LuxFilmFest "Nom Krich sinn d'Frae Kämpfer"

D'Konsequenze vum Biergerkrich a Georgien, Uganks den 90er Joeren, ass de Sujet vun "House of others". Dëse schéinen a meditative georgesche Film ass an der offizieller Kompetitioun vum LuxFilmFest. De Michel Delage huet sech mat der Realisatrice Rusudan Glurjidze ënnerhalen.

Michel Delage

Rusudan Glurjidze.JPG
Rusudan Glurjidze, Realisatrice vun "House of others"

Interview Rusudan Glurjidze

De Biergerkrich, duerch dee sech d'Regioun Abkhazien vu Georgien getrennt huet, hätt hir Generatioun markéiert, seet d'Rusudan Glurjidze. Déi 44-Joer al georgesch Realisatrice huet et als hir Flicht ugesinn, iwwert dës international manner bekannt Period ze schwätzen. Och fir an hirem Land ze versichen ze flecken, wat futti gemaach ginn ass. "Fir mech ass Kino wéi eng Bréck tëschent de Leit, eng Bréck vum Verstees-de-mech. Ech versiche grad, een Dialog mat Abkhazier unzefänken - am Fong sinn et Georgier."

"House of others" erzielt d'Geschicht vun zwou abkhazesche Familljen, déi sech nom Krich an engem Duerf néierloossen, dat déi georgesch Awunner hu misste verloossen. "Op béide Säite gëtt et gutt Mënschen, déi an enger ganz schlëmmer Situatioun sinn. Dat ass eng Ursaach vu Mëssverständnesser", seet d'Rusudan Glurjidze. "Nei Relatioune mat deenen neie Generatiounen, mat den Abkhazier knäppen, dofir musse mer eis virun allem emol verstoen. Vläicht, hoffentlech ass mäi Film ee Schratt fir sech besser ze verstoen."

"D'Zëmmer an d'Saachen erzielen heiansdo méi wéi Dialogen"

Béid Familljen am Film installéieren sech an Haiser, déi net hir sinn. Däischter Biller, eng diffus Luucht, déi vu baussen erakënnt an de Raum erfëllt, eng bedréckend Atmosphär, an där déi nei Bewunner sech net richteg wuel spieren. Ënnert anerem hätt d'Realisatrice mat hiren Techniker versicht, "fir d'Präsenz vun de fréiere Bewunner vun dësen Haiser spieren ze loossen. Fir mech ass en Haus nämlech net einfach nëmmen ee Gebai, mee en Deel vu menger Vergaangenheet, vu mengen Erënnerungen."

Foto: Gorja Gomez Andreu

An den Zëmmeren dréint d'Kamera lues, a flëssege Bewegungen ëm hir Achs, filmt Miwwelen an och Spigelen, déi d'Personnagë reflektéieren. Et bräicht een an engem Film net vill Dialogen, fir eng Geschicht z'erzielen, erkläert déi georgesch Cineastin Glurjidze. "D'Zëmmer an d'Saachen erzielen heiansdo méi wéi Dialogen. Andeems der des Banneraim a Stécker vun hire Liewe beschreift, beschreift der hiert Liewe besser wéi eleng mat de Wierder - op eng visuell Aart a Weis. Well fir mech ass de Kino eng visuell Konscht."

Neien Ufank an enger paradisescher Landschaft?

Am Kontrast zu de bedréckende Bannenopname steet d'Natur, déi gréng, vun Niwwel erfëllten Hiwwel-Landschaft. Wéi ee Paradäis, deen d'Hoffnung vun engem Neiufank versprécht, confirméiert d'Realisatrice. Allerdéngs hätt ee keng Autorisatioun kritt fir an Abkhazien selwer ze filmen, dat vu russesche Truppe besat ass. Dofir hätt een ähnlech Landschaften a Georgien fonnt. Eng wéinst dem Krich verloosse Landschaft gëtt am Film duergestallt.

Foto: Gorja Gomez Andreu

Zwou Familljen, haaptsächlech Fraen, versichen do nees ee Liewen opzebauen. Fir d'Rusudan Glurjidze sinn "nom Krich Fraen d'Kämpfer, well se fir de Fridden nom Krich musse kämpfen. D'Männer a Georgien hu sech am Krich géigesäiteg zerstéiert". Keng Fraegeschicht wier "House of others", mee eng mat staarke Frae-Personnagen, dorënner eng Fra, déi als Sniper während dem Krich aktiv war. "Et ass ëmmer esou, dat entsprécht eiser Liewenserfarung."

Nieft abkhazesche Milizionären, déi sporadesch am Film zum Zuch kommen, gëtt et just ee Mann an der Famillje-Konstellatioun. Ee Famillje-Pappen, dee schwaach an apathesch ass. "Allgemeng si Fraen an esou Situatioune méi staark ewéi Männer. Dëse männleche Personnage ass komplett zerstéiert. Selwer huet hien net gekämpft, hie wëll näischt mam Krich ze dinn hunn. Iergendwéi ass dee Mann e Geescht ginn an dëser onbekannter a friemer Ëmwelt."

"D'Kanner sinn d'Hoffnung"

Tëschent deenen zwou Familljen am Duerf gëtt et net vill Kontakter. Deen eenzegen zolitte Lien gëtt tëschent zwee Kanner opgebaut: ee jonke Bouf an eng Teenagerin. "Et ass meng Hoffnung, datt déi nei Generatiounen an d'Kanner d'Bezéiungen an d'Liewen am grousse Ganzen nees opbauen", seet d'Rusudan Glurjidze. D'Kanner wieren am Krich weider näischt ewéi Affer. "Si verstinn net, firwat se op eng aner Plaz musse liewe goen. Een neit Liewen op enger friemer Plaz unzefänken ass fir déi Kanner ee ganz emotionale Moment. Mee si hunn d'Hoffnung an eng staark Leidenschaft fir einfach nëmmen ze liewen." Hir Eltere wieren dogéint eidel. "Dat ass hiren Haaptproblem. Et si gebrache Leit, déi et net emol fäerdeg bréngen, mat eneen ze schwätzen."

Fir d'Rusudan Glurjidze war "House of others" eng Flicht. D'Realisatrice wollt sech vun deenen Emotioune befreien, fir sech mat "normalen Emotiounen aus dem normale Liewe" kënnen ze beschäftegen. Deen nächste Film sollt deemno een Drama ginn iwwer d'Relatiounen tëschent zwou Generatiounen, och mat witzegen Elementer - de politesche Volet wier an engem Land ewéi Georgien ni ganz ewech ze denken, sou d'Cineastin.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

glory
Luxembourg City Film Festival

De bulgaresche Film "Glory" stellt déi mënschlech Relatiounen an engem ongerechte System an de Mëttelpunkt. En éierlechen a beweegende Film. Interview mam Haaptacteur a Co-Zeenarist.

Ray Liotta.JPG
Ray Liotta

De Ray Liotta ass op Besuch beim Filmfestival. Am Interview mam radio 100,7 schwätzt den Acteur iwwer säi leschte Film "Sticky Notes", iwwer romantesch Rollen an den Iwwerfloss vu Superhelden.

Sami-Blood-01-(c)-DR.jpg
Luxembourg City Film Festival

"Sami Blood" erzielt d'Revolt vun engem jonke Meedchen am Schwede vun den 1930er Joren. Gläichzäiteg geet d'Wierk op d'Schicksal vun enger ënnerdréckter ethnescher Minoritéit am skandinavesche Land an.

The-Lost-City-of-Z-(c)-DR.jpg
Luxembourg City Film Festival

Mam James Gray a mam Charlie Hunnam geet et an dat brasilianescht Heart of Deakness. Trotz gewaltegen an epesche Bildkompositioune verpasst de Film et de Spectateur richteg ze fesselen.

Clint Bentley an Greg Kwedar.JPG
Luxembourg City Film Festival

Den amerikanesche Film Transpecos ass ee faszinante Thriller, deen d’Loyalitéit vu Polizisten op der amerikanesch-mexikanescher Grenz op d’Prouf stellt. Interview mam Realisateur a mam Co-Zeenarist.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Noriichten

  • Aachtchen

  • Noriichten

Net verpassen

  • Krautwëschdag um radio 100,7

    krautwësch ouni Text

    De 15. August ass Léiffrawëschdag, en Dag op deem d'Natur an den Himmel am Mëttelpunkt stinn. De radio 100,7 proposéiert e Feierdagsprogramm.

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen