Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geschicht(en)erzielen am digitalen Zäitalter

Digital Storytelling

Geschicht(en)erzielen am digitalen Zäitalter

Vun der Geschicht fir gutt anzeschlofen iwwer d'Spiichten erzielt an der Uucht. Déi grouss Erzieltraditiounen, wéi Schiedtheater, Hörspiller, Märercher, Legenden, Soen, bis bei Erzielformen wéi d'Literatur, d'Poesie oder souguer Comics respektiv Graphic Novels entwéckele sech weider. Elo si mer an der Ära vum Digital Storytelling ukomm.

auto_stories

4 min

D'Geschichten an d'Geschicht sinn an engem permanente Wandel. Net nëmme wat den Inhalt ugeet, mä d'Manéier wéi se erzielt ginn. Joerhonnerte-laang goufe si mëndlech iwwerliwwert, spéider opgeschriwwen an iwwersat an doduerch och ëmmer weiderentwéckelt, oder zum Deel oder ganz verännert. Beim Digital Storytelling läit déi grouss Plus-Value doran, verschidden Erzielformen, wéi Bild, Text an Toun mateneen ze verbannen. Digital, dat heescht iwwer Internet.

"Eng nei Manéier vum Geschichtenerzielen"

"The 21st Century Gold Rush" ass esou eng digital erzielte Geschicht vun der Malia Politzer an der Emily Kassi. Mécht een d'Geschicht op, komme vu lénks no riets lauter gëlle Kären an de Bildschierm geflunn. No an no kann ee Gesiichter erkennen, déi vun dëse gëllene Stëbskäre geformt ginn. Am Ufank gëtt d'Synopsis erzielt.

"Déi gréisste Flüchtlingskris vun der Geschicht, zanter ze opgezeechent gëtt, huet Kontinenter zerstéiert, d'Wahlen op d'Kopp geheit an national Iwwerzeegungen ugeheizt. Si huet och verschidde Leit immens räich gemaach. Dat hei si Geschichte vun Direkteren, kriminelle Genien, Leit, déi am Büro schaffen a Finanz-Geieren, déi et fäerdeg bruecht hunn aus der globaler Instabilitéit Profit erauszeschloen."

Et ass eng sougenannten "Highline"-Geschicht vun der Onlinezeitung Huffington Post. Déi interaktiv Geschicht ass a véier Kapitelen agedeelt, déi op ënnerschiddleche Platzen vum Globus spillen. Am Niger, an Italien, an der Tierkei an zum Schluss an Däitschland.

Den Direkter vum Institut fir Zäitgeschicht C2Dh, de Prof. Dr. Andreas Fickers huet dës digital Geschicht als ee Beispill vun der neier Manéier vum Geschichtenerzielen uginn. "Am Prinzip bleift fir d'éischt mol alles d'nämmlecht. D'Geschichten erziele bleift och am digitalen Zäitalter e Geschichtenerzielen."

Verschidde Formater matenee kombinéieren

Allerdéngs géingen et nei Méiglechkeeten ginn, fir déi verschidde Formen, Formater oder Genre vum Erzielen ze kombinéieren. "Dat huet ee bis elo nach net esou kannt. Mam Internet gëtt et elo d'Méiglechkeet Erzielungen ze konstruéieren, déi dës eegen narrativ Stiler a Formater matenee kombinéieren. Dat ass dee groussen Ënnerscheed", seet den Andrea Fickers.

Den Notzer kritt net nëmmen Text, mä Hannergrondmusik, Geräischkuliss, Zeechnungen, déi vu Comics inspiréiert sinn, Fotoen an Text gebueden. Déi ganz Geschicht gëtt an deem nämmlechte Rhythmus weidererzielt, wéi den Nolauschterer, Lieser oder Spectateur mat der Maus um Bildschierm erof scrollt.

En anert Beispill ass d'Geschicht " The Boat". Mat all de Sënner eng Geschicht erliewen a ganz doran andauchen, setzt eng ganz soignéiert Recherche viraus. Besonnesch, wann et wéi bei "The Boat" ëm eng net fräi erfonnten, mä op Fakte baséiert Geschicht geet. "Et muss een natierlech fir d'éischt säi Material sammelen an dat sortéieren.

Deel vun der Geschicht sinn

"An enger zweeter Etappe schreift een da säi Script an et iwwerleet ee sech, wéi een d'Geschicht erzielt," seet den Andreas Fickers. Dat wier ëmmer dovu beaflosst, wéi eng Quellen een iwwerhaapt zur Verfügung hätt. Respektiv ob een déi och online däerf benotzen.

"Wann een d'Rechter huet geet et drëm, z'experimentéieren. Wéi liest, kuckt oder lauschtert een d'Geschicht? D'Gefill, en Deel vun der Geschicht ze sinn däerf dobäi net verluer goen." Dat wier déi grouss Erausfuerderung, wann een eng Geschicht net linear erzielt.

"The Boat" ass een animéierte "Graphic Novel", deen d'Geschicht vun de Leit erzielt, déi an de 70er Joren zu Milliounen um Boot aus dem Vietnam geflücht sinn. "Hei ginn animéiert Zeechnunge mat Texter an authenteschen Erzielungen, sou wéi Quelle kombinéiert. Esou erreecht dës Geschicht eng nei Form vun historeschem Erzielen, déi staark Gefiller kann ausléisen."

De 17. Juni ass am CNL zu Miersch de FORUM Z: Digital Storytelling vum Institut fir Zäitgeschicht C2DH, Informatiounen ginn et op www.c2dh.lu an op www.cnl.public.lu.

De Bäitrag iwwer "Digital Storytelling" lauschterenplay_arrow