Kultur "Il fait froid" am Walfer CAW
Viru knapps zwee Joer ass de CAW zu Walfer ageweit ginn. Mat "Culture @ Walfer" huet déi fréier Gemengegalerie net just en neien Numm, mee och en neit Konzept kritt. An Zukunft sollten am Ausstellungsraum confirméiert Kënschtler am Dialog mat jonken Talenter ausgestallt ginn. D'Gemeng huet ee Joer drop Marche arrière gemaach, fir d'Galerie nees de lokale Kënschtler zur Verfügung ze stellen. Haut wiessele sech béid Konzepter of.

Richteg erfrëschend? D'Curatrice Fanny Weinquin huet hir Summer-Expo am Walfer CAW "Il fait froid" gedeeft. D'Konschthistorikerin schafft zanter 2011 déi historesch Sammlunge vun den zwee Muséeë vun der Stad Lëtzebuerg op, war donieft an der Wild Project Gallery aktiv a fir de Volet plastesch Konscht um Food for your Senses Festival zoustänneg. Zzanter zwee Joer baut si sech en zweet Standbeen als onofhängeg Curatrice an Ausstellungscommissairin op.
Archivaresch Aarbecht als Basis
Dem Ben Heyart seng Naturmolereien, Grafiken an Tusche sinn tëscht 1984 an 1995 entstanen. Eng kuerz Period, gekuckt op seng ganz Carrière. No senge Konscht-Studien zu Paräis a Bréissel huet de Ben Heyart bis zu sengem Doud 2009, mat 82 Joer, net just verschidde Phasen a Stiler getest, nieft dem Molen huet hie sech fir Mosaiken a Glaskonscht-Fënsteren interesséiert. Vun 1957, also vu sengem 30. Liewensjoer un, war de Ben Heyart och Proff am Stater Jongelycée an am Kolléisch.
Eng omnipresent Natur
D'Fanny Weinquin huet also näischt iwwer de Knéi gebrach, an dat spiert een. Tëscht der Expo "Il fait froid" an der Iwwerzeegung, datt dem Lidderhanes bei der Aarbecht kal gëtt, existéiert kee Lien.