Radioen

On air

Notturno  |  Qendresa - Real Luv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frédéric Zeimet gewënnt Radiopräis

100,7 Radiopräis 2015

Frédéric Zeimet gewënnt Radiopräis

De jonken Szenarist huet mat sengem Manuskript JRRIUE déi éischt Editioun vum 100,7 Radiopräis gewonn. Dat ass den Owend annoncéiert ginn. De Radiopräis ass e Concours fir dat bescht Manuskript fir e Radio-Hörspill. Zum Thema “Krieg der Welten” konnte SchrëftstellerInne vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun hir Manuskripter a verschidde Sproochen era ginn. De Präis ass mat 3500 Euro dotéiert an d'Manuskript soll als Hörspill fir de Radio produzéiert ginn.

auto_stories

4 min

De Premier Xavier Bettel, de Szenarist Frédéric Zeimet an d'Presidentin vum radio 100,7 Françoise Poos (©Claudine Bosseler)

Dem Frédéric Zeimet säi Manusktipt gräift d’Thematik vun der aktueller Flüchtlingskris op. Den Auteur beschreift en Szenario an deem e Grupp vu Réfugiéen, déi net méi vun den Duerfbewunner toleréiert ginn, an de Bësch flüchten. D’Wierk weist, wéi schnell Angscht zu engem Ausléiser vu Gewalt ka ginn a Mënsche géinteneen opbrénge kann.

De President vum Jury, de Claude Mangen huet dem Frédéric Zeimet säi JRRUE besonnesch dofir gelueft, dass den Auteur et fäerdeg bruecht huet, déi politesch a sozial Ëmstänn vun der Migratioun an eng spannend Form ze bréngen.

 (vu l. no r.) Guy Arendt, Buergermeeschter vu Walfer, Jean-Paul Hoffmann, Direkter vum 100,7, Xavier Bettel, Premier,  Françoise Poos, Presidentin vum Verwaltungsrot vum 100,7 (©Claudine Bosseler)

Déi sonor Atmosphär als Orientatioun

No der Präissiwwerreeschung huet de Frédéric Zeimet am Interview mam Nathalie Bender erkläert, fir hie wier et eng ganz nei Erfahrung gewiescht ee Manuskript fir de Radio ze schreiwen. De Film-Szenario ass fir hien eng ganz aner Disziplin, ewéi d'Hörspill. D'Orientatioun géif dann net dat Visuellt ginn, mee déi sonor Atmosphär.
 
Inspiréiert gouf de Szenarist vun den Evenementer 2010 an der süditalienescher Stad Rosarno, iwwer déi och an de Medie bericht gouf. Deemools goufen illegal afrikanesch Aarbechter vun der lokaler Populatioun verjot an hu missen an engem Bësch Refuge sichen. Dës Aarbechter, déi op de Plantagë schaffen, si léiwer ouni Iessen an Drénken am Bësch bliwwen, ewéi erauszekommen an sech der Gewalt auszesetzen. Dës Noriicht huet de Frédéric Zeimet op déi lëtzebuerger Musel - seng Heemecht - transposéiert, an dorop säi Radiospill opgebaut.

(vu l. no r.) Claude Mangen, President vum Jury, Jacques Santer, Éierestaatsminister, Simone Beck, Member vum Jury, Nico Helminger, Schrëftsteller (©Claudine Bosseler)
 
Den Auteur huet säin Text op Franséisch verfaasst, mat Passagen op engem "phoneteschen Arabesch”. Den Titel vum Manuskript "Jrriue" ass eng phonetesch Transkriptioun vum arabesche “Laaft!”. Et ass eng ganz fräi Transkriptioun, betount de Frédéric Zeimet: "Op déi Aart a Weis et ze schreiwen, kréie meng arabesch Kollege sécher eng epidermesch Reaktioun."

Zur Persoun

De Frédéric Zeimet, Joergang 1983, ass professionelle Szenarist. Hien ass vu lëtzebuergesch-belscher Nationalitéit an huet zu Bréissel Konscht, Archeologie an och Screenwriting studéiert. Während sengem Master huet hien ënnert der Tutelle vum renomméierte Regisseur Luc Dardenne de Szenario fir de long-métrage “Le Juge et son bourreau” geschriwwen, deen ënnert anerem fir de Forum des Auteurs 2010 sélectionéiert gouf. Mä och eng Réi weider Dréibicher vum jonke Scénarist goufen ausgezeechent, esou zum Beispill “Chère Maman, Cher Papa” (Prix spécial du Jury beim Prix Junior du Meilleur Scénario). De Frédéric Zeimet ass och deen éischten Auteur deen zwee Mol hannertenee fir d’Nuit Blanche du Scénario zu Cannes selectionéiert gouf.

De Frédéric Zeimet bei senger Ried (©Claudine Bosseler)

Zu Lëtzebuerg ass de Frédéric Zeimet keen onbekannt Gesiicht. Hien war Co-Auteur vum Film “Doudege Wénkel”, deen 2012 an de Lëtzebuerger Kinoe gelaf ass an e war Auteur a Co-Showrunner vun der RTL Serie "Comeback.” Donieft ënnerriicht de Frédéric Zeimet och: Hien ass Tuteur fir de Master d’Ecriture vum Institut national supérieur des arts du spectacle, kuerz INSAS, zu Bréissel an zu Lëtzebuerg ass hien Enseignant fir de BTS Cinéma et Audiovisuel am Lycée Technique des Arts et des Métiers. 2010 huet de Frédéric Zeimet d’Gesellschaft “Six Letters” gegrënnt, déi sech op d’Entwécklung vu Dréibicher fir Kino an Televisioun spezialiséiert.

No der Remise vum Präis huet de Frédéric Zeimet aus JRRUE gelies: