Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geet d'Schreiwen zu Lëtzebuerg ouni Solidaritéit?

Vu Beruff Schrëftsteller

Geet d'Schreiwen zu Lëtzebuerg ouni Solidaritéit?

De Lëtzebuerger Literaturmarché ass net grouss genuch, fir datt ee vum Schrëftstellerberuff liewe kann. Misst dann net d'Solidaritéit ëm sou méi grouss geschriwwe sinn?

auto_stories

3 min

Valerija Berdi

De fënnefte LiteraturLabo huet et op en neits bewisen: d'Literatur zu Lëtzebuerg lieft. Am Ratelach vun der Escher KUFA war e bonte Koup zesummekomm, deen eent verbënnt: d'Literatur. Et war flott, mol eng Kéier dee ganze Biotop a senger Diversitéit beieneen ze hunn: Vertrieder vu Verlager a vu Medien, Ministèren a Fongen, Bibliothéiken a Literaturhaiser. Déi, déi d'Literatur verkafen, promouvéieren, kritiséieren, finanzéieren a produzéieren.

Lëtzebuerger Marché ze kleng

Et war eng lieweg Diskussioun déi gewisen huet, datt vill Informatiounen net esou einfach accessibel sinn. Datt de Lëtzebuerger Marché einfach net grouss genuch ass, fir datt een als Schrëftsteller vu sengem Schreiwe liewe kann. An datt u sech jiddereen un der Literatur verdéngt, just net déijéineg, déi se a ville Stonnen, Deeg, Méint oder souguer Joren verfaassen. Dat si jo alles u sech keng nei Erkenntnisser an déi gëllen net just fir Lëtzebuerg.

De japanesche Schrëftsteller Haruki Murakami huet sech a sengem kierzlech publizéierte Buch "Von Beruf Schriftsteller" iwwert dës Mënschespezies ausgelooss. Hie gesäit d'Auteuren als Wrestling-Kämpfer, well do u sech jidderee matmaache kann. Jidderee kann an de Ring klammen, den Defi ass et, sech sou gutt wéi méiglech ze schloen, fir net direkt erëm erauszefléien. Ee villäicht brutale Verglach, ech gesinn eis schreiwend Zunft éischter als friddlech. Mee anerersäits war awer kierzlech bei Kollege Rieds vum Weise vum Mëttelfanger bis d'Begéisse mat Wäin, als Reaktioun op negativ Buchbespriechungen.

Schrëftsteller, en Eenzelkämpfer

Mä zréck beim Murakami seng Beschreiwungen. Ech muss dem gudde Mann vläicht op engem Punkt Recht ginn: Schrëftsteller sinn Eenzelkämpfer. A sou wéi si eleng bei hirer Aarbecht setzen, fir Wuert fir Wuert eppes Grousses op d'Blat ze bréngen, sou musse si och kucken, wann dat geschriwwent Wuert tëscht zwee Buchdeckele gedréckt virläit, fir et och un d'Lieser ze bréngen.

An do gëtt et zéi, well et huet net jiddereen dat Talent, Stil, Ausdauer an an engems den Don, sech selwer ze vermaarten. Dat eegent Buch ass eppes Perséinleches. Ech wëll der Majoritéit vun eisen Auteuren gewëss kee Mangel u Selbstbewosstsinn an Egozentrik ënnerstellen. Mee trotzdem wäert et net evident sinn, e Stéck vu sech selwer ganz effektiv ze verkafen.

Perceptioun vu Lëtzebuerger Literatur muss änneren

Do gouf et mol sou eppes wéi e Schrëftstellerverband, deen eng Pionéieraarbecht geleescht huet an erreecht huet, datt d'Aarbecht vum Schrëftsteller och dobaussen unerkannt gëtt. Ob Verbandsaarbecht an/oder Solidaritéit an iergend enger Form néideg ass, dat mussen d'Auteure selwer wëssen. Datt si net erwaarden, vun iergend enger staatlecher Institutioun eng Pai fir hiert Schreiwen ze kréien, muss och mol kloer gesot ginn.

Ech mengen, de Problem ass e weideren: Et ass de Mannerwäertegkeetskomplex an der Perceptioun vun der Lëtzebuerger Literatur, dee muss bekämpft ginn. D'Meenung, datt e literarescht Wierk, dat zu Lëtzebuerg an enger Oplag vun 200-300 Exemplare publizéiert gëtt, keng Qualitéit kéint hunn. A fir datt dës Perceptioun sech ännert, si se erëm all, déi scho Genannten, plus den Enseignement, gefuerdert. Fir mam Muarakami ofzeschléissen: wann deem Enge seng Bicher méi, ginn dowéinst net dem Anere seng manner gelies.