Radioen

On air

Notturno  |  Michael Hurley - Are You Here For The Festival

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kafkaesk, mee och faarweg a witzeg

Literaresch Rares

Kafkaesk, mee och faarweg a witzeg

"Amerika - der Verschollene", dee Roman vum Franz Kafka ass net dat, wat ee vun deem literaresche Ris gewinnt ass. Als méi lieweg a faarweg wéi all seng aner Wierker huet de Schrëftsteller vu Prag d'Buch bezeechent, och wann hie bal dru verzweiwelt ass... Ënnerhalung fir all déi, déi sech net un de "klassesche" Kafka eru woen.

auto_stories

4 min

D'Valerija Berdi recommandéiert mol en anere Kafka

De 16-Joer ale Karl Rossmann gëtt, nodeems hien en Déngschtmeedche geschwängert huet, vu sengen Elteren an Amerika geschéckt. Dem Rossmann seng éischt Renconter mat deem frieme Kontinent ass de Bléck op d'Fräiheetsstatue, déi - senger Beschreiwung no - e Schwäert an d'Luucht hält. Just en Iertum vum Kafka, dee selwer ni déi aner Säit vum Atlantik gesinn huet? Oder huet hie bewosst déi geriichtlech Gewalt a Muecht domat wollte symboliséieren?

Soubal hien am Land vun den onbegrenzte Méiglechkeeten ukënnt fänkt dem Rossmann seng sozial Regressioun un. De Kafka beschreift se an aacht Kapitelen, déi eigentlech och eenzel, vun eneen onofhängeg do stoe kéinten.

De Rossmann verdankt säin Ënnergang eigentlech sengem, an der Schëffskabinn vergiessenen, Prabbeli. Hie vertraut seng Valise engem Friemen un a mécht sech op de Wee an d'Kabinn, verléiert sech awer an den onendleche Gäng a lant da bei engem Heizer. Dee fillt sech ongerecht behandelt a klot dem jonken Haaptpersonnage säi ganzt Leed. De Rossmann lauschtert no, geet sech vehement beim Kapitän fir de Mann asetzen - a vergësst dobäi säi Prabbeli a seng Valise. D'Schëff verléisst hien da mat eidelen Hänn, och den Heizer kritt keng Gerechtegkeet

Leit a Plazen änneren, d'Situatioune bleiwen d'selwecht

Dëst Kapitel ass och als Erzielung eleng publizéiert. Den Optakt vun dësem fragmentaresche Kafka-Roman beschreift dem Rossmann säi Wee duerch eng Geschicht, an där et fir hie kee Weiderkomme gëtt. Wien hie begéint a wou hien hi geet, alles dat ass nei, d'Situatioune bleiwen awer ëmmer déi selwecht:

"Die ganze Geschichte konnte er hier nicht erzählen, und wenn es auch möglich gewesenwäre, so schien es doch ganz aussichtslos, ein drohendes Unheil durch Erzählung eines erlittenen Unrechts abzuwehren. Und wenn er sein Recht nicht von der Güte der Oberköchin und von der Einsicht des Oberkellners erhalten hätte, von der Gesellschaft hier auf der Strasse hatte er es gewiss nicht zu erwarten."

Den Ufank ass ëmmer voller Hoffnung, da kommen d'Malentenduen. Dem Rossmann säi ganz decidéiert Optrieden zerbréckelt lues a lues, an hie steet virun engem neie Vide:

"Für Karl Stand aber doch auf dem Plakat eine grosse Verlockung 'Jeder war willkommen', hieß es. Jeder, also auch Karl. Alles, was er bis jetzt getan hatte, war vergessen, niemand wollte ihm daraus einen Vorwurf machen. Er durfte sich zu einer Arbeit melden, die keine Schande war, zu der man vielmehr öffentlich einladenkonnte! Und ebenso öffentlich wurde das Versprechen gegeben, dass man auch ihn annehmenwürde. Er verlangte nichts Besseres, er wollte endlich den Anfang einer anständigen Laufbahn."

Statist am eegene Liewen

Trotz all den hoffnungslosen Experienzen ass dem Rossmann seng Entwécklung alles anescht wéi pragmatesch. Soulaang hien eppes wéi säi Prabbeli, seng Valise oder d'Foto vu sengen Elteren huet respektiv e Mënsch, un deen hie sech ka klameren, schéngen all d'Evenementer ronderëm einfach laanscht hien ze lafen. Wéi wann hie just e Statist am eegene Liewe wier, an deem en aneren d'Regie féiert an hien, absolut net betraff, déi him bestëmmte Roll géif spillen.

Wou Kafka drop steet ass och Kafka dran, dat ass hei natierlech kloer z'erkennen. Dem Haaptpersonnage seng Geschichten erënneren ëmmer erëm u grujeleg Albdreem, déi hien ëmmer méi déif an d'Ofgrënn vu Grausamkeet an Hëlleflosegkeet zéien. De jonke Mann erwächt awer net total verschweesst, doduerch gewënnt "Amerika" un Humor a léisst esouguer gewësse Parallelen zum Märchen "Hans im Glück" erkennen.

Sozial Mëssstänn beliicht

Obwuel "Amerika" kee realistesche Roman ass, beliicht de Franz Kafka kloer déi sozial Mëssstänn. D'Ausbeutung vun der Aarbechterklass, de Verloscht vun der Individualitéit vum Aarbechter, déi absolut Muecht vun der kapitalistescher Herrschaft. A ganz ähnlech wéi am Charlie Chaplin sengem Film "Modern Times" (1936) gëtt och hei de Misär vun der bëlleger Aarbechtskraaft burlesk duergestallt. Och am Kafka senge Slapstick-Zeenen bleift engem d'Laachen am Hals stiechen...

De Schluss dann, deen am Fong geholl keen ass, hëlt eng ganz onerwaarte Kéier: ee weidert Drambild, allerdéngs voller Faarwen, Musek, Freed an Energie. Sou wéi déi aner Deeler vum Roman ganz dystopesch op de Lieser wierken, erkléngen hei honnerte vun Trompetten zum Himmel erop... Ass de Rossmann ukomm?