Literatur Fräiheetsinselen am Berlin vum 20. Joerhonnert

Am Fong an an der Form: De libertäre Geescht zitt sech duerch de Kuerzgeschichteband "Volk der Freien" (Killroy Media Verlag) vum Bernd Marcel Gonner, dem Laureat vum 100,7-Radiopräis 2017.

Michel Delage

Buchkritik Bernd Marcel Gonner - Volk der Freien

Et gëtt zwou Manéiere fir un dem Bernd Marcel Gonner seng Kuerzgeschichten am Buch ''Volk der Freien'' erun ze goen. Déi eng ass eng konzentréiert, lues Lektür, bei där een dacks zeréck bliederen an eng Hellewull u Referenze nokucke muss an der Hoffnung, sou eppes wéi den Duerchbléck ze kréien. Déi aner Manéier ass : riicht duerch liesen, relativ schëtzeg, vum Sproochfloss gedroen, well déi zéng Kuerzgeschichte sinn - mat där enger oder anerer Ausnam - praktesch Prosagedichter, déi sech och grad esou gutt fir Poetry Slam kéinten eegenen.

D'Erzielungen am ''Volk der Freien'' huelen eis mat an d'Welt vun Punkeren, vu Marginalen, vu Mënschen, déi fräiwëlleg mat der norméierter, konformistescher Gesellschaft an enger mat konkrete Knëppelen duerchgesate Staatsgewalt op Distanz ginn, fir hiren Dram vun engem fräie Liewen hei an elo ze erfëllen. Den ''hei'' ass gréisstendeels Berlin, wärend den ''elo'' d'Zäit vun der Weimarer Republik, d'70er Joren oder nach d'Period ëm de Mauerfall ka sinn.

Fiktiv a reell Personnagen

An engem grad esou kuerze wéi - well en de Schlëssel zu senge Geschichte liwwert - wäertvolle Virwuert schreift den Auteur vu ''Wiedergänger'', dat heescht Mënschen, déi am Laf vun der Geschicht am Fong ëmmer erëm dat selwecht wollten. Et si fiktiv Personnagen oder ganz reeller, méi oder manner bekannte Figuren aus dem intellektuelle Liewen, dorënner déi grouss DDR-Schrëftstellerin Anna Seghers ("Das Siebte Kreuz", "Transit"), de Philosoph Ernst Bloch, Auteur vun engem monumentale ''Prinzip Hoffnung'', de Schrëftsteller Gustav Regler oder nach den hermeteschen Dichter Ernst Meister.

Alles Kommunisten, oder Anarchisten - zwou politesch Astellungen, déi sech eigentlech ausschléissen, mee bei deenen et och Beréierungspunkte gëtt. E libertäre Geescht, deen de Bernd Marcel Gonner a sengen Erzielungen opliewe léisst, zum Beispill iwwer eng Kritik vun de politesche Verhältnesser, iwwer déi fräi Duerstellung vun homosexueller Léift, och emol zu méi wéi zu zwee.

Anarchesche Stil

Libertäre Geescht da virun allem och iwwer säi Stil, deen alles anescht ewéi klassesch deskriptiv mat enger novollzéibarer Handlung ass. E kaleidoskopesche Stil, kéint ee soen, mat sengen duerch Associatioune viru gedriwwe Wuertlawinen, eng dacks mëndlech, vum Berliner Dialekt gepräägten Ausdrocksweis, eng Mëschung aus Dialogen a Stream of consciousness, wat alles an allem beim Lieser Biller ouni Enn am Kapp opkomme léisst.

Et versteet ee firwat de Bernd Marcel Gonner 2017 fir säin deemools nach onverëffentlecht Manuskript mam zweete Präis vum Nationale Literaturconcours belount gi war. Mee op dës experimentell Literatur muss ee sech schonn aloossen, an ech verweisen nach eemol op déi zwou Manéieren, wéi ee menger Meenung no un déi zéng Erzielunge vu ''Volk der Freien'' kann erugoen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Jeffrey Palms I'm having a Knippchen
Literatur

En Amerikaner hei am Land wëllt seng ganz subjektiv Vue op déi lëtzebuergesch resp. europäesch Kultur ginn. A sengem Buch "I'm having a Knippchen" schwätzt den Jeffrey Palms dann awer méi iwwer d'USA.

Bernd Marcel Gonner
Grimmia sessitana

De Bernd Marcel Gonner reflektéiert d'Gesellschaft, ouni selwer direkt politesch ze sinn. D'Manuskript "Grimmia sessitana oder Einfache Seligpreisungen" spillt subtil mat philosopheschen Iwwerleeungen.

Radiospräis_2018_100komma7_242c.jpg
Hörspillpräis

De Lëtzebuerger Auteur beandrockt de Jury duerch säi Spill mat Kontraster a mat sengem subtillen Humor. "Wat ass Liewen?", där Fro géif hien a sengem Hörspill nogoen, seet de Bernd Marcel Gonner.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen