Radioen

On air

Al Schanken  |  The Resentments - Nobody Gets Hurt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Heavy Metal fir d'Aen

Bande-Dessinée

Heavy Metal fir d'Aen

D'Stare vum Kult-Magazin Métal Hurlant gëllen als Pionéier vun der moderner Science Fiction. Déi dräi "Monstres sacrés", Moebius, Bilal an Druillet hunn net nëmmen an der BD hiert Onwiese gedriwwen.

auto_stories

6 min

D'Stare vum Kult-Magazin Métal Hurlant hu sech an ënnerschiddlech Richtungen entwéckelt. De Marc Angel vergläicht déi kënschtleresch Approchen, d'Zeechestiler an d'Thematike vun deenen dräi "monstres sacrés", déi net nëmmen an der BD hiert Onwiese gedriwwen hunn.

Et gëtt BDs-Lieser, déi drop schwieren, datt ee sech am Beschten an een Album verdéiwe kann, wann ee sech dee passende musikaleschen Hannergrond organiséiert.

Tëscht 1975 an 1987 huet de Verlag "Les Humanoïdes associés" ee Magazin erausbruecht, deen engem aleng schonn duerch säin Titel d'Wiel vun där richteger Beschallung einfach gemaach huet.

Métal Hurlant huet alles un Auteure verëffentlecht, wat déi Zäit entweder schonn eng Reputatioun hat oder als villverspriechend Talent gehandelt gouf. Wann een d'Lëscht vun de Mataarbechter haut liest, fënnt ee bal lauter bekannten Nimm erëm. Déi amerikanesch Versioun vun där experimentéierfreedeger Publikatioun, Heavy Metal, huet ënnert den europäeschen Artisten als Sprangbriet gegollt, fir sech an den USA een Numm ze maachen.

Dräi Corypheeë vum Science-Fiction-Genre op de Leescht geholl: Philippe Druillet a Moebius, déi zesumme mam Szenarist a Kritiker Jean-Pierre Dionnet de Magazin gegrënnt hunn, an den Enki Bilal.

Druillet: haart, rosen a bombastesch

Deen éischten an der Rei ass wuel deen, op deen den Numm "Métal Hurlant" stilistesch am Beschten zoutrëfft. Dem Philippe Druillet seng Wierker sinn haart, rosen a bombastesch, sou wéi een dat vun der entspriechender Musek kennt.

Säi wuel wichtegst a perséinlechst Wierk "La Nuit", 1976 erauskomm, ass senger Fra dédiéiert, déi kuerz virdrun u Kriibs gestuerwen ass. Revolte a Verzweiwlung sinn de Grondtoun vun enger Geschicht ëm eng Band vu Biker. An enger postapokalyptescher Welt voller Barbarei a Gewalt si si op der Sich nom ultimativen Drogerausch , well si dat als hir eenzeg Iwwerliewenschance ugesinn. Revolutionär, wat d'Mise en page an d'Faarwen ugeet, an zudéifst pessimistesch a senger Grond-Ausso, befaasst den Album "La Nuit" sech mam Bedürfnis no Fräiheet, dat ni ka befriddegt ginn.

Schonn am Virwuert mécht den Druillet där Indignatioun Loft, déi hien an dëst Wierk afléisse gelooss huet. Et endegt mat de Sätz: "Cadavres futurs, tenez-vous prêts et attachez vos ceintures! J'apprends à aimer la mort, j'ai du goût."

"Fils de collabos"

De Philippe Druillet, deen duerch säin Experimentéiere mat digitaler Grafik a Photographie als Virreider gëllt, huet an der Lescht kaum nach Albume publizéiert. Dofir awer eng Autobiographie mam Titel "Delirium", an där hie sech ënnert anerem mat der Schan auserneesetzt, "fils de collabos" ze sinn. Seng Eltere ware fanatesch Unhänger vum Vichy-Regime.

Dem Druillet seng Aarbechten hu mat hirer eegewëlleger Formesprooch an hirer kënschtlerescher Intensitéit zu engem markanten Tournant an der europäescher BD bäigedroen. Weider Wierker vun him sinn d'Serie ëm de Personnage vum Lone Sloane an "Salammbô" nom Roman vum Gustave Flaubert.

Moebius: metaphysesch a philisophesch

Deen 2012 verstuerwene Jean Giraud, Zeenarist an Zeechner vun der Western-Serie Blueberry, huet ënnert dem Pseudonym Moebius d'Aesthetik vun der Science Fiction-BD wéi keen anere markéiert. Säi grafesche Stil, deen am Ufank, mat enger filigraner Schraffurtechnik, un d'Gravure vun engem Albrecht Dürer erënnert, huet sech am Laf vun de Joren epuréiert, fir sech zu enger aparter Variant vun der Ligne Claire ze entwéckelen.

Metaphysesch a philosophesch Themen dauche regelméisseg am Moebius senge Wierker op. Och wann hie besser gehat hätt, op d' Zesummenaarbecht mat esou Kitschbridder ewéi dem Paulo Coelho ze verzichten. Seng subtil Duerstellung vu futuristesche Maschinnen an Dekoren, grad ewéi d'Omnipräsenz vun onendleche Wüstelandschaften, droen ëmmer eng gewësse Symbolik a sech, déi der Geschicht eng méi déif Bedeitung soll ginn.

Trotz sengem technesche Perfektionismus war hie bekannt fir eng grouss Produktivitéit. D'Vitesse, mat där hie seng Planchë realiséiert huet, muss beandrockend gewiescht sinn. Dernieft war hie fir d'Dekoren an d'artistesch Berodung vun enger ganzer Rëtsch Filmer, zum Beispill "Alien" vum Ridley Scott oder "Le cinquième élément" vum Luc Besson, zoustänneg. Virun allem awer huet hien, wéi gesot, och nach eng Onmass Albume mat méi enger traditioneller Ausriichtung ënnert sengem biergerlechen Numm Jean Giraud erausginn.

Zu deene bekannteste Wierker vum Moebius gehéiert den Ufank vun der Serie "L'Incal", iwwert déi an dëser Emissioun rieds geet, oder "Arzach", eng Rei kuerz Erzielungen, ganz ouni Dialogen. An den USA war hien un zwee Episode vun der Marvel-Produktioun "Silver Surfer" bedeelegt.

Bilal: dystopesch Kandheetserënnerungen

Deen drëtten am Bond vun de franséischsproochege Science-Fiction-Staren war zwar bei Métal Hurlant nëmmen ee vu villen zäitweilege Mataarbechter. Hien huet et awer verdéngt, datt een hie mat sengen zwéin eelere Kollegen an engem Otemzoch nennt.

Eng Welt, an där et iwwerall bréckelt, a wou och nach dat lescht Stéck Natur mat rëssegem Beton zougedeckt ass. Fraë mat bleechen, melancholesche Gesiichter a Männer mat zertéitschte Boxernuesen, narbeniwwerséite Kierper an zesummegefléckte Kleeder, bewege sech a Flugmaschinne fort, déi wuel vu schlecht equipéierte Mecanicienen aus alen Autoen zesummegebastelt goufen.

Dem Enki Bilal seng futuristesch Visiounen hu weder mat Space Opera, nach mat Weltënnergangsszenarien ze dinn, mee erënneren éischter um Orwell säin 1984 a baséieren, eegenen Aussoen no, op Kandheetserënnerungen. Hien ass 1951 zu Belgrad gebuer an huet do seng éischt Liewensjore verbruecht, iert hie mat sengen Elteren op Paräis immigréiert ass.

Däischter, schéin an ëmstridden

Fir säin dystopeschen Universum erëmzeginn, huet de Bilal eng ganz eegen Technik entwéckelt. Ähnlech ewéi de Moebius huet hien a senge fréien Aarbechte mat kofferstéchartege Schraffure geschafft. Hien ass awer dann zimlech séier derzou iwwergaang, seng Planchë mat Gouache a Pastellkräid am sougenannte "Couleur directe"-Verfahren, dat heescht ouni Schwaarz-Wäiss-Virzeechnung, hierzestellen.

Den Enki Bilal ass onverwiesselbar. Och déi Filmer, déi hie realiséiert huet, usprochsvoll Wierker mat franséischer Starbesetzung, si vun dëser däischter-schéiner Ästhetik geprägt.

Als Erzieler am klassesche Sënn ass hien allerdéngs ëmstridden. Kritiker werfen him vir, seng Albummen kréiche lues a lues ëmmer méi Ähnlechkeet mat den Ausstellungskataloge vun enger hipper Konschtgalerie.

Trotzdeem ass déi 2007 erschéngen "Tétralogie du Monstre" derwäert gelies ze ginn. Um Héichpunkt vu senger artistescher Entwécklung verschafft hien nach eemol seng jugoslawesch Originen a setzt sech op seng Manéier mat den Attentater vum 11. September 2001 auserneen.

Richteg interessant sinn och seng Kollaboratioune mam Szenarist Pierre Christin. Dir wësst schonn: dee vum Raum-Zäit-Agent Valérian. Zwee Wierker vun dësem Duo, déi mech perséinlech faszinéiert hunn, gehéiren allerdéngs net an d'Science Fiction-Kategorie: dat sinn déi batter-béis Polit-Thrilleren "Les phalanges de l'Ordre Noir" an "Partie de chasse".

Et gouf nach e puer Versich, de Magazine Métal Hurlant ze relancéieren, mee de Konzept huet net méi an d'Zäit gepasst. 2006 koum eng lescht Editioun eraus. D'Frënn vun experimenteller grafescher Narratioun hu sech scho laang - am Internet oder op Pabeier - no anere Medien a Plattformen ëmgekuckt.