Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - The Turning Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hommage un den Jonathan Demme

Retrospektiv an der Cinemathéik

Hommage un den Jonathan Demme

Am Abrëll dëst Joer ass den amerikanesche Cineast Jonathan Demme gestuerwen. D'Cinemathéik huet dem villsäiteg interesséierte Film-Auteur eng ëmfangräich Retrospektiv dediéiert. Am Juli haaptsächlech dem Demme seng grouss Succèsen am Beräich vum Mainstreamkino un. Filmer wéi "The Silence of the Lambs" a "Philadelphia".

auto_stories

3 min

Datt hie mat sengem Thriller "The Silence of the Lambs" därmoossen en Erfolleg, lauter Oscaren an eng fest Plaz am Mainstreamkino sollt kréien, hat och den Jonathan Demme an der Zäit iwwerrascht. A villäicht souguer e bësse schockéiert. Hien ass aus der Independent-Zeen komm a war e bëssen en "Touche-à-Tout". Well d'Retrospektive awer chronologesch verleeft, ginn elo am Juli déi zwee grouss Wërf aus den Ugangs 90er Joren an der Cinemathéik gewisen.

De Marc Scheffen bekëmmert sech ëm d'Programmatioun an der Cinemathéik. Den Jonathan Demme wier och e Representant vun der Popkultur, seet hien. Ee Film an deem Esprit wier "Mary to the Mob" aus dem Joer 1988. "Et ass e bëssen eng Verballhornung vum Mafiamythos, awer och e bëssen eng Duerstellung vum Fraebild aus den 80er Joren. An iwwerhaapt dat ganzt amerikanescht Gesellschaftsbild gëtt e bëssen duerch de Kakao gezunn op eng ganz flott ironesch Aart a Weis. Awer ëmmer mat ganz vill Empathie fir seng Personnagen." Et wier dat, wat den Jonathan Demme esou interessant géif maachen, datt et net einfach nëmme pure Sarkasmus wier.

Mat der Psyche vum Seriekiller schaffen

Mat "The Silence of the Lambs", nom Roman vum Thomas Harris a "Philadelphia" ginn och déi zwee typesch 90er Jore-Filmer vum Demme gewisen, déi wuel am meeschte bei de Leit hänke bliwwe sinn.

"The Silence of the Lambs" ass dem Marc Scheffen no ee formidabelen Thriller an dem d'Jodie Foster an den Anthony Hopkins grandios géif spillen. Et wier awer och e Film deen abyszal a viszeral Angscht géif maachen, well en net mat plakativen Effekt-Elementer schaffe géif. "Mä well e mat de Personnage mat der Psyche vun dem Seriekiller oder dem Psychopath, den Anthony Hopkins schafft. D'Relatioun tëscht him an dem Jodie Foster, där FBI Agentin déi réischt ganz am Ufank vun hirer Carrière steet, a wat sech do e ganz sadomasoschistescht Spill tëscht deenen Zwee entwéckelt." Ma och d'Mise en scène vum Jonathan Demme an d'Schaffe mat de ville Gros Plans géif eng atmosphäresch Dicht maachen bei där sech déi beklemmend Geschicht an d'Gedächtnis aggravéieren.

Thematik Aids

En anere Film "Philadelphia" huet e ganzt anert Motiv. Et ass ee vun den éischte Filmer dee sech mat der Thematik vun Aids befaasst huet. Och hei huet de Jonathan Demme de Film ronderëm grouss Acteure wéi dem Tom Hanks an dem Denzel Washington opgebaut. Fir de Marc Scheffen sinn et zwar scho Mainstream-Filmer, mä behandele si seriö Themen. Den Haaptpersonnage, gespillt vum Tom Hanks, hëlt säi fréiere Patron op d'Geriicht, deen e soi-disant wéinst enger Faute grave, a Wierklechkeet well en Aids huet a schwul ass, erausgehäit huet. Säin Affekot, de Personnage vum Denzel Washington, muss fir d'éischt emol mat sengen eegenen homophoben Tendenzen, a senger Angscht, fir sech unzestiechen, zu Wee kommen. "An do iwwerfrachte sech e puer Thematiken. E ganz interessante Film deen och e soziologesche Regard op d'Gesellschaft geheit."

Mam Film "Truth about Charlie" aus dem Joer 2002, gespillt vum Mark Walberg an Andy Newton an der Haaptroll, gëtt ee Film gewisen, dee guer kee Succès am Kino hat. Et wier eigentlech e Remake vum Film "Charade" awer mat engem grousse perséinlechen Touch. De Cineast huet awer alles anescht wéi just ee banale Remake gemaach, mä der Geschicht nach eng Rei méi Thriller-orientéiert Facetten ofgewonnen.