Radioen

On air

Notturno  |  Colleen - Implosion-Explosion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Humorvolle Selbstportrait vun engem traumatiséierte Bouf

Literatur

Humorvolle Selbstportrait vun engem traumatiséierte Bouf

Deelweis zu Lëtzebuerg geschriwwe vun der Paräisser 100,7-Korrespondentin: Fir hiren autobiographesche Roman "Rhapsodie des oubliés" (Editions de la Martinière) gouf d'Sofia Aouine viru kuerzem mam Prix de Flore ausgezeechent. Mat hirer faarweger a witzeger Sprooch huet d'Autorin dee richtegen Toun gerode fir eng Partie ganz eescht Themen ze behandelen.

auto_stories

3 min

"Ma rue raconte l'histoire du monde avec une odeur de poubelles. Elle s'appelle rue Léon, un nom de bon Français avec que des métèques et des visages bruns dedans." Sou fänkt "Rhapsodie des oubliés" un, den éischte Roman vun der Sofia Aouine.

Den Haaptprotagonist an Erzieler ass den 13 Joer jonken Abad, ee Kand vu libaneseschen Immigranten, déi sech viru kuerzem zu Paräis néiergelooss hunn. Well seng aarm Elteren sech net richteg ëm hie kënne bekëmmeren, gëtt den Abad séier e "cassos", oder "cas social" - e bësse wéi de jonken Antoine Doinel am Truffaut sengem Filmklassiker "Les 400 coups", op deen sech ausdrécklech am Roman bezu gëtt.

D'Autorin war selwer eng "enfant irrégulière"

Déi 41 Joer al Schrëftstellerin a Journalistin Sofia Aouine huet sech un hirem eegene Liewenswee inspiréiert. Si selwer war eng "enfant irrégulière", wéi si am Nowuert vum Roman präziséiert. Am Alter vun zwee Joer haten hir algeeresch Elteren se an engem staatleche Sozialdéngscht ofginn.

Dat klengt Sofia gouf dunn a "familles d'accueil" placéiert. Wat si laang fir eng Legend gehalen hat krut si duerch perséinlech Recherchë confirméiert: als Kand war si tatsächlech der berüümter Psychanalystin a Kannerdoktesch Françoise Dolto iwwert de Wee gelaf, déi dem klenge Sofia soll eng Schrëftsteller-Karriär virausgesot hunn...

"Les souvenirs traversent la peau des familles"

Interessanterweis spillt am Roman "Rhapsodie des oubliés" eng Psychanalystin eng zentral Roll. "La dame de l'ouvrir dedans", wéi den Abad si nennt, soll dem Jong hëllefen, sech selwer ze verstoen a seng traumatesch Kandheet am vum Biergerkrich zerstéierte Libanon ze verschaffen.

D'Psychanalystin hirersäits belaascht ee schwéiere Familljentrauma: déi jüddesch Eltere vun hirer Urgroussmamm goufen am Zweete Weltkrich deportéiert, dat klengt Meedche krut een aneren Numm an eng aner Relioun zougeschriwwe fir kënnen z'iwwerliewen. De psychologesche Kampf mat där duebeler Identitéit huet och dem Meedche seng Nokomme gepräägt. "Les souvenirs traversent la peau des familles", heescht et am villschichtege Roman.

Deene Vergiessenen eng Stëmm ginn

Engem änlechen Dedoublement entsprécht och d'Spill tëschent der Autorin Sofia Aouine an hirem Alter Ego Abad, dee mat Naivitéit mee och erstaunlecher Luciditéit d'Liewen a sengem Paräisser Quartier Barbès - La Goutte d'Or, am 18. Arrondissement, beschreift: eng Prostituéiert aus Kamerun; eng jonk Fra, déi sech hannert engem islamesche Voile muss verstoppen; Pappen, déi e Liewe laang ausgebeut goufen, doheem net vill schwätzen dofir awer hir Frustratioun un de Kanner ausloossen. Si all sinn d'"oubliés" aus dem Roman-Titel, deenen d'Sofia Aouine heimat eng Stëmm gëtt.

Zustane koum den Text deelweis an der Autoreresidenz zu Buerglënster, an där d'Sofia Aouine sechs Méint verbruecht huet. De Roman, dee vu kulturelle Referenzen nëmmen esou spruddelt (Zola, Duras, Proust, Truffaut), ass an enger salopper, faarweger, sprëtzeger, flësseger, a virun allem witzeger Sprooch geschriwwen, fräi vu Pathos a Larmoyanz. Zum Beispill gëtt déi schläichend Islamiséierung vum Quartier mat Begrëffer wéi "Barbapapas" (Islamisten) oder "Batman" (verschleiert Fra) mat humoristesche Wuertkreatiounen op Distanz gehalen.

D'Autorin huet dee richtegen Toun gerode fir eng Partie ganz eescht Themen ze behandelen. De Lieser gëtt um Enn vum Buch an eng optimistesch an hoffnungsvoll Stëmmung entlooss. "Rhapsodie des oubliés" ass en alles an allem gelongenen Debut-Roman, fir deen - wéi et schéngt - eng Suite geplangt ass.