Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Bill Frisell - Throughout (feat. Alexander Hanson, Brussels Philharmonic, Rudy Royston & Thoma

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Nimm an Decouverten

OMNI-Festival

Grouss Nimm an Decouverten

Grouss Nimm an Decouverten, esou kann een den OMNI-Festival 2016, am Juli am Centre Culturel de Rencontre Neimënster, am Beschte beschreiwen.

auto_stories

2 min

Den OMNI-Festival steet fir Objets Musicaux Non Indentifiés, mee d’Headliner sinn net schwéier z’identifizéieren. Iggy Pop, Joe Bonamassa, Richard Galliano, Didier Lockwood oder Philippe Catherine sti fir musikalesch Qualitéit.

Et géing sech lounen den 11. Juli den Iggy Pop kucken ze kommen, esou d’Direktesch vum Centre Culturel de Rencontre Abbaye Neimenster. D’Ainhoa Aschutegui rechent domadder, datt déi US-amerikanesch Musek-Star net méi esou vill Tournéeën an Europa wäert maachen.

Decouverten

Ënnert den Decouverten nennt d’Ainoha Achutegui den Duo “Kraus-Frink”. En elektroneschen Owend mat Percussioun.

De 15. Juli ass och e speziellen Owend. A Kooperatioun mam CCRN an dem Institut Pierre Werner steet dann den Éischte Weltkrich am Mëttelpunkt. Eng Performance, déi komplementar zur Ausstellung "Jacques TardiPutain de Guerre" ass.

N.A.R.G & KrausFrinkClub

Net méi sou "​onidentifizéiert"

Et ass ewell schonn déi 13. Editioun vum OMNI-Festival. Eng Aventure, déi 2004 lass goung an zanter hir eng konsequent Entwécklung mat gemaach huet. D’Direktesch vum Centre Culturel de Rencontre Abtei Neimënster seet de Parvis wier eng ideal Plaz fir Concerten.

Den OMNI-Festival 2016 geet vum 11. Bis den 23. Juli iwwert d’Bühn. Detailer ginn et um Internetsite vun der Abtei Neimënster.