Radioen

On air

Notturno  |  Mina - Eclisse Twist

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewënner vum Radio-Präis steet fest

Radio-Präis

Gewënner vum Radio-Präis steet fest

De Charles Meder ass Laureat vum 100,7 Hörspillpräis 2016. Den Däitschproff huet mat sengem Text "CyberTrappEd" iwwerzeegt: Doran dreift eng Schülerin op de soziale Medien ënner falschem Numm ee perfid Spill mat hirem Mathesproff.

auto_stories

3 min

De Charles Meder (riets), Laureat vum Radio-Präis 2016, de Staatssekretär fir Kultur Guy Arendt (lénks) an de Programmdirekter vum radio 100,7 Claude Mangen (mëtt). (Foto © Paul Klensch)

D’Lina, eng 17 Joer al Schülerin sëtzt op Gréngendonneschdeg géint 22 Auer doheem an hirem Zëmmer. Hir Eltere sinn am Ausland an de Brudder um Tour. Hir polnesch Nanny schafft an der Kichen. Eigentlech misst d’Lina léieren. Si telefonéiert awer léiwer mat hirer Frëndin Lena, a sicht no Oflenkung an de sozialen Netzwierker. Hei dreift d’Lina ënner falschem Numm e perfid Spill mat hirem Mathesprofesser. Et gëtt séier kloer, datt et dobäi nëmme Verléierer wäert ginn ...

Am Hörspill "CyberTrappEd" mécht de Charles Meder sech op d'Sich no de Motiver am Spill ronderëm déi falsch Identitéiten, déi sech a sozialen Netzwierker kënne verstoppen. Säi Manuskript huet iwwerzeegt: De Charles Meder ass de Laureat vum 100,7 Radio-Präis 2016.

"Sozial Medien an hiren Impakt op Zäit a Kultur" war d'Thema vun der zweeter Editioun vum Hörspillconcours. Auteuren aus Lëtzebuerg an der Groussregioun konnten hir Texter fir de mat 3.500 Euro dotéierte Präis areechen: Op Lëtzebuergesch. Däitsch, Franséich oder Englesch. Zéng Texter huet d'Jury – dat ass d'Anette Kührmeyer, den David Raison, de Rudi Schroeder, d'Anne Simon, de Sebastian Thiltges, presidéiert vum Claude Mangen – ze liese kritt. Si hu sech fir "CyberTrappEd" decidéiert.

Dominanz a Muecht duerch sozial Medien

De Charles Meder géif geschéckt iwwer Motivatiounen an Ursaachen hannert dem virtuelle Spill ronderëm falsch Identitéite spekuléieren, lueft de Jury. Den Auteur beschreift a sengem Hörspill-Manuskript, wéi flénk a gewëtzt jonk Mënschen déi modern Medie fir sech notzen. A wéi si dobäi e Gefill vun Dominanz a Muecht erliewen.

Den Text géif ni moraliséieren oder jugéieren, ënnersträichen d'Jurysmemberen. Si luewe besonnesch d'Approche vum Sujet, d'Sprooch an de professionelle Stil vum Auteur. Den dramaturgesche Rhythmus wier dynamesch, verspillt a géif iwwerraschen.

Charles Meder

Datt de Charles Meder dat schoulescht Ëmfeld – eng Schülerin dreift ee perfid Spill mat hirem Mathesproff – ass wuel keen Zoufall. Den Auteur, Joergang 1966, ass selwer Däitschproff am Athenée. Hien huet Germanistik a Geschicht zu Freiburg am Breisgau studéiert an ass ee passionéierte Radio-Nolauschterer. Ganz besonnesch Hörspiller gefalen dem Proff a Schrëftsteller. Schonn a senger Ofschloss-Thees op der Uni huet hie sech mam Medium ausernee gesat: "Rundfunkappelle aus Luxemburg: Deutschsprachige Schriftsteller und die Beendigung des Zweiten Weltkrieges" war do d'Thema.

De Laureat vum 100,7 Radio-Präis 2016 huet och no senger Thees weider literaturwëssenschaftlech Artikele publizéiert. Dernieft schreift hie Prosa an zeenesch Texter. Dësen Hierscht verëffentlecht de Charles Meder seng éischt Novelle mam Titel "Aname" am Verlag op der Lay. Och hei beschäftegt hie sech – genee wéi am priméierten Hörspill "CyberTrappEd" – mat Kommunikatioun a mam Spill mat Identitéiten; an hie jongléiert mat Wourecht, Ligen an Imaginatioun.