Kino Frësch vu Cannes an Äre Kino

De Bléck op déi nei Kinosprogrammatioun léisst op Summer deiten. Dat ka Schlechtes bedeiten. Muss et awer net automatesch. Den Highlight vun der Woch ass ee slicken Erotikthriller vum François Ozon.

Tom Dockal / ys

L'amant double
L'Amant double vum François Ozon

De François Ozon léisst näischt ubrennen. Lescht Joer war hie mat Frantz opgefall. Säin neie Film heescht L'Amant double a kënnt ganz frësch vu Cannes. D'Marine Vacth, dat mam Ozon am Film Jeube & Jolie zu enger Notoriéteit fonnt huet, spillt hei d'Chloé. Eng jonk, fragil Fra, déi sech an hire Psychiater verléift. Firwat net, wann de Psychiater de Jérémie Renier ass. Déi zwee ginn zesumme wunnen. Et stellt sech awer eraus, datt säin Amant op d'mannst en Deel vu senger Identitéit verheemlecht. De Film ass leschte Weekend zu Cannes zwar eidel ausgaangen, d'Kritike stinn dësem slicken Erotikthriller awer ganz gnädeg géigeniwwer. A bei aller Maîtrise soll sech den Ozon net all ze eescht huelen.

L'Amant double ass de Coup de coeur-Film vum radio 100,7 vum Juni.

L'amant double

Wann een de Groundhog Day mam Carrie géif vermëschen, dann hätt een ënner Ëmstänn Before I Fall vum Ry Russo-Young. D'Realisatrice verfilmt e Bestseller aus dem Genre Young Adult Literature aus der Fieder vum Lauren Oliver. Et geet ëm eng jonk Fra, vu perfekte Frënn an dem perfekte Frënd ëmginn, déi hire potenzielle leschten Dag op dëser Äerd an enger Endlosschläif ëmmer nees nei erlieft. Si muss also unhand vun deem engen Dag hiert ganzt Liewen an hir Decisiounen a Fro stellen. De formale Kader ass natierlech ausgelutscht. De Film bréngt et awer anscheinend fäerdeg, fir eng propper Geschicht ze zielen.

Before I Fall

Manner gutt mengen d'kritesch Echoen et mam Michael Apted sengem neie Thriller Unlocked. D'Noomi Rapace, dat virun zwou Wochen nach am neie Ridley Scott-Alien huet dierfen optrieden, spillt d'Haaptroll an dësem Agententhriller. Obwuel si am Fong degradéiert ass, gëtt si engagéiert fir e potenziellt biochemescht Attentat zu London ze verhënneren. Lues a lues kritt si d'Gefill, datt sech eng Konspiratioun bis ganz erop an de Geheimdéngscht geschlach huet. Toni Collette, John Malkovich, Michael Douglas an Orlando Bloom si mat dobäi. Richt no engem Job fir de Goss a manner fir e prestigiéisen CV.

Unlocked

Am Documentaire Free Speech Fear Free stelle sech déi britesch an däitsch Realisateuren der Fro, wat et mat der Notioun Meenungsfräiheet op sech huet. Wat déi Fräiheet bedeit, an ob e Liewen ouni d'Meenungsfräiheet iwwerhaapt méiglech ass? D'britesch Insel a Wäissrussland ginn an deem Kontext am Film verglach. Et kommen zu Wuert, ënner anerem den Jacob Appelbaum, den Julian Assange an den Jude Law. Firwat net.

Free Speech Fear Free

D'franséisch Komedie vun der Woch kënnt vum Valérie Lemercier, dat sech selwer fir Marie-Françine inzenéiert. Vum Mann fir ze al empfonnt an ouni Aarbecht, muss der Lemercier hire Personnage mat 50 nees bei hir Eltere wunne goen. Vu Moies bis Owes wéi e Kand behandelt, léiert si iergendwann e Mann kennen, dee genee an där nämmlechter Positioun ass. Wéi hir eventuell Léift ouni Haus soll funktionéieren, dat ass dann eng aner Fro.

Marie-Françine

D'nächst Woch ass Päischtvakanz, dofir programméiert Kinepolis fir déi kléng Spectateuren nees altersgerecht Animatiounsfilmer. Déi sinn dës Vakanz exklusiv Computeraniméiert: de Bob de Baumeeschter ass nees do, an an engem anere Film geet et ëm en Holzbengel, deen nees bei seng Holzbengel Famill well zeréck kommen. Wéi gesot, fir déi ganz Kleng.

Méi zum Thema

Stefan Henkes
Film

De Stefan Henkes war Set dresser a Stand-by fir d'Aussenzeene vum neien Alien-Film. Hien huet souwuel déi spektakulär Landschaft vu Neuseeland awer och kënschtlech Planzen an Zeen gesat.

Okja1.jpg
Filmfestival Cannes

De südkoreanesche Film "Okja" vum Regisseur Bong Joon-ho huet zu Cannes um Filmfestival an der Haaptkompetitioun fir grouss Opreegung gesuergt, well e vun der Streaming-Plattform Netflix finanzéiert gouf.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen