Radioen

On air

Notturno  |  C'est Karma - Post (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëscht Dram a Realitéit

Literaresch Rares

Tëscht Dram a Realitéit

De véierten Auteur an eiser Summerserie ass de Friedo Lampe. Den däitsche Schrëftsteller huet just dräi Wierker verfaasst, iert en duerch en Iertum erschoss ginn ass. Eng cinéastesch Erzielperspektiv, e magesche Realismus, atmosphäresch Stëmmungsbiller an en avantgardistesche Stil zeechnen dëse vergiessene Schrëftsteller aus.

auto_stories

4 min

"Am Rande der Nacht", "Septembergewitter" a "Von Tür zu Tür" sinn di eenzeg dräi schmuel Bänn, déi ee vun dësem groussaartegen Auteur liese kann. Derbäi kënnt nach d'Editioun vu sengem Gesamtwierk mat senger Ballade "Das dunkle Boot" an e puer Gedichter.

De Friedo Lampe ass a Vergiessenheet geroden. Obwuel seng Wierker nei opgeluecht goufen. An obwuel den Alfred Andersch, Herrmann Hesse a Wolfgang Koeppen sech dofir agesat hunn, dësem Schrëftsteller déi verdéngten Unerkennung zoukommen ze loossen.

Dobäi ass de Lampe esou fortschrëttlech a sengem Stil an am Choix vu sengen Themen, wéi bal keen aneren Auteur vu senger Generatioun. A säin Afloss op de Koeppen, den Hesse an den Andersch ass och an der Literaturwëssenschaft confirméiert.

Mat Kamera a Spektiv

1932, während senger Aarbecht un "Am Rande der Nacht", huet de Lampe an engem Bréif u säin Editeur de Stil vun der Erzielung esou beschriwwen: "Lauter kleine, filmartig vorübergleitende, ineinander verwobene Szenen: Alles leicht und fließend, nur ganz locker verbunden, malerisch, lyrisch, stark atmosphärisch."

Kuerz no der Publikatioun ass dëse Roman dann 1933 vun den Nazien verbuede ginn. Homo-erotesch Bezéiungen a sexuell Wonschdreem an dat och nach an engem avantgardistesche Stil, hunn net de literareschen Idealer vun deem Regime entsprach.

Dem Lampe seng Prosa huet vill Gemeinsamkeete mam John Dos Passos sengem groussaartege Roman "Manhatten Transfer" (1925): Déi cineastesch Erzielelementer, dat kuerzt, intensiivt an expressiivt Afänke vu Liewenssituatiounen, wéi mat enger Kamera, iert den Objektiv sech op di nächst Szeen fokusséiert.

Den Éischte Weltkrich, een Donnerwieder

Dës Erzielperspektiv kënnt am "Septembergewitter" wonnerbar zum Virschäin. An dësem schmuele Band reesen dräi Leit an engem Ballon iwwert eng Stad. Si kucken duerch eng Spektiv e kréien doduerch kuerzen Abléck an d'Liewe vun den diversen Awunner vun dëser Stad. All Sequenz huet hir eege Kuliss, d'Protagoniste gi just skizzéiert an d'Geschichten zesummen erginn e Panorama vun obskuren, skurrillen a grotesken Alldagssituatiounen.

"Septembergewitter" spillt sech an enger norddäitscher Stad of, kuerz virum éischte Weltkrich. D'Symbolik ass kloer: D'Rees mam Ballon gëtt un engem waarme Spéitsummerdag gemaach, kuerz virun engem Donnerwieder a Stuerm.

Magesche Realismus

De Lampe huet seng Literatur der Stréimung vum "magesche Realismus" zougeuerdent. Besonnesch a sengen Erzielungen "Von Tür zu Tür" schreiwt hien iwwert eng Welt tëscht Realitéit an Dram, wou d'Iwwergäng ni kloer sinn a grad sou onkloer ass, wat Fantasie a wat Realitéit ass.

Et sinn traureg Geschichten. Divers Sequenzen erënneren u Mäerecher, fir dann nees séier an dat reellt Liewen zréckzefalen. Dem Lampe seng Welt ass net onbedéngt pessimistesch, mee éischter vun enger dramhafter Melancholie duerchwuess:

"Schnell schrumpfte die Erde zusammen, wurde kleiner und kleiner, war nur noch eine Apfelsine, ein Fleck, ein Punkt, zerlöste sich in Nichts - und Doktor Kinowa flog dahin, durch den Äther über Wolkengebirgen, höher und höher, am Mond vorbei mit seinen bleichen, toten Kraterlandschaften, an Mars, Venus und Orion, an drehenden Sonnen und Planeten vorbei, immer schneller und schneller, Kometen zischten vorüber, Sterngruppen tanzten hell klingend ihre Reigen, und die Sternentänze verbanden sich zu Kreisen und Figuren."

Am Krich gefall, mee keen Zaldot

"Ich habe eben immer Pech mit meinen Büchern", huet de Lampe emol gesot. Leider huet dat net just fir seng Literatur gestëmmt. D'Publikatioun vu sengen Erzielunge "Von Tür zu Tür" huet hien net méi erlieft: Sechs Deeg virun der Kapitulatioun vun Hitler-Däitschland ass hien am Alter vu 46 Joer vun engem sowjeteschen Zaldot erschoss ginn, deen de Lampe fir en SS-Mann gehalen huet. Dobäi war de Lampe ni an de Krich agezu ginn, well hien no enger schwéierer Kannerkrankheet a net méi richteg goen konnt.

Iwwer Nazi-Däitschland huet de Lampe geschriwwen: "Man sieht die alte Welt aufbrennen. Die Menschen haben selber das Feuer heraufbeschworen, um sich zu verbrennen und zu vernichten. Sie haben Recht und Freiheit nicht mehr zu schätzen gewußt, nun müssen sie es durch diese bitteren Erfahrungen wieder lernen." Seng Kuerzgeschichten, déi am Buch von Tür zu Tür eraus komm sinn, spigele genau dës düster Stëmmung, vun där den Lampe ergraff war.

De Friedo Lampe hat wierklech Pech am Liewen. Mee de Lieser huet déi immens Chance, seng Literatur ëmmer an ëmmer erëm nei entdecken ze kënnen.