Radioen

On air

Tockcity  |  Pip Blom - I Can Be Your Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Im Umbruch - Nikolaus Welter reloaded

Theaterkritik

Im Umbruch - Nikolaus Welter reloaded

Am Kader vum 150. Gebuertsdag vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Nikolaus Welter huet den Olivier Garofalo en Theatertext geschriwwen, dat elo op der Bün vum Mierscher Kulturhaus ze gesinn ass. Wéi een de Passé mam Present dramhaft a gläichzäiteg absolut realistesch vermëscht, dat weist d'Ekipp ronderëm de Regisseur Tom Gerber ganz iwwerzeegend.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


"Wenn ich in sichern Friedenstagen
Dir, Vaterland, ergeben war,
Wie soll ich dir nicht Treue tragen
Im bitteren Ernste der Gefahr"

Dës Zeilen aus dem Nikolaus Welter sengem Gedicht "An die Heimat" sinn d'Leitmotiv vum Olivier Garofalo sengem Stéck "Im Umbruch", déi leider näischt un Aktualitéit verluer hunn.

Eng duerchschnëttlech biergerlech Famill

Op der Bün si mir an der Géigewaart. Eng duerchschnëttlech biergerlech Famill - Mamm, Papp, Kand an d'Groussmamm, déi oft, vläicht ze dacks op Besuch kënnt.

De Papp ass Schoulmeeschter an d'Duechter an der Ausbildung fir och Léieren ze ginn. D'Mamm ass um Wee vun der Emanzipatioun an d'Bomi genéisst hier lescht Joren am léifsten a Gesellschaft vum Nikotin a spruddelegem Alkohol.

Et ass dem Meedche säi Gebuertsdag. Mee amplaz ze feieren, kënnt den Theo erageschneit, e Kolleeg vum Papp, dee politesch am Gaangen ass, d'Leeder ganz héich erop ze klammen. Et ass eng Kris an der Regierung an him geet et dorëms, doraus säin Notzen ze zéien - an dat geet am Beschte mat rietspopulistesche Gedanken.

Dofir brauch den éiergäizegen Theo, gespillt vum Marc Baum, Ënnerstëtzung. Den Thomas Peters, deen den a sengem Beruff frustréierte Papp spillt, klëmmt aus sengem Schlabberlook fir a Kostüm a Krawatt och perséinlech en Ëmbroch ze vollzéien.

Seng Fra Marie, duergestallt vun der Fabienne Hollwege, ass entsat. Mat der Duechter Charlotte, ganz talentéiert gespillt vun der jonker Fenna Benetz, probéiert si den Theo an deem seng nationalistesch Iddien aus dem Haus ze verdreiwen - wat net esou einfach ass, well si och eng Virgeschicht mam Theo huet.

De Geescht vum Nikolaus Welter

An an dës aktuell Realitéit daucht ëmmer erëm de Geescht vum Nikolaus Welter op. Extraiten aus sengen Texter gi ganz elegant a mol subtil, mol bewosst däitlech agebaut. An dat op villen Niveauen.

Grad esou vill Niveauen huet dann och d'Spill op der Bün. Danz a Gesang, Recitatioune vum Welter senge Schrëften an dann de Claude Mangen als Geescht vum Bopa, oder vum Welter, seng Stëmm mol aus dem Off, mol reell, als opmierksame Beobachter, mol zynesch, mol gebrach, mol matzen dran, mol bausse vir...

Fir dem ganzen nach méi Dimensioun ze ginn, ginn Zeenen aus laang vergaangen Zäite gebueden, a passende Kostümer a Beliichtung. E ganz gelongenen Ëmbroch huet de Regisseur hei hikritt.

Nationalismus, Bild vun der Fra, Famill an dem eenzelen seng Responsabilitéit an der Gesellschaft an a politeschen Entwécklungen, am Zesummespill mat der Situatioun a der Zäit vum Nikolaus Welter sengen Texter, sengen Approchen - dat alles huet den Olivier Garofalo intelligent, koherent an héichklasseg zesummegesponnen. Déi an alle Hisiichten immens ästhetesch Inzeenéierung verschaaft dem Public nodenklech a schéi Momenter.