Radioen

On air

Notturno  |  The Good, The Bad & The Queen - Merrie Land

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frustratioun an Hoffnungslosegkeet

Luxfilmfest

Frustratioun an Hoffnungslosegkeet

"Holiday" vun der Isabella Eklöf beschäftegt sech mat den ongläiche Muechtverhältnisser tëscht Mann a Fra. Inspiréiert un Erliefnisser aus dem richtege Liewe vun der dänescher Realisatrice, erkläert si am 100,7-Interview.

auto_stories

4 min

Isabella Eklöf

MP: "Holiday" beschäftegt sech mat den ongläiche Muechtverhältnisser tëscht Mann a Fra. Och schonn an ärem vireschte Film stoung dëse Sujet am Mëttelpunkt. Wat interesséiert Iech sou staark dorunner?

IE: Et ass en Thema, mat deem ech ëmmer geschafft hunn. Et ass en Thema, dat ech während mengem ganze Liewe gespuert hunn. Wou ech mech machtlos gespiert hunn. 50 Prozent sozial a 50 Prozent existenziell Verzweiwlung, net amstand den Himmel unzepaken.

Ech sinn an enger immens dominanter Famill opgewuess. Keng modern Famill, mä eng Famill, an där d'Elteren d'Soen haten. Ech sinn an den 80er opgewuess, dat war och schwéier. Et war eng sexistesch Gesellschaft iwwerall. Meedercher goufen erof gemaach, virun allem, wann een net gutt ausgesinn huet. Ech hu vill Frustratioun an Hoffnungslosegkeet vun do.

Äre Film koum grad zu deem Zäitpunkt eraus, wéi déi ganz Affär ronderëm de Weinstein ëffentlech gouf. Gesitt Dir dat als en Zeechen?

Et ass witzeg, well wéi mäin éischte Film erauskoum, war grad d'Affaire Fritzl. Ech hu mech gefrot: wéi kann dat sinn? Anscheinend hunn ech e gutt Gefill fir Timing.

De Film ass keen typesch feministesche Film. D'Haaptprotagonistin bleift während der ganzer Geschicht zimlech passiv. Och si mécht net alles richteg ...

Jo, ech mengen datt déi super-Hero-Frae-Charakteren genee sou sexistesch sinn, wéi all déi aner. Well si setzen d'Fraen op en Träpplek a maachen eppes doraus, wat net realistesch ass, wat net human ass. Ech hätt gäre Charaktere mat Schwächten. An et ass normal, datt wann eng Persoun net an der staarker Positioun ass, dann ass et och net si, déi d'Aktioun virundreift.

D'Haaptprotagonistin hätt jo awer de Choix gehat, fortzelafen oder net?

Ech mengen op engem philosophesche Level hu mir net esou vill Choixe wei mir mengen. An op engem méi soziale Level maachen d'Leit alles, fir z'iwwerliewen. An hei war et vläicht sou, datt si net wollt eleng sinn, oder vläicht hat si keng Suen. Mir kennen eis dat alles virstellen. Mä dat interessant ass, wéi mir mat der Situatioun ëmginn, net wisou mir dra sinn.

Et ass awer och eng Fro vun der Responsabilitéit. Et kéint ee jo soen, et wier hir eege Responsabilitéit fir ze soen, ech well dee Luxus net méi, ech well een normaalt anert Liewen?

Jo, ech mengen, d'Chacha ass schwaach an et hellt schwaach Choixen. Mir sinn alleguerte schwaach. A mir mussen eis géigesäiteg verzeien.

D'Chacha sicht säi Gléck bannent engem Grupp vu Gangsteren. Eng Band, déi wéi eng Famill fir hat gëtt. Hat sicht en Doheem. Wou huet Dir Iech inspiréiert, fir deen Abléck an dat Gangsterliewen ze kréien?

Dat ass ganz reell. D'Inspiratioun kennt aus dem richtege Liewen. A Skandinavien gëtt et ee groussen Drogebusiness, dat ass den Alldag.

War et wichteg fir Iech, dat Gangsterliewen aus den Ae vun enger Fra ze beschreiwen?

Jo an ech fannen Actionfilmer zimlech langweileg. Dat ass ëmmer dat selwecht. Ech wollt also een aneren Aspekt weisen, dee méi interessant ass, duerch d'Ae vun enger Fra eben.

D'Chacha muss a senger neier Famill verschidde Reegele befollegen ... ass dat fir Iech och e wichtegen Aspekt?

Jo, ech sinn obsedéiert vu Reegelen. Ech froe mech ëmmer, op mir als Societéit déi richteg oder déi falsch Reegelen hunn. An déi falsch Reegele kenne verschiddene Leit wierklech a Schwieregkeete bréngen. An engem falsche System sinn, dat kann eng Persoun briechen.

De Film stécht duerch säi Visuellt eraus. Et sinn immens staark flashy Faarwen. Et ginn net vill Close ups. Wisou?

Ech hu close ups net gären. Well ech mengen, datt eppes fake ass, wann een eng Persoun vun no filmt a mengt, et kéint een doduerch erausfannen, wat déi Persoun denkt. Ech hunn e long Shot also léiwer, do wou een d'Leit gesäit mateneen interagéieren ... do gesäit ee fir mech déi richteg Wourecht.


"Holiday" leeft an der Haaptkompetitioun vum Luxfilmfest

Lauschterenplay_arrow