Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - One Day (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gëftkichen

Literatur

Gëftkichen

Dem Tullio Forgiarini säin neit Buch "Céruse, ma vie. Entretiens avec Saturnino Bianchi'' (Hydre Editions) ass en deroutéierende ''roman noir'' iwwer en Trauma an de iwwer de Kreatiounsprozess.

auto_stories

4 min

''Je me rassure en me disant que les horreurs égrénées par Céruse ne sont que fantasmes, en grande partie du moins. Il se voudrait Sade, mais n'est qu'un parvenu minable, un de plus. Et moi, je suis son biographe de l'ombre.''

Sou schwätzt de Saturnino Bianchi, fréiere Franséischproff an net grad erfollegräichen Auteur vu Romans noiren ëm déi 50, dee säi Liewensënnerhalt haaptsächlech mat Optragsaarbechte verdéngt. Dës Kéier gouf hien als Ghostwriter vum räiche Geschäftsmann Céruse engagéiert, deen um Enn vu sengem Liewe gäre seng Autobiographie op d'Pabeier wëll bréngen.

Wann et net scho genuch wier, sech an dee brutale Personnage mussen eran ze versetzen, kritt de Bianchi der och nach wéinst deem Optrag vu riets a lénks op d'Baken, huet eng fréier Polizistin um Pelz a muss sech mam Geschäftsmann senger revanchistescher Duechter erëmklappen.

Roman noir

Op d'Handlung vum Tullio Forgiarini sengem neie Roman ''Céruse, ma vie. Entretiens avec Saturnino Bianchi'' sollt een sech net ze vill fokusséieren. Si ass just e Virwand fir eng literaresch Maschinn un d'Lafen ze bréngen. Wéi gewinnt kënnt och hei dem Auteur seng Virléift fir de Genre vum Roman noir zum Droen, mam Personnage vum Loser, deen an enger Welt voller Gewalt hin an hier gejummt gëtt, dat alles an enger secker, séierer a labberer Sprooch verfaasst - d'Markenzeeche vum hard boiled-Schreifstil.

De realistesche Kader, an deem sech de Roman noir normalerweis beweegt, gëtt dann awer iergendwa verlooss. Et wiesselt een an eng Zort imaginär Parallelwelt eriwwer, déi grad esou gutt d'Produkt vun engem Albdram, engem Drogentrip oder soss enger paranoider Stéierung vum Gehier kéint sinn. Den Numm Céruse bezeechent ëmmerhin och e gëftege wäisse Faarfstoff, wärend Saturnino op d'Bläivergëftung hindeit, déi op Franséisch ''saturnisme'' heescht.

Rekombinatioun

Wat um éischte Bléck ausgesäit ewéi en zesumme gewierfelte "grand n'importe quoi'', entfaalt um Enn seng voll Bedeitung: wat ee bis dohi gelies huet ass weider näischt ewéi den Ausdrock vun engem Trauma, et sinn d'Iwwerreschter vun enger emotionaler Explosioun, déi zu engem méi oder wéineger koherente Ganzen nei rekombinéiert gi sinn.

Dës Ästheetik vum Eclatement, vum Morcellement kënnt duerch den Asaz vun enger ganzer Palett u formelle Spillereien zustanen: do ass d'Buch am Buch, also d'Technik vun der mise en abyme ; en ultra-kuerzt Kapitel fir de Verloscht vum Bewosstsinn ze beschreiwen ; Dialogen, bei deenen een eréischt méi spéit versteet, datt de Riedner gewiesselt huet ; des weideren ass et d'Fäegkeet, fir d'Zukunft dräi Méint am viraus ze kennen, respektiv de komplette Verloscht vum Zäitgefill; asw.

Referenzen

Virun allem ginn eng Hellewull u Referenze mobiliséiert, entweder aus der Fiktioun selwer oder aus der Realitéit. Den Tullio Forgiarini zerwéiert sech ënnert anerem a sengen eegene Wierker. Déi fréier Polizistin Martine Martin daucht zënter sengem éischten, 20 Joer ale Krimi ''Miss Mona'' ëmmer erëm op. Souwuel de Céruse wéi och den Ech-Erzieler Saturnino Bianchi kann een als Alter Egoe vum Forgiarini selwer ugesinn.

Mee de Bianchi ass och um fréiere Lycéesprofesser Théo J. Fischbach inspiréiert : wärend enger Visitt an engem KZ hat dee sech un engem Schüler vergraff, dee sech donieft beholl hat. En aneren - indirekte - Verweis op Auschwitz geschitt via e Primo Levi-Zitat : ''Nino, vous savez bien qu'ici il n'y a pas de pourquoi'' bezitt sech kloer op den ''Hier ist kein Warum'' am Levi sengem ''Se questo è un uomo''. Déi Referenz gëtt aus hirem Kontext geholl a mam Schicksal vun engem Refugié aus Eritrea rekombinéiert.

Roman iwwer de Kreatiounsprozess

Op engem weideren Niveau kann ee "Céruse'' als e Roman iwwer de Prozess vun der literarescher Kreatioun u sech liesen. Eng Rei Passagen weisen, wéi den Haaptpersonnage, e Schrëftsteller, d'Handlung vum Roman wëll beaflosse wéi wann en déi Geschicht grad am Gaange wier ze schreiwen:

"" Parce que je n'ai pas envie de mourir, Nino. "

C'est débile comme réplique. Je devrais lui dire que (...)''

oder:

''Elle n'est pas morte, parce que je ne le veux pas.''

Wou hëlt de Schrëftsteller d'Matière vu senge Romaner hir? Wéi gëtt se verschafft? Wat ass den Undeel vu reellen Elementer a vu Wonschdenken? Ass d'Fiktioun net och e Mëttel fir sech Schreckleches vun der Séil ze schreiwen? All dës Froe ginn am Roman thematiséiert.

"Céruse, ma vie. Entretiens avec Saturnino Bianchi'' ass en deroutante Roman, an awer e gelongene Versuch fir Ënnerhalungs- mat usprochsvoller Literatur ze verbannen. Anescht ewéi am klassesche Krimi geet et hei net drëms, wien de Mäerder ass, respektiv ob a wéi e gefaange gëtt. Entscheedend ass d'Fro: wat ass iwwerhaapt geschitt?