Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dramfabrik oder Alpdram?

Hollywood

Dramfabrik oder Alpdram?

Et huet fir Opreegung gesuergt, wou eng ganz Abezuel afroamerikanesch Kënschtler an Aktivisten opgeruff hunn, d’Oscar-Zeremonie vun dësem Joer ze boykottéieren. E Grond ass ënnert anerem, datt an der Academy of Motion Picture Arts and Sciences vun den Ament 6.300 stëmmberechtegte Membere 94 Prozent Wäisser sinn, a 77 Prozent Männer. Vun Diskriminatioun goung riets, mee de Mëssel geet awer nach vill méi déif, an dat ënnersträicht och nach eng nei Etude.

Jean-Claude Majerus

auto_stories

4 min

Hollywood an Diskriminatioun – kee schéint Bild, fënnt de Jean-Claude Majerus

Opgepasst, et komme lo vill Zuelen! An et sinn Zuelen, déi ee kënnen erféieren. Et geet em d’Academy of Motion Picture Arts and Sciences mat hire 6.300 Memberen, déi all Joers d’Oscar-Laureaten wielen. 94 Prozent vun deene Membere si wäiss, 77 Prozent si Männer. D’Altersmoyenne läit bei 62 Joer, a grad emol 14 Membere vun der Akademie hu manner wéi 50 Joer. Afroamerikanesch Schauspiller a Realisateure maachen eng zwee Prozent an der Akademie aus, Hispanics nach manner.

Dofir ass Fro sécher erlaabt op d’Academy of Motion Picture Arts and Sciences weess, datt si mat hirer Konstellatioun komplett nieft der Realitéit vun der ethnescher Diversitéit vun den USA läit. 

"Épidémie d'invisibilité" bei den Oscaren

Eng Etude vun der Annenberg School for Communication and Journalism vun der Universitéit vu Süd-Kalifornien weist elo nach méi erschreckend Resultater. An där Etude schreift d'Professer Stacy Smith vun enger “Epidémie d’invisibilité” bei den ethnesche Minoritéiten, der sexueller Orientatioun an de Fraen zu Hollywood. D'Etude gouf elo knapps eng Woch virun der Oscar-Zeremonie publizéiert – Oscaren déi jo genee och wéinst hirem Manktem un Diversitéit attackéiert goufen.

Vun de Verwaltungsréit bis bei d’Acteuren: D’Filmindustrie ass zum allergréissten Deel wäiss, männlech an heterosexuell, heescht et vun der Uni vu Süd-Kalifornien. An d'Stacy Smith schwätzt net nëmme vun enger Problem vun Diversitéit, mä et geet ëm Ausgrenzung. Gläichzäiteg leeft um Internet eng Campagne, déi sech “Oscar so white" nennt , an déi e Schied op d’Oscaren vum 28. Februar geheit.

"Hollywood so white"

Fakt ass och datt déi 20 Actricen an Acteuren, déi fir Oscaren an de Kategorië "beschte weiblech a männlech Haaptrollen", a "beschte weiblech a männlech Niewerolle" schonn dat zweet Joer hannertenee wäiss sinn. D’Campagne "Oscar so white" misst awer an "Hollywood so white" changéiert ginn, gouf bei der Presentatioun vun der Etude gesot.

Fir dës Etude goufen amerikanesch Kinos- an Televisiounproduktiouen aus dem Zäitraum September 2014 bis August 2015 analyséiert. Dobäi koum virop eraus datt de Manktem un Diversitéit am Kino méi opfält, wéi op der Televisioun.

Männlech, op mannst 40 Joer, heterosexuell

Bei 11.300 Personnagen an 414 analyséierte Filmer an Televisiounsserien, ware just een Drëttel Fraen. An nëmmen 28 Prozent hunn enger ethnescher Minoritéit ugehéiert, wat vill manner ass, wéi déi ronn 40 Prozent, déi bei der golabler amerikanescher Populatioun observéiert ginn.

Bei deenen 11.300 Persoune goufen zwee Prozent als homosexuell, lesbesch, transgender oder bisexuell identifizéiert. An 74 Prozent vun de Personnagë sinn iwwer 40 Joer a Männer, wat och de Grond ass datt vill Hollywood-Actricen "Ü-40", Problemer hunn. Aarbecht ze fannen.

Hannert der Kamera fënnt een nach vill méi seelen Fraen. Bei de Realisateure sinn et 15 Prozent, bei de Zeenaristen 29 Prozent.

Besserung bis 2020?

Eng Situatioun déi dach schlëmm ass. Hollywood – d’Stad vun de Schéinen a Räichen, de Stärecher an de Muskelmänner, den Actricen an Acteuren – gutt, esou laang se keng afroamerikanesch oder soss ethnesch Originnen hunn, net schwul oder lesbesch sinn, dat passt net an d’Bild oder? Et ass ee sterilt Bild, dat vun Ausgrenzung an Diskriminatioun, jo Rassismus dominéiert ass, eng mysogin Welt, wou, wie weess, eng net-heterosexuell Orientatioun vläicht nach als Krankheet ugesi gëtt? Géif mech net wonneren!

Dat ass och ee Bild vun Hollywood a vun den Oscaren, an et ass wichteg datt dëst Bild och an d’Welt eraus gedroe gëtt.

De Verwaltungsrot vun der Academy of Motion Picture Arts and Sciences huet awer reagéiert a wëll bis 2020 d’Zuel vun de weibleche Memberen an deene mat enger aneren Ethnie verduebelen. Et wär jo gutt wann een dat gleewe kéint.