Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewonnene Kampf géint Wandmillen

Literatur

Gewonnene Kampf géint Wandmillen

Eng eeler lesbesch Koppel, zwee Jugendlecher an e Schrëftsteller um Wee a Richtung Fräiheet. Dat ass de Sujet vu "Le Départ", deen éischte Roman vun der 37 Joer aler Kerstin Medinger.

auto_stories

3 min

Ursaachen, fir Lëtzebuerg de Réck ze dréinen, gëtt et der genuch. Meeschtens loossen se sech ënnert dem Wëllen, fir dem gesellschaftlechen Drock hei z'entkommen, zesummefaassen. Kee Wonner, datt een an der Lëtzebuerger Literatur dacks op d'Motiv vun der Flucht stéisst. An den Auto an dann näischt ewéi fort - a wa schonn, dann a Richtung Süden!

"Le Départ" (Editions Phi), deen éischte Roman vun der Kerstin Medinger, ass eng weider Variatioun vun deem Motiv. Eng eeler lesbesch Koppel, zwee Jugendlecher - e Jong an e Meedchen - an e Schrëftsteller ("un des seuls écrivains luxembourgeois à avoir percé sur le marché international") maachen sech all gläichzäiteg op de Wee. Och wann den direkten Ausléiser all Kéiers en aneren ass (Héichwaasser nom Covid-Prisong, e Papp, deen draschléit, oder de plëtzlechen Doud vu béiden Elteren), bleift d'Zil vun de Personnagen dat selwecht. Alleguerte wëllen si sech befreien, respektiv hir scho gewonne Fräiheet voll ausliewen.

Referenzen op dem Cervantes säin Don Quichotte

D'Kerstin Medinger erzielt hir Geschicht a kuerze Kapitele vun zwou, dräi Säiten, woubäi si permanent de Bléckwénkel wiesselt. Duerch dësen Opbau kann de Lieser dovunner ausgoen, datt sech déi verschidde Parcoursen iergendwa wäerte kräizen. Fir en entscheedende Moment vum Roman ervir ze sträichen, brécht d'Autorin kuerz mat deem Schema, andeems si d'Perspektiv vun engem onbedeelegten Observateur asetzt.

Déi klassesch Erzielform vun de Geschichten an der Geschicht am leschten Deel vum Buch sinn eng vu ville Referenzen op dem Cervantes säin Don Quichotte.

Beréierungsängschten tëschent de Protagoniste gëtt et net. Séier loossen si sech op Friemer an, besonnesch wann déi hir eege Vulnerabilitéit erëm spigelen. Eng Internet-Annonce vun engem total Onbekannten, deen no engem Partner fir eng Spuenien-Rees sicht (Don Quichotte sicht Sancho Pansa) beäntwert d'TikTokerin Isabelle eenzock. Ouni sech vill Gedanken ze maache klëmmt dat jonkt Meedchen an dem 60 Joer ale Schrëftsteller Tadi säi Camper eran, vläicht och, well et näischt méi ze verléieren huet...

Mentoren

Tëschent deenen zwee entwéckelt sech eng Relatioun fräi vun allen Zweedeitegkeeten: en Eelere gëtt hei seng Liewenserfarung un e Jonke weider. Eng änlech Mentorroll iwwerhëlt déi eeler lesbesch Koppel géigeniwwer all deenen anere Personnagen. Béid Fraen hunn e laange Kampf fir déi gesellschaftlech Unerkennung vun hirer homosexueller Léift hannert sech. No laanger Frustratioun zweiwele si keng Sekonn u sech selwer a verspreeën eng Liewensfreed, un deenen déi aner sech e Beispill sollen huelen.

Allerdéngs geléngt et der Simone an der Lucie net, de Schrëftsteller Tadi mat hirem Liichteschäin z'erhëtzen. Hien ass sécherlech deen däischterste an hoffnungsloste Personnage am Buch, deen et grad dowéinst verdéngt hätt, méi entwéckelt ze ginn.

Ustiechend erotesch Energie

Ofgesi vun enger Partie ongléckleche Formuléierungen, déi een dem Auteur vun engem éischte Roman gäre verzeit, huet d'Kerstin Medinger eng relativ flësseg Schreif. Besonnesch geléngt et hir, dem Lieser d'Liewensloscht vun der lesbescher Koppel matzedeelen. Eng Koppel, déi sech vun der erotescher Energie vu Konschtwierker ustiechen an ufeiere léisst - wann et muss sinn, och alt emol vun engem suggestiven "heurtoir", engem alen, an Eise sculptéierten Diertécker!

Trotz engem liichten Hang zum Kitsch an zu esotereschen Iwwerleeungen, déi engem e bëssen naiv kënne virkommen, an trotz dem Chablis, deen d'Autorin zwee vun hire Personnagen um Bassin d'Arcachon bei Austeren zerwéiert amplaz vun enger lokaler Alternativ (wéi zum Beispill engem gudde Pessac Léognan), ass "Le Départ" e Roman, deen engem Loscht gëtt. Loscht ënnert anerem fir selwer kontrolléieren ze goen, wéi d'Wandmillen anzwousch anescht dréinen. Am beschten a Begleedung vum passende Sancho Pansa!