Méi wéi 40 Joer laang stoungen de Produzent Ismail Merchant an de Cineast James Ivory, zesumme mat hirer Zeenaristin Ruth Prawer Jhabvala, fir apaart soignéiert Adaptatioune vu gudde Roman-Virlagen. E.M. Forster, Henry James, Kazuo Ishiguro waren Trëmp an hirem Repertoire. Een typesche Merchant-Ivory Film spillt an der Zäit knapp virum éischte Weltkrich, an ëmmer gi komplex Verflechtunge vu Bezéiungen an Handlungen an Zeen gesat.
Dräi Trëtt op der sozialer Leeder
An Howards End begéine mir dräi Ensembele vu Personnagen, déi dräi Trëtt op der sozialer Leeder entspriechen. An der Mëtt, an am Mëttelpunkt: d'Schlegel-Gesëschter. Zwou jonk Dammen, gebilt, progressistesch, awer no de Critère vun deemools dem Risiko ausgesat al Jofferen ze ginn, wann do net gläich eppes geschitt. Duergestallt goufe si vun der Emma Thompson an der Helena Bonham-Carter. Driwwer, d'Wilcox-Famill. Ee räichen Entrepreneur mat den Traite vum Anthony Hopkins, seng Fra, Vanessa Redgrave, an hir dräi erwuesse Kanner, ënner anerem gespillt vum James Wilby. An um Enn vun der Linn, d'Bast-Koppel. Ee bluttjonke klengen Employé, alias Samuel West, dee struewelt fir sech mat sengem klenge Loun, a limitéierter Fräizäit, Bildung ze verschafen. A seng e gudde Strapp méi al Fra, bei där implizéiert gëtt datt si keng aner Ressourcen hätt wéi als Prostituéiert ze schaffen, wa si net bestued wier.
Eng Frëndschaft entsteet tëscht där eelerer, kleesperer Mme Wilcox, an enger vun de Schlegel-Schwësteren. D'Madame Wilcox ass entsat, datt d'Gesëschter deemnächst plënnere mussen, well hire Bail net verlängert gëtt. Si selwer hängt onheemlech un hirem Gebuertshaus, Howards End. Eng wonnerschéi Proprietéit um Land. Wéi si am Stierwe läit, decidéiert si se hirer Frëndin ze verierwen. Déi aner Wilcoxen sinn iwwerzeegt dovun, datt dat entspriechend Dokument keng legal Gültegkeet opweist. A si loossen et verschwannen. Si doen de Schlegelen, an deenen hirem Frënd Bast, gewollt oder ongewollt, nach méi Onrecht un.
Sou recommandéiert de Wilcox via d'Schwësteren, déi hien no engem gudden Tipp gefrot haten, dem Leonard Bast, de Patron ze wiesselen. De gudde Rot erweist sech als desastréis. Mä iwwerdeems d'Schlegelschwëstere vu Scholdgefiller zerfriess sinn, bleift hie selwer komplett onberéiert. Engem Aarme geet et, wéinst him, vun haut op muer nach méi schlecht. An dann?
Nuancéierte Portrait vun enger Epoque
Säin onglécklecht Verhalen generéiert awer nach allerlee Entwécklungen an der Geschicht, bis hin zu engem tragesche Klimax. Op eng ganz onopdränglech Manéier, a bei all senge groussaartege Schauspill-Performancen, herrlechen Natur-Opnamen, a sophistikéierten Décoren a Kostümer, thematiséiert Howards End onmëssverständlech Ongerechtegkeeten déi mam soziale Status, a mam Geschlecht zesummenhänken. An zeechent doduerch en nuancéierte Portrait vun enger Epoque, dee wäit iwwert ee schéi gemaachten Drama iwwer Bourgeoisen an ale Kleeder erausgeet.
Dat ass déi grousst Stäerkt vun dësem Film, a vu Merchant-Ivory Produktiounen am Grousse Ganzen. Grandios a komplex Geschichten z'erzielen iwwer Leit déi keng groussaarteg historesch Figure sinn, mä sech mat alldeegleche Sujete wéi Privatbesëtz, Reputatioun, a Léift erëmklappen. Déi opwenneg 4K-Restauratioun dréit hiert dozou bäi, datt ee muss soen "Wiedersehen macht Freude".