Radioen

On air

Kultur um 5  |  Le Vibe - Dream

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Freed a Leed fir Elengerzéienden d'selwecht, ob Mamm oder Papp"

Film

"Freed a Leed fir Elengerzéienden d'selwecht, ob Mamm oder Papp"

Den esteschen Drama "Take it or leave it" setzt ee jonke Papp an Zeen, dee sech eleng ëm säi Puppelche muss bekëmmeren. De Film leeft an der offizieller Kompetitioun vum CinEast-Festival. Interview mat der Realisatrice Liina Triškina-Vanhatalo.

auto_stories

5 min

Den Eric ass een 30 Joer ale Bauaarbechter aus Estland, deen op Chantieren do iwwer a Finnland säi Brout verdéngt. Enges Daags gëtt hie gewuer, datt seng Frëndin ee Kand op d'Welt gesat huet. Déi jonk Fra, mat där hie sech net méi gutt versteet, wëll d'Kand awer net behalen. Dem Eric bleift näischt aneschters iwwreg, wéi sech selwer drëms ze bekëmmeren. Bis op Weideres...

Interview mat der estescher Realisatrice Liina Triškina-Vanhatalo:

Interview Liina Triskina-Vanhataloplay_arrow

Michel Delage: Den Haarden, deen op eemol elengerzéiende Papp gëtt, dat ass gewéinlecherweis éischter ee Sujet fir Komedien. Dir hutt dorausser awer een Drama gemaach. Firwat?

Liina Triškina-Vanhatalo: Et ass méi interessant, ganz einfach. Am Drama kann et och Elementer vun der Komedie a vun der Tragedie ginn. Iergendwéi wollt ech ee Film maachen, deen um emotionale Plang wouer ass a beweegt. D'Komedie war fir mech ni eng Optioun.

Dir sot selwer, datt et och Elementer vu Komedie dra gëtt. Vläicht ass dat an esou engem Film och net ze verhënneren...

Ech menge schonn. Wann ee sech mat Kanner beschäftegt, huet een all Dag esou witzeg Momenter. Wann een d'Kanner vun der Säit kuckt, dann ass dat schonn eng grouss Komedie.

War et Äert Zil, Stereotyppen ëmzekéieren, an ze weisen, datt esou Situatiounen duerchaus och Männer kënne passéieren?

Jo. An Estland hu mer vill elengerzéiend Mammen, méi wéi a Westeuropa, aus wéi engem Grond och ëmmer. Dës Situatioun an engem Spigel reflektéiere bréngt de ganze Problem vun elengerzéienden Elteren ëmsou besser zum Virschäin. Um Enn ass et egal, ob Dir een elengerzéiende Papp oder eng Mamm sidd. Freed a Leed sinn a béide Fäll d'selwecht.

Kéint de Film net och eng Lektioun fir Männer sinn, fir hinnen ze weisen, wat elengerzéiend Mamme mussen erdroen?

Jo. Gëschter nach ass ee Spectateur bei mech komm, fir mer ze soen: "Et ass komesch, mee elo verstinn ech d'Frae vill besser". Wéi ech hie gefrot hunn, firwat, sot en: "Wier den Haaptpersonnage eng Fra gewiescht, dann hätt ech net esou genee drop opgepasst."

Reimo Sagor (Foto: CinEast)

Dir kommt aus dem Beräich vum Documentaire. Dat heiten ass elo Ären éischte Fiktiounsfilm. Wéi ass Är Erfarung als Realisatrice vun Documentairen hei zum Droe komm?

All Zort vu Filmerfarung ass nëtzlech fir deen nächste Film ze maachen. Wichteg war fir mech den Aspekt vun der Glafwierdegkeet. Dee realistesche Filmstil, déi realistesch Schauspillerei ass wahrscheinlech op mäin Hannergrond zeréckzeféieren.

Erzielt eis eppes iwwert d'Grenz tëschent Estland a Finnland, de Film spillt jo deelweis an deem Kader. Gëtt et vill Esten, déi - wéi den Haaptprotagonist vum Film - a Finnland schaffen?

Jo. Et gëtt der schätzungsweis iwwer 100.000. Estland ass ee klengt Land, mat eppes iwwert enger Millioun Awunner. Et sinn der also vergläichsweis vill, déi a Finnland schaffen. Verschiddener sinn offiziell agedroen, anerer net. Nach anerer zéie mat hire Familljen dohinner. Et gëtt der, déi Méindes Moies mat der Fär dohi fueren, an nees Freides Owes zeréckkommen. Et ass vill Verkéier am Golf vu Finnland. Dat betrëfft virun allem Männer: déi meescht komme vu méi klenge Stied oder vum Land, wou et schwéier ass, eng Aarbecht ze fannen.

"Den Tournage hu mer no de Besoine vum Kand gereegelt"

Wéi ass dat, wann een an engem Film mat Kanner, virun allem mat Puppelcher schafft? Ech ka mer virstellen, datt et als Mamm net evident ass, fir ee Kand, dat grad gebuer ass, fir e Film zur Verfügung ze stellen...

Jo, dat ass gutt méiglech. An eisem Fall hate mer scho fréi no engem Kand gesicht, andeems mer schwanger Fraen an de Casting geruff hunn. Vill Familljen, wéi se héieren hunn, datt et fir een zimlech laange Projet wier, soten natierlech Nee. Nëmmen e puer Deeg virum Ufank vum Tournage hate mer d'Nora fonnt. Seng Eltere ware Kollege vun engem Frënd vun engem Frënd...

Et war der Koppel hiert éischt Kand, a se waren esou relax! Fir si war et eng Aventure. Fir eis war et, wéi wa mer den Jackpot gewonnen hätten! Problemer goufen et praktesch keng. Béid Elteren oder och just d'Mamm waren ëmmer um Filmset präsent. Den Tournage hu mer no de Besoine vum Kand gereegelt. Et kann ee jo net vun engem Kand, dat ee Mount huet, erwaarden, datt et waakreg ass wann et schlofe muss, oder datt et ësst wann et keen Honger huet. Mir hunn d'Zeenen also no sengem Zäitplang organiséiert.

Et ass bestëmmt eppes ganz Spezielles, fir mat esou jonke Schauspiller ze schaffen?

Op eng Manéier war et esouguer méi einfach, mam Puppelchen ze schaffen, wéi mam dräi Joer jonke Kand [dat de Puppelchen am Film dräi Joer méi spéit spillt]. Well dat Kand huet jo schonn ee Wëllen... Mat him war et méi komplizéiert.

Schafft Dir schonn un engem neie Projet? Wëllt Dir an Zukunft op där Schinn vu sozialen Dramae weiderfueren oder eppes aneschters maachen?

De Moment hunn ech de Kapp nach voll mat deem heite Film, ech hunn nach keen neie Projet, an deen ech mech scho muer kéint stierzen. Mee meng Saach ass ganz bestëmmt déi Zort vun zäitgenësseschen Dramaen. Geschicht a Fantasy sinn net onbedéngt meng Sujeten..

Huet dat mat Ärer Vergaangenheet als Realisatrice vun Documentairen ze dinn?

Ka sinn... Mee dat sinn déi Filmer, déi mech selwer och interesséieren, déi sech hei an elo ofspillen, dat heescht och an anere Länner a Gesellschaften. Ech selwer sinn - mengen ech - och éischter "hei an elo"...