Radioen

On air

Notturno  |  De La Soul - Pain Feat. Snoop Dogg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Gutt, datt et déi puer grouss Kinoszäitschrëfte gëtt"

Filmkritik

"Gutt, datt et déi puer grouss Kinoszäitschrëfte gëtt"

Wat bréngen engem Zäitschrëfte wéi Cahiers du cinéma oder Positif? Bedreiwe si selwer eng Form vu Konscht? Wéi verdroe sech Filmkritik a Politik? Interview mat der Kritikerin Viviane Thill.

auto_stories

7 min

De ganzen Interview mat der Viviane Thill lauschterenplay_arrow


Michel Delage: Virun der Corona-Kris huet d'Redaktioun vun de Cahiers du cinéma ugekënnegt, datt si géif kollektiv demissionéieren. Wéinst dem rezenten Aktionärswiessel (ënner anerem Produzente sinn an d'Kapital erageklommen) hu si fir hir redaktionell Onofhängegkeet gefaart. Wat häls du vun där Reaktioun?

Viviane Thill: Dat kann ech absolut novollzéien. Cahiers du cinéma ass - zesumme mat Positif - eng vun den zwou grousse Kinoszäitschrëften a Frankräich, déi ëmmer onofhängeg geschafft hunn an iwwer all Zorte vu Filmer gesot hunn, wat se geduecht hunn. A wann dat net méi garantéiert ass, oder si d'Impressioun hunn, et wier net méi garantéiert, da verstinn ech, datt si mengen, ënner deene Konditiounen net méi kënne weiderzeschaffen.

D'Cahiers du cinéma gëtt et schonn zanter den 1950er Joren. Wat ass de Stellewäert vun der Zäitschrëft haut?

D'Cahiers a Positif sinn, zanter et se ginn, quasi am Krich mateneen, also wielt jiddweree seng Säit. Ech muss zouginn, ech sinn éischter Positif a liese wéineg d'Cahiers du cinéma. An der Abrëll-Nummer vun de Cahiers, hu si an enger Zort Manifest duergestallt, wat si ënner Kritik verstinn. (Si konnten et sech net verknäifen, op enger Plaz e bëssen op Positif ze schloen ... Dat heescht, déi Konkurrenz läit hinne richteg am Blutt!)

Villes dovu fannen ech als Denkustouss interessant. Esou Zäitschrëfte ginn et der net vill. Fir mech si se wichteg, well si et erlaben, iwwer dat Alldeeglecht eraus ze goen. A Frankräich schreift och Télérama vill iwwer Filmer, grad ewéi Le Monde oder Libération. Mee dat ass da meeschtens op d'Aktualitéit bezunn. Déi zwou grouss Kinoszäitschrëften, och well se Mensuelle sinn, erlaben dogéint eng vill méi breetgefächert Reflexioun iwwer Kino, verschidde Realisateuren, verschidde Genren. Op France culture gëtt et Emissiounen, déi an déi Richtung ginn.

"D'Cahiers du cinéma a Positif liewe vun eneen''

Zäitschrëften aus där Liga gëtt et der net vill: Film Comment a Cineaste an den USA, Sight & Sound an England, d'Cahiers du cinéma a Positif a Frankräich. Et ass och wichteg, datt et do déi zwou gëtt: ech géif et relativ schlëmm fannen, wann d'Cahiers elo verschwannen a just déi aner bleift. Ech hunn et och relativ schockant fonnt, datt Positif am Abrëll-Editorial just an engem Saz eppes iwwer d'Demissioun vun der Redaktioun vun der Cahiers geschriwwen huet ... Déi zwou Zäitschrëfte sinn zwar am Krich mateneen, si liewen awer eng vun där anerer.

Am Kritiker-Manifest vun de Cahiers heescht et, datt Positif e Film fir gelongen hält, wann e maîtriséiert ass. Fir d'Cahiers muss e Film dogéint Horizonter opmaachen, quitt datt en net perfekt ass ...

Ech verstinn, wat se domat wëlle soen, mee ech sinn net sécher, ob een dat esou kuerz kann zesummefaassen ... Fir mech ass et méi eng Saach vun der Lieserlechkeet, och vun der Geschicht. D'Cahiers haten an de 1950-1970 eng Geschicht, déi méi politesch gepräägt war. Positif hat se deemools ugeklot, si géife méi ''riets'' Cineasten ënnerstëtzen (wat och ëmmer dat heescht ...), wärend si selwer sech méi als lénk Zäitschrëft gesinn hunn. An de 1970er Jore sinn d'Cahiers op eemol radikal maoistesch ginn! Et stëmmt, datt jiddweree seng privilegiéiert Cineasten huet, woubäi sech dat och kann iwwerschneiden. Och Positif verteidegt Cineasten, déi Saache woen an ausprobéieren.

D'Cahiers du cinéma schénge bis haut déi méi radikal politesch Linn bäibehalen ze hunn. An der Lescht hu se an hiren Editoriale beispillsweis d'Gilets jaunes-Beweegung verteidegt. Wéi verdroe sech Filmkritik a Politik?

Si schreiwen et selwer an hirer Abrëll-Nummer: Filmer kuckt een ëmmer, egal wéi vun engem gewësse Bléckwénkel aus. Wann ee sech op dat Politescht fokusséiert, da geet een natierlech och dat Politescht an d'Filmer sichen, respektiv et gesäit een et. Wie sech méi op dat Ästheetescht konzentréiert, kuckt och vläicht manner op den Inhalt oder de Message vum Film, a méi, wéi en et ausdréckt - woubäi dat eent an dat anert net esou kloer ze trenne sinn.

Och Positif bleift eng politesch Zeitung. Vläicht manner am Sënn vun de Cahiers, déi da ganz iwwer de Kino am eigentleche Sënn vum Wuert erausginn an net nëmme Filmer am Kino kucken, mee Medien am Allgemengen. Wéi seet een eppes duerch Medien? Wéi gi se agesat? Wat seet een, wärend dem Confinement, mat eidele Stroossen aus (déi et och scho gouf, wéi d'Geschäfter wéinst de Gilets jaunes zougemaach haten). Ginn eidel Stroossen d'selwecht gefilmt? Seet een domat dat selwecht aus, oder net?

''E Cineast seet net ëmmer dat, wat e wollt soen''

Kino ass ëmmer politesch, well e Cineast mat engem Film ëmmer eppes ausseet. Heiansdo ass et méi oder manner evident, heiansdo läit do méi oder manner Interpretatioun dran. Dat ass eben dat Spannend: et muss een d'Saache siche goen, se interpretéieren, och emol géint de Cineast, deen net ëmmer dat seet, wat e wollt soen, mee bewosst oder onbewosst en anere Message mat op de Wee gëtt ...

Dofir ass et och interessant, déi Zeitungen ze liesen, well se engem och Saache kënne weisen, déi ee selwer net gesinn huet, oder se een encouragéieren, eppes aus engem anere Bléckwénkel ze kucken. Et muss een net domat averstane sinn, mee et mécht jiddwereen e bësse méi räich. Et gëtt ee méi opmierksam, wéi Biller am Allgemenge benotzt ginn. Mir si vu Biller ëmzéngelt, an déi sinn net onschëlleg.

Et mierkt ee jo hei, datt Filmkritik keng exakt Wëssenschaft ass, fir net ze soen iwwerhaapt keng Wëssenschaft. Et ass méi eng Saach vun der perséinlecher Sensibilitéit. Besonnesch wann een d'Cahiers liest, kritt een d'Gefill, datt et scho bal eng Konscht u sech ass. Mir hunn et praktesch mat engem philosopheschen Discours ze dinn ...

Dat gëllt net nëmme fir Filmkritik, mee och fir Konschtkritik, zanter et se gëtt ... Dat fënnt een och haaptsächlech an deene Filmzäitschrëften erëm, manner an den Dages- a Wochenzeitungen, well déi manner Plaz hunn, fir konsequent an an der Déift iwwer e Film ze schwätzen.

Kritik ass dann eng Zort vu Literatur. Dat kléngt vläicht heiansdo e bëssen héichtrabend, mee dat ass et awer: ee Genre vu Schreiwen, dee seng Reegelen huet, seng Traditiounen, asw. Kritik iwwer e Film oder e Konschtwierk am Allgemenge geet iwwer dat Konschtwierk eraus, well sech do op d'mannst zwou Sensibilitéiten, zwou Welten treffen: déi vum Kënschtler an déi vun der Persoun, déi iwwer dat Konschtwierk schreift. An doraus ergëtt sech wierklech eppes Neits.

Dofir ass och net jiddwereen e Filmkritiker, sou wéi dat dacks duergestallt gëtt, just well en um Internet oder op de sozialen Netzwierker seet, wat e vun engem Film hält. Dat ass just eng Reaktioun, eng Meenung, dacks just nëmmen e Gefill. Bei enger Reflexioun hänkt dogéint déi ganz Konscht- a Kulturgeschicht hannendrun.

''Wéi et schéngt, wëllen d'Leit dat net méi ...''

Du bass jo scho laang als Filmkritikerin aktiv. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et elo keen Equivalent vun de Cahiers du cinéma oder Positif. Gouf et jee d'Méiglechkeet hei am Land, fir méi wäit iwwer Filmer auszehuelen? Oder ass een dozou verdaamt, wéi all normale Kinogänger einfach nëmmen eng Reaktioun ze ginn?

Wann een iergendwou als Filmkritiker agestallt ass, kann ee scho vill méi wéi einfach nëmmen eng Reaktioun ginn. Et huet een dofir jo déi néideg intellektuell Outilen, et kann een argumentéieren, diskutéieren, et kann ee Filmer an e politeschen, historeschen, soziale Kontext setzen ... Et kann ee scho méi maache wéi just ze soen: ''ech fannen dee Film gutt oder net gutt''.

Mee et ass nu mol esou, datt an deene leschte Joren esouwuel an den audiovisuelle Medie wéi och an den Zeitungen d'Plaz net méi grouss gëtt fir iwwer Filmer, Literatur oder Konscht ze schreiwen. Fir mech gëtt et just eng Plaz, wou ee méi an den Detail ka goen: d'Zäitschrëft Forum, fir déi ech dofir och scho ganz laang schreiwen.

Iergendwou ass et awer och normal, datt an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg, wou mer net vill spezialiséiert Mensuellen hunn, net ëmmer Plaz do ass fir iwwer Filmer ze schwätzen. An den Dages- a Wochenzeitungen ass net vill Plaz. An, wéi et schéngt, ass et och net méi dat, wat d'Leit wëllen ... Dat ass an anere Länner och net anescht. Dofir ass et wichteg, datt et déi puer grouss Kinoszäitschrëften an der Welt nach weider gëtt.