Radioen

On air

Al Schanken  |  Jim White - Handcuffed To A Fence In Mississippi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Buedem, op deem een doheem ass

Literaturpräis vun der Europäescher Unioun

De Buedem, op deem een doheem ass

Zefridden am Gaart oder op der Gewan sëtzen a sech mat sengem Grond a Buedem verbonne fillen. An da kënnt een deen Iech seet: Réckel, dat hei ass mäin Terrain. Wat géif dat Iech ausmaachen? Eng Fro, déi de spueneschen Auteur a sengem Buch "La Tierra que pisamos" (De Buedem, op deem mir trëppelen) opwerft.

auto_stories

2 min

(© Literaturpräis vun der Europäescher Unioun 2016)

Mat 20 Joer huet de Jesús Carrasco ugefaang mat schreiwen, mee réischt mat 40 Joer publizéiert hie säin éischt Buch. Soulaang hätt hie fir d'éischt nach misse Schreiwe léieren, erkläert den Auteur. Wéi mécht en dat? "Vill schreiwen", erkläert de Jesús Carrasco: "No an no mierks du, dass däi Stil Form kritt, dass deng Theme kohärent ginn, an dass eng staark Expressioun entsteet." An dee Léierprozess wier nie ofgeschloss.

Zum Léieren gehéiert natierlech och d'Liesen. Hie géif all Zort Literatur liesen, seet de Carrasco, dorënner vill spuenesch Auteuren a jonk Auteuren vu senger Generatioun. An hie géif sech fir déi vill verschidde Visiounen vun der Welt interesséieren, déi d'Literatur kéint offréieren: Vu Mark Twain, iwwer Georges Perec bis zum Cervantes.

Ee perséinlecht Buch

A sengem zweete Buch "La Tierra que pisamos" geet et ëm de Buedem. Méi präzis: Ëm d'Relatioun tëscht engem Mënsch an deem Buedem, op deem en doheem ass. D'Verbonnheet mat senge Wuerzlen a mat der Natur ass dem Auteur wichteg. Hie selwer ass an enger ländlecher Géigend a Spuenien opgewuess.

D'Thema ass schonn a sengem éischte Roman "Intemperie" ugeklongen. An deem Sënn ass "La Tierra que pisamos" eng Suite vum éischte Roman.

Grouss Opmierksamkeet

Fir de Jesús Carrasco, dee fir dëst Buch scho mat méi Präisser auszgezeechent gouf, war et trotzdem ee besonneschen Moment wou hie gewuer gouf, datt en de Literaturpräis vun der Europäescher Unioun géif kréien. Hien huet gemengt et wier ee Witz, op eemol esou ee "grousse Präis" ze kréien, un dem all d'EU-Memberstaate sech bedeelegen.

Et wier fir hien ee gigantesche Sprong a Saachen Ëffentlechkeetsaarbecht. Mee net just déi spuenesch Medie sinn op dee jonken Auteur opmierksam ginn. Hie krut och Ufroe fir d'Buch an aner Sproochen z'iwwersetzen.

An der Tëscht schéngen 13 Editiounshaiser sëch fir d'Iwwersetzung z'interesséieren. Op Franséisch kënnt "La tierra que pisamos" wahrschienlëch bei Robert Laffont eraus.