Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hält den David Wojnarowicz eis nuets wakreg?

Ausstellung

Hält den David Wojnarowicz eis nuets wakreg?

De Kënschtler David Wojnarowicz ass just 37 Joer al ginn, mee hien huet tëschent Enn den 1970er an 1992 zu New York en onwahrscheinlech villfältegt Wierk geschaf.

auto_stories

3 min

De vilfältege Wierker vum David Wojnarowicz wollten zwee Curateure vum Whitney Museum of American Art Rechnung droen an hunn zejoert fir d'Retrospektiv "History Keeps Me Awake at Night" iwwer 150 Aarbechte vum David Wojnarowicz zesummegedroen. De Mudam ass, nom MNCARS zu Madrid, déi drëtt Statioun vun der Expo. Haut ass de Vernissage.

Eng Schwaarzwäissfoto vu sengem Mentor a beschte Frënd Peter Hujar um Doudebett. Grouss Formater a jäizege Faarwen, mat Collagen, Comic-Elementer a Symboler vu Verbriechen, Monstrositéit, Chaos, bref: den dystopesche Bléck op dat amerikanescht Liewen. E Video mat Opname vun de Graffitien, Wandmolereien, Affichen, déi den David Wojnarowicz a verloossenen New Yorker Schëffsquaien hannerlooss huet, wann en op der Strumm war.

"Mat Roserei a Schéinheet huet den David Wojnarowicz senger Konscht Liewen agehaucht, d'Muecht kritesch an de Bléck geholl an hannerfrot, firwat déi eng Liewe sichtbar sinn an anerer verstoppt bleiwen", sou den zweeten David, mat Familljennumm Breslin, ee vun den Ausstellungscurateure vum Whitney Museum of American Art, deen haut um 17 Auer fir e Gespréich an de Mudam kënnt. Zesumme mam drëtten David Kiehl, och Curateur vum Whitney.

Ëmmer eppes Neies

Fir den David Kiehl ass d'Aventure 2001 mat engem Bild ugaangen, mee et war fir hie séier kloer, datt do méi war. Hien huet de laange Prozess manner wéi eng theoretesch Rechercheaarbecht, mee méi prezis als Ae-Recherche, wéi eng Decouverte no där anerer erlieft. Mat all weiderem Bild hat hien nees eppes Neits ze zielen, well dem Autodidakt Wojnarowicz säi Wierk vu Fotografie, Molerei, Musek, Film, Skulptur, Text, Engagement esouvill verschidde Facetten huet.

Déi éischt Expo, déi den David Kiehl proposéiert hat, war eng iwwer d'Schëffsquaien. Mee hien huet realiséiert, datt de Wojnarowicz méi wier wéi d'Quaien, datt hien einfach ze vill ze soen hat, hie war net einfach den David dat oder den David dëst. Dacks géif een an enger Expo nëmmen dem Curateur säi Point de vue entdecken. Dat wollt de Kiehl net, hie wollt souzesoen den Dësch fir e Fest decken, fir datt d'Leit dem Kënschtler no komme kéinten.

De Wojnarowicz: En Outsider?

Den David Wojnarowicz huet, wéi eng Rei aner US-Kënschtler tëschent den 1970er an den 1990er, zum Beispill d'Fotografin Nan Goldin, mat senger Konscht eppes Privates an eppes Ëffentleches verwandelt. Well hie sech selwer als Outsider gesinn huet, huet hie jo och net méi misse maache wéi d'Leit. Déi, déi sech net mobiliséiert hunn, an zwar géint eng Regierung, déi den amerikaneschen Dram weider dreeme wollt an näischt géint den Aids ënnerholl huet, géint dee Virus, un deem de Wojnarowicz an elauter Kolleege ronderëm hie gestuerwe sinn.

"Hie war einfach radikal oppen", sou den David Kiehl, net ouni Bewonnerung. An doduerch géif zäitlos Konscht entstoen, keng Anti-Aids-Konscht, oder 1980er-US-Kulturkampf-Konscht. Wier den David Wojnarowicz net 1992 mat 37 gestuerwen, wier hien haut jonker 65 Joer al. Fir den David Kiehl géif hien nach ëmmer Konscht maachen:

"Hien ass an engem vu Gewalt gepräägten Haushalt, an New Jersey, opgewuess. Wann hien es genuch vun doheem hat, ass hien an d'Natur geflücht. Mat der Zäit war hie vu Planzen an Déieren, vu Fräsche bis Villercher faszinéiert. Spéider a senger Wunneng hat hien e Skorpioun. Hien ass bis kuerz viru sengem Doud kräiz a queesch duerch Amerika getrampt an iwwerdeems ass hien op Gedanke komm, déi hien a senger Konscht ausgedréckt huet, an déi haut méi wéi aktuell sinn: et goung dorëms, wéi de Mënsch, wéi eis Zivilisatiounen déi natierlech Uerdnung zerstéiert hunn."