australier an hiren Urawunner, den Aborigines. D'Association Luxembourgeoise de la Presse Cinématographique (ALPC), déi de Kritikerpräis vergëtt, huet hire Choix esou begrënnt:

''Nous tenons à souligner l'intelligence du montage qui ajoute à l'efficacité de la narration, la qualité des comédiens et tout particulièrement la prestation de Hamilton Morris dans le rôle de Sam, la beauté de l'image qui transfigure les paysages australiens et la parfaite illustration de la thématique de la hiérarchie des pouvoirs qui a été à l'œuvre dans plusieurs films de la Compétition Officielle. La violence, particulièrement envers les femmes, souvent conséquence de l'ennui, a été très présente dans la sélection qui est un reflet peu réjouissant du monde actuel.''

Zuschauerpräis fir Lëtzebuerger Film

De Spectateuren huet de Thriller ''Gutland'' vum Govinda Van Maele am beschte gefall. Dem jonke Realisateur säin éischte Long métrage war deen eenzege Lëtzebuerger Bäitrag an der Kompetitioun vum Luxfilmfest.

Portrait vun der Turnerin Rita Mamun

Als beschten Documentaire ass ''Over the Limit'' vun der polnescher Realisatrice Marta Pruss ausgezeechent ginn. Am Mëttelpunkt steet hei déi russesch rhythmesch Turnerin Margarita Mamun, déi op den Olympesche Summerspiller zu Rio 2016 d'Goldmedail gewonnen huet. De Film weist déi deelweis rabiat psychologesch Methoden, mat deenen hir zwou Trainerinnen d'Sportlerin zu Héchstleeschtunge motivéiert. D'Begrënnung vun der Jury:

"This film is an unconventional and aesthetically astute sports documentary portraying a young woman balancing athletic commitment with personal endurance. It's a singular vision, identifying a fragile character, following her through a powerful transition to liberation"

Eng "mention spéciale" kritt iwwregens de barocke Portrait vun enger barocker Fra "Lots of kids, a monkey and a castle" vum Spuenier Gustavo Salmerón.

De Sozialdrama ''Lean on Pete'' vum britesche Regisseur Andrew Haigh gëtt mam Prix du Jury Jeunes belount. Den Animatiounsfilm ''Meng Kollegen aus dem All (Luis and the Aliens)'' vum Christoph a Wolfgang Langenstein ass de Coup de cœur des enfants. An de Prix du jury enfants geet un de Film ''Wolkenjunge (Cloudboy)'' vum Meikeminne Clinckspoor.

D'Haaptgewënner vun dësem Luxembourg City Film Festival ginn nach eng Kéier dëse Sonndeg 4. Mäerz widderholl. An der Cinémathéik leeft um 17 Auer de Kritikerpräis ''Sweet Country'', um 19 Auer de priméierten Documentaire ''Over the Limit'', an dann um 21 Auer de Grand Prix ''Foxtrot''.

Palmarès Luxfilmfestplay_arrow