Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 97 kompriméiert Ënnerhalungsromaner

Georges Hausemer - Behescht

97 kompriméiert Ënnerhalungsromaner

Reesliteratur, Iwwersetzungen, Romaner, Gedichter, Erzielungen an Novelle gehéieren zum Repertoire vum Georges Hausemer. Wann hien net schreiwe konnt, dann huet hie gemoolt a gezeechent. Elo koum bei Capybarabooks e Band eraus mat 97 kompriméierten Ënnerhalungsromaner, begleet vun Zeechnungen a Biller, déi am Moment och am Mierscher Kulturhaus ze gesi sinn. D'Valerija Berdi huet sech beim Liese vun "Behescht" méi wéi just ënnerhale gefillt.

auto_stories

3 min

"Meine Geschichten werden immer kürzer, bald wird nichts mehr aus ihnen heraus zu lesen sein. Zum Glück hat der Stift, mit dem ich einzelne Wörter unterstreiche, eine auffällig violette Farbe."

Kuerz sinn dem Georges Hausemer seng Geschichten, oder wéi et hei heescht kompriméiert. Ënnerhalungsromaner, op alle Fall. Mee nach laang genuch fir dem Hausemer säi schwaarzen Humor, seng grotesk Plotten a skurril Personnagen erauszeliesen.

Dir kennt bestëmmt dem Bert Brecht seng Geschichte mam Herr Keuner? Den denkende Keuner, deen de Mënschen a bestëmmte Situatioune begéint an deenen hiert Verhale meeschtens vun uewen erof kommentéiert. Iergendwéi hunn ech beim Liese vun de "Behescht"-Geschichten un den Herr Keuner missen denken, warscheinlech wéinst dem dach nobelen, jo usprochsvolle Stil. An dann ass et awer fäerdeg mat de Gemeinsamkeeten, well wat een hei erwaart, ass wäit ewech um moraliséierenden, politesche korrekte Matdeelungen.

Eenzegaarteg Eegenschaften

Den Hausemer erzielt net vum denkende Keuner, seng Protagoniste si béisaarteg, kalbliddeg, egoistesch, hunn ganz eegenaarteg Eegenschaften, Ticken, Wënsch a Virstellungen, fanne ganz aussergewéinlech Léisungen a Weeër aus hire Liewenslagen a beandrocke mat hiren Iwwerleeungen a Gedankegäng.

De Kommandant, dee schonn zwee Leit bei der Sich no enger Studentin, déi un enger Well an d'Mier gerappt gouf, wonnert sech just, wisou den Handy vum Meedchen nach net fonnt gouf, déi léif Bomi aus Villerupt, déi grad hir zwee Enkelkanner ëmbruecht huet, wiert sech net géint hir Festnam.

"Mit einem milden Lächeln blickte sie auf das von nun an auf ewige Zeiten verfluchte Haus zurück."

Et begéint een ënner anerem dem lüsternen Herrn Mersch, dem empfindsamen Herr Garbanzo, dem netten Herr Fleischhauer (mengen, deen ass meng Liblingsfigur) an do ass dann och

"Die völlig unverdächtige Frau Dornseiffer - mit zwei F bitte - lief eines Tages einer jüngeren Bekannten über den Weg ..."

An déi dach harmlos Madamm ass frech wéi Rotz, awer net esou krass wéi den nächsten Här:

"Als die Forsythien zu blühen begannen, liess sich der eigensinnige Herr Feigenwinter auf eine kleine Affäre mit Lisa, der Nachbarstochter, ein. Davon durfte natürlich niemand etwas erfahren. Als die Blüten braun wurden, griff der eigensinnige Herr Feigenwinter zur Gartenschere."

Duuss a sachlech Sprooch

Effektiv liese sech dem Hausemer seng kleng Erzielungen wéi extrem minimalistesch Romaner, mir hu Figuren, eng Situatioun e Plot a meeschtens e Schluss. Wann deen net do ass, da kann ee selwer d'Geschicht weider spannen oder sech vun den begleedenden Zeechnungen inspiréiere loossen.

Wat dës konzis Geschichten esou besonnesch mécht, ass d'Kollisioun vun der duusser a sachlecher Sprooch, der charmanter Deskriptioun vun Ëmstänn a Protagonisten an den infamen a perfiden Iwwerleeungen an Dote vun de Acteuren.

Pechschwaarz a grotesken Humor

Mee, wann all déi 97 Micro-Romaner d'selwecht gestréckt wieren, da géif et och iergendwa langweileg ginn, et sinn der ëmmer erëm dertëschent méi harmlos am Plot, dofir awer ëmsou méi nodenklech, awer trotzdeem pechschwaarz Narratiounen.

Nieft de sëllegen an an alle méigleche Schwaarztéin gefierfte Kreaturen, déi scho fir sech dem Hausemer säi grotesken Humor beweisen, kënnt nach e weideren Niveau vum absurde Witz derbäi. Him geléngt et an den allerkierzeste Geschichte mat detailverléifte Beschreiwungen opzetrompen, wat dat Ganzt ëm eng weider komesch Nuance beräichert.

Ganz gutt an "Warum sich an andere Orte begeben, wenn doch alles schon hier ist?" ze liesen. Dir wëllt méi wëssen? Da loosst Iech an dem Georges Hausemer säi "Behescht", säi Paradäis entféieren.