Kino Frantz: E previsibelen Nokrichs-Melodrama

Dem François Ozon seng däitsch-franséisch Koproduktioun "Frantz" spilt nom éischte Weltkrich. Et ass d’Geschicht vun enger däitscher Witfra, déi hire Freier während dem 1. Weltkrich verluer huet, an engem fréiere franséischen Zaldot.

Lucie Wahl / jcm

Frantz
Mars Films

Dem François Ozon säi Film ass gréisstendeels schwaarz-wäiss. D'Faarf gëtt punktuell agesat fir d'Emotioune vun de Personnagen ze verdäitlechen. D'Geschicht vum Film ass typesch fir d'Nokrichszäit an dowéinst méi oder manner previsibel. Obwuel d'Konflikter um Ufank vum Film interessant sinn, entwéckelt sech d'Geschicht zimlech séier zu enger regelrechter Schnulz.

Dem François Ozon ass et zwar gelongen, bestëmmte Saache subtil ze erzielen. Well de Film awer op der Schinn vun de klasseschen Nokrichsfilmer leeft, ass de Verlaf net weider iwwerraschend. Nieft der Haaptgeschicht, steet eng konstant Kritik um Nationalismus am Virdergrond. D'Fro vun der Responsabilitéit vun den eelere Generatiounen, déi hir Bouwen un d’Front geschéckt huet, gëtt kontinuéierlech opbruecht. An noeneen aus der franséischer an dann aus der däitscher Perspektiv beliicht.

Schauspilleresch Leeschtunge mat Héichten a Déiften

Zu der Geschicht: D'Anna, gespillt vun der Paula Beer, existéiert ausschliisslech doduerch, datt si hire Freier am Krich verluer huet an alles dru setzt dem Frantz seng Elteren erëm glécklech ze maachen. Och wann d'Paula Beer eng schauspilleresch gutt Leeschtung bitt, fir déi si och de Präis fir déi bescht Nowuessschauspillerin um Filmfest zu Venedeg krut, ass hier Roll dach zimlech iwwerflächlech.

Méi wäit entwéckelt schéngt de Personnage vum Adrien, dee vum Pierre Niney gespillt gëtt. Am Film huet hie mat diverse Konflikter ze kämpfen, an déi pazifistesch Oder vum Ex-Zaldot suergt fir vill Empathie. Och d'Eltere vun der Anna hirem verstuerwene Freier hu méi en déiwe Charakter. D'Schauspill vum Ernst Stötzner a vun der Marie Gruber ass wierklech iwwerzeegend a sensibel.

Eng surreal Stëmmung

De Montage, a virun allem de Wiessel vu schwaarz-wäiss op Faarf, vermëttelt eng surreal Stëmmung, déi am Laf vum Film verstäerkt gëtt. Ligen a Konfusioun ginn doduerch gestäipt a féieren dozou, datt een net ëmmer weess wat d'Wourecht ass a wat net. Dës subjektiv Duerstellung erlaabt dem Publikum e besseren Abléck an d'Gefillswelt vun de Personnagen a kompenséiert zum Deel deen net developpéierte Charakter vum Anna.

Wann een e melodramateschen Nokrichsfilm mat méi oder wéineger originellen Iddie well kucke goen, dann ass de Spillfilm "Frantz" wuel dat richtegt. Ze vill Spannung an Emotioune soll een sech awer net erwaarden.

Méi zum Thema

toni erdmann.jpg
Filmkritik

Deen neie Film vum Maren Ade verbënnt den Eescht vum Liewen mam Esprit vun der Screwball-Komedie an humanisteschstem Nonsense. "Toni Erdmann", d'Gëlle Palm vun den Häerzen, leeft elo am Kino.

The Green Berets
Kino

Vu Propaganda iwwer Kritik bis Verherrlechung, de Vietnamkrich war ee wichtege Sujete am "New Hollywood". Een Iwwerbléck iwwer déi wichtegst Filmer an déi verschidden Approchen zum Sujet.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Noriichten

  • Den 100,7-Klassesall

  • Iwwer Mëtteg

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen