Radioen

On air

Notturno  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pointéierten, melodiéisen, erfrëschend verstëbste Schreifstil

Jerôme Netgen - Wolleken iwwer Hawaii

Pointéierten, melodiéisen, erfrëschend verstëbste Schreifstil

Eng nei Serie mat fënnef schmuele Bänn ass elo bei Edition Kremart publizéiert ginn. Ënner dem Numm Timba ass dës Kollektioun erauskomm, wou de Marc Wilwert, de Jerôme Netgen, d'Catherine Gitzinger, d'Sophie Gitzinger an de Luc Marteling hir Kuerzgeschichten publizéiert hunn. D'Valerija Berdi huet dem Jerôme Netgen seng Erzielung "Wolleken iwwer Hawaii" gelies.

auto_stories

2 min

Kennt Dir Openthalt? De Lieu-dit am Weste vu Lëtzebuerg, iergendwou bei Kolpech, Rued an Ell. A genee deen Eck huet de Jerôme Netgen seng Figure ronderëm den enigmatesche Personnage mam Numm Mats gesat.

Hie war op eemol einfach do. An op eemol einfach net méi, schreift de Jerôme Netgen. Mee et ass mol net d'Geschicht vum Mats, déi dës kleng Erzielung esou spannend mécht, mee déi ganz besonnesch Atmosphär, déi den Netgen mat dësem Lokalkolorit verschafft.

D'Generatioun vun den haut 50-Jähregen, déi an der Flower-Power-Zäit oder op d'mannst der Virstellung vun dëser hänke bliwwen ass an dat an engem Lëtzebuerger Duerf, ass d'Bild, dat den Auteur hei, ouni Nostalgie, zeechent. Eng Geschicht voller Referenzen un d'Musek aus de 70er an 80er Joren an dem Geescht vum Flying Dutchman an dem Bloen Eck.

D'Figure sinn, ausser dem Mats, éischter verschwomme Silhouetten. An dat ass dann och dat eenzegt, wat ee bedauere kann, well d'Loscht dës ureg Gestalte besser kennenzeléieren, grouss ass. Fir d'Freed um Liese suergt awer och dem Netgen seng Sprooch.

D'Story hätt net kënnen an enger anerer Sprooch geschriwwe gi wéi op Lëtzebuergesch, an déi ass dem Netgen wonnerbar gelongen. De Stil ass knapp, pointéiert an awer immens melodiéis, iergendwéi erfrëschend verstëbst, wann Dir mir dësen Oxymoron erlaabt.

Eng Rei Alliteratioune suerge fir Schwong, d'Duerstellung vun de Personnagë fir Humor an déi onkonventionell Dramatik fir d'Spannung.

Wien d'Geschichte ronderëm den Här Lehmann vum Sven Regener gären huet, kennt mat de "Wolleken iwwer Hawaii" an de volle Genoss. Eng kuerzweileg Lecture, déi no méi verlaangt.