Radioen

On air

Notturno  |  Mina - Eclisse Twist

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gao, den totalen Artist

Nobel-Laureat

Gao, den totalen Artist

Bekannt ass deen als Fransous naturaliséierte Gao Xinjiang viru 16 Joer ginn, wéi hien - als deemools onbekannte Schrëftsteller - mam Nobelpräis fir Literatur ausgezeechent gouf. De villsäitege Kënschtler war dëser Deeg zu Lëtzebuerg fir eng Vernissage an d’Presentatioun vun engem Film.

auto_stories

5 min

Gao Xinjiang (Foto: CC Jwh)

Schrëftsteller, Dramaturg, Metteur en scène, Essayist, Moler, Cineast: wéi deelt ee sech do an? “Ech muss meng Agenda dacks zwee Joer am viraus plangen. Et erwaarde mech ze vill Projeten, déi mech och intresséieren”, sot de Gao Xinjiang am Gespréich mam Valerija Berdi. Allerdéngs kéint hien d’Projeten nëmmen een nom aneren an Ugrëff huelen. Dat lescht wier eng Serie vun neien Tableaue fir d’Stater Galerie Simoncini (nach bis de 15. Oktober ze gesinn) gewiescht. “Zënter 27 Joer hunn ech keng Vakanz!”

Mee de Laureat vum Literatur-Nobelpräis 2000 gesäit seng Aktivitéit net als Beruff un. “Et ass eng Leidenschaft. Ech spieren, datt ech et muss maachen, soss maachen ech et net”. Wann ee mengt, et hätt een eppes ze soen, da misst een dat maachen, ouni un eng Verëffentlechung ze denken. Sou wéi dat schonn an der Antiquitéit de Fall war. “Et schreift ee fir d’alleréischt fir sech selwer”. De Gao hätt näischt géint eng kommerziell Literatur auszesetzen. “Donieft gëtt et awer nach eng aner Literatur: eng déifgrënneg, eng wierklech eescht Literatur, fir déi et sech lount, ee Liewe laang drun ze schaffe fir se ze realiséieren”.

Exil no Tiananmen

Den haut 76 Joer ale Gao war 1989 zu Paräis, wéi op der Tiananmen-Plaz zu Peking d’Studentemanifestatioune brutal vun der Regierung néiergeschloe gi waren. Zeréck a säi Land ass hien zënter deem net méi gaangen. “Scho virdru war ech a China zenséiert ginn.” Fir hien ass et evident, datt hien net méi zeréck ka goen. “Et hätt och souwisou kee Sënn. Frankräich huet mech häerzlech empfaangen, ech hunn déi franséisch Nationalitéit kritt, ouni Problem. Ech wunnen zu Paräis, et ass mäin doheem”, seet de Gao, a fänkt no där leschter Remarque u mat laachen. Famill a Bekannten hätt hie keng méi a China.

Zënter sengem franséischen Exil géif hien d’Fräiheet genéissen, sech an all dëse kënschtlereschen Disziplinne kënnen auszedrécken. Dorënner Prosa wéi säi bekannte Roman “La Montagne de l’âme”, dräi Filmer, wéi säi leschten, “Le Deuil de la beauté”, un deem hie siwe Joer geschafft huet, eng Oper...

“Dräi Deeg an dräi Nuechten un engem franséische Saz geschafft!”

D’Theaterstéck “Aux Portes de la vie” hat de Gao direkt op Franséisch geschriwwen, eng Commande vum franséische Kulturministère. “Et gëtt kee Grond méi, fir nach op chinesesch ze schreiwen. Et gëtt kee chinesesche Public, wéinst der Zensur”. Déi franséisch an déi chinesesch wieren zwou ganz ënnerschiddlech Kulturen, d’Sproochen léichen nach méi wäit auserneen.

Dem Kënschtler géif et awer immens schwéier falen, sech an där Sprooch auszedrécken, déi net seng Mammesprooch ass. “Et huet mech zéng Mol méi Efforte kascht, fir mäin éischt Stéck op Franséisch ze schreiwen.” Deen éischte Saz vum Stéck (aus engem Monolog) war bal eng Säit laang. De Gao huet drop gehalen, dee Saz an enger propperer, gutt strukturéierter Sprooch ze schreiwen. Fir ze weisen, datt hien et kéint. “Ech hunn dräi Deeg an dräi Nuechten dru geschafft!” Trotz der Aarbecht gesäit de Schrëftsteller dëse Sproochewiessel als ee spannend Abenteuer un.

Romaner géif hien elo keng méi schreiwen, domat hätt hien ofgeschloss. Säi bekanntsten, “La Montagne de l’âme”, beschreift déi spirituell Rees vum “je”, vum “tu”, vum “il”, vum “elle” duerch d’Kultur, d’Traditiounen an d’Legenden. Den “tu”, beispillsweis, ass op der Sich no der Séil vum Bierg. “Jiddereen huet eng Séil, op en sech däers bewosst ass oder net. De Schrëftsteller ass sech där Sich, där laanger banneschter Rees bewosst.”

Appell fir eng Renaissance vun der verstuerwener Schéinheet

De Film “Le Deuil de la beauté”, deen de leschten Donneschdeg an der Cinemathéik gewise gouf, bezeechent de Gao Xinjiang als “ciné-poème”. Ee Film ouni Erzielung, ouni Fiktioun, “esou fräi wéi ee Gedicht”. Och keng definéiert Rollen, mee eng 40 Schauspiller, Dänzer, Sänger, Akrobaten, déi nom Casting vun ongeféier 1.000 Kandidaten iwwreg bliwwe sinn, fir dësen “totalen Akt” um Ecran ze vollbréngen.

“Et ass een Hommage un den universelle Patrimoine. Mee och eng Kritik un der aktueller Gesellschaft”, seet de Gao. D’Politik an d’Publicitéit hätten alles eruewert, op Käschte vun der Schéinheet. “Dëse Film ass een Appell fir eng Renaissance. Et muss een zeréck fannen zum Sënn fir d’Mënschlechkeet, zum Sënn fir d’Schéinheet”.

“Wéi realiséiert een an der Molerei wat flou an däischter ass?”

Schonn als Kand hätt de Gao Xinjiang gemoolt. Nom Dout Mëtt de 1970er Jore vum chinesesche Leader Mao Zedong, war hie fir d’éischte Kéier zu Paräis. Do hätt hien de Louvre entdeckt, mat senge Meeschterwierker vun der okzidentaler Molerei, “déi et a kengem Musée a China gëtt”. Doropshin Italien... “Meng eege Molerei, huet déi nach iergend ee Sënn?”, laacht de chinesesche Kënschtler.

De Pinsel hat hien no dëser Erfahrung fir eng Zäit op d’Säit geluecht, fir sech Gedanken ze maachen iwwert säin eegene Wee als Moler. D’Resultat vun dësem Denkprozess: zeréck zur “encre de Chine”, iergendwou tëschent enger abstrakter an enger figurativer Ausdrocksweis, mam Zil, d’Bannewelt, d’Dreem duerzestellen. “Wéi realiséiert een an der Molerei, wat éphémère ass, sech verännert, onméiglech ass opzefänken, wat flou an däischter ass?”. Déi schwaarz Tënt, sou de villsäitegen Artist, wier perfekt, fir dës bannescht Visioun kënschtleresch ze realiséieren.

De Gao Xinjiang am Gespréich mam Valerija Berdiplay_arrow