Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fräibéier fir jiddereen?

Kulturassisen

Fräibéier fir jiddereen?

"Jidderee wëll méi." D'Josée Hansen an de Christian Mosar erwaarde sech net vill vun de Kulturassisen. Déi zwee Journaliste vermësse Bescheidenheet bei de Kënschtler an eng Diskussioun iwwer Inhalter.

auto_stories

3 min

D'Josée Hansen an de Christian Mosar

"D'Kulturassise kommen ze spéit", seet Christian Mosar. Hie géif net dovun ausgoen, datt se an dëser Legislaturperiod nach eppes kéinte bewierken. Déi zwee Deeg wäre keng Assisen, mee eng Zort Colloque. D'Riedner wären interessant, awer hie géif bezweifelen, datt et an där kuerzer Zäit zu enger reeller Diskussioun kéint kommen.

"Jidderee wëll méi Suen"

"Fir mech ass et ganz däitlech en Alibi-Evenement", sou d'Josée Hansen vum der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land. Et wär eng Manéier vum Kulturminister Xavier Bettel fir de Leit ze signifiéieren, datt se géife mat abezu ginn. Et wär och en Zeeche vu Machtlosegkeet, d'Bierger an déi Kulturschaffend ze froen, wat se gär vun der Kultur hätten. Wann de Kulturministère Statistesch Donnéeën iwwer d'Visiteurszuelen hätt, géif e gesinn, wat populär wär.

Och bei den Erwaardunge vum Kulturmilieu gesäit d'Kulturjournalistin e Problem. Jidderee wéilt méi, well jiddereen der Meenung wär, seng Konscht wär ultimativ. Jidderee géif a sengem Eck schaffen, ouni ze wëssen, wat d'Kollege maachen a wat am Ausland geschitt. "Wat am meeschte feelt ass Bescheidenheet an net Geld."

De Christian Mosar kritiséiert an deem Kontext, datt et keng Kontakter zwëschent deene verschiddenen Aktivitéitsberäicher vun der Konscht gëtt. An hie vermësst eng Diskussioun iwwer Inhalter. Kritik wär net méi gewollt, seet d'Josée Hansen. Verlaangt wär just nach Kommunikatioun, an dat géif kee weiderbréngen.

Keng richteg Géigebewegung

Déi zwee Journaliste vermëssen zu Lëtzebuerg d'Géigebewegungen zum Mainstream. Subkulture kéinten net entstoen, wann all Jugendleche vun dräi Educateuren encadréiert wär, sou d'Josée Hansen. Am Virfeld vun den Assise wär dacks d'Fuerderung no engem Kulturplang opkomm, seet de Christian Mosar. "A wann een e Plang wëll, dann ass ee schonn integréiert. Da wëllt ee scho mat deem Bus fueren, dee souwisou fiert."

D'Josée Hansen seet sech enttäuscht vu Richtung 22. De jonke Kollektiv hätt sech op 19 Säite mat der Kultur beschäftegt, fir am Endeffekt och just no Suen ze froen. Kënschtler wär ee Liewens-Choix, sou d'Josée Hansen. Als Kënschtler kéint een net erwaarden, datt ee souvill géif verdéngen, wéi ee Proff.

Back to the 80's?

Lëtzebuerg wär am gaangen an eng Kulturpolitik wéi an den 80er Joren ze kommen, fënnt d'Josée Hansen. Dem Xavier Bettel seng Attitude wär "jiddereen huet gewonnen, jiddereen ass super". De Kulturminister géif alles kucke goen, an et géif keen Ënnerscheed zwëschent Niveauë gemaach ginn. All Mënsch dierft bësse mat diskutéieren.

Dëse Freideg a Samschdeg sinn d'KKulturassisen am Groussen Theater. Eng 430 Leit aus dem Kulturmilieu hu sech ugemellt.

Themeberäicher sinn:

  • L'école - un lieu de transmission culturelle?
  • Artiste - une profession comme une autre?
  • Promouvoir la création artistique. Quelle stratégie?
  • La culture est-elle reconnue à sa juste valeur dans la société luxembourgeoise?