Radioen

On air

De Moien  |  De Senegal steet viru grousse Verännerungen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jhemp Hoscheit - Wootleche Krich: Sensibel a villschichteg

Kultur

Jhemp Hoscheit - Wootleche Krich: Sensibel a villschichteg

Eent muss een dem Jhemp Hoscheit loossen - hie ka wonnerbar Geschichten erzielen. "Wootleche Krich" ass awer net just eng spannend Geschicht, mee e Roman, deen op ganz vill Niveauen iwwerzeegt, fënnt d'Valerija Berdi an hirer Kritik.

auto_stories

3 min

"Et ass d'Zäit vum Kale Krich an e wootleche Krich war doheem ausgebrach. D'Waasser kacht an et brauch net vill, da leeft d'Kasseroll iwwer an den Hausfridde geréit komplett op d'Kopp."

No "Perl oder Pica" an "Aacht Deeg an der Woch" geet de Jhemp Hoscheit nach emol an d'60er Joren an op Esch-Uelzecht zeréck.

Mir begéinen hei dem Max a senger Schwëster Alice. Hir Eltere hu sech getrennt, d'Meedche wunnt mat der Mamm bei der Boma, de Bouf ass bei sengem Papp.

Kale Krich, Tabuen a Geheimnisser

D'Alice erzielt sengem Brudder, hatt wier am Lavalspark vun engem frieme Mann ugepaakt ginn an de Jong decidéiert, dëse Mann ze fannen. Hie grënnt eng Clique, verréit senge Kolleegen awer net, wat d'Ursaach ass. De Max erzielt vun de béise Rouden, déi d'Land wëlle regéieren a kritt seng Band dovun iwwerzeegt a geheimer Missioun nom onbekannte roude Jojo ze sichen, en Numm, deen de Max aus engem Lidd, dat hie begeeschtert, geklaut huet ... dem Henri Salvador sengem "Zorro est arrivé".

An et sinn u sech dës dräi Themen, aus deenen dëse Roman gestréckt ass: de Kale Krich, Tabuen a Geheimnisser.

Mat ganz vill Geschéck geléngt et dem Jhemp Hoscheit unhand vun dëser Ufanksstory e Gesellschaftsbild vun Esch an de Mëtt 60er Joren ze zeechnen.

Dem Max säi Papp schafft beim Geheimdéngscht an de Bopa verréit dem Bouf eng ganz Rei Geheimnisser, déi dem Jong Fantasie fatzeg befligelen. Geheimnisser hunn awer och aner Mënschen, an et ass eng Zäit, an där een iwwer sou Munches net schwätze kann, net schwätze wëllt ...

Sexualitéit ass esou en Tabu-Thema, a wann et ëm Mëssbrauch geet, da gëtt et nach méi schwiereg.

"Eng Epicerie ass wéi e Beichtstull ..."

De Jhemp Hoscheit brécht net dësen Tabu, hie weist, wéi komplizéiert dëse Sujet virun allem an dëser Zäit war. Enger Zäit, wou d'Kierch déi wichtegst Moralinstanz war, a wa grad do Kanner mëssbraucht ginn, dann ass et ëm sou méi schwéier domat ëmzegoen.

Domat ëmzegoen heescht, och mat den eegene Kanner doriwwer schwätzen, mee wéi schwätzt ee mat hinnen doriwwer, wann een am Virfeld alles, wat mat der Sexualitéit ze dinn huet, virun hinne verstoppt huet

"Eng Epicerie ass wéi e Beichtstull ..."

D'Epicerie vun der Madamm Zimmer ass eng weider Plaz, wou vill Geheimnisser doheem sinn, et ass den Dréipunkt vu Gerüchter, vu Beschass, awer och vu Vertrauen a sech wuelfillen ...

"D'Famill ass de Mëttelpunkt, a wat de Kanner doheem indirekt vermëttelt gëtt, dat huet och Auswierkung op déi gesellschaftlech Bezéiungen."

D'Lecture vun dësem Buch ass e Genoss

Kierch, Schoul, Politik an natierlech d'Famill ... alles ass wootlech an et soll esou bleiwen, net waarm, net kal, net kloer ... e bëssen dréif, alles ongewëss ... et ass eng Angscht do, ënnerschwelleg, virun de Russen, virun der Gewerkschaft, virum Gott. Kloer ass awer dem Jhemp Hoscheit seng Sprooch, mat där et him wonnerbar geléngt, d'Stëmmung an d'Atmosphär vun dëser Ära eriwwerzebréngen. Dann de Wiessel vun de Perspektiven. Mol ass et d'Vue vun de Kanner, dann déi vun den Erwuessenen op d'Politik, op déi eenzel Figuren, op d'Mënschen. An dës Perspektive sinn absolut kohärent, iwwerzeegend an iwwerraschend.

Wootleche Krich ass e Roman, deen ee mat vill Loscht liest, well en immens räich ass un Informatiounen iwwer d'60er Joren zu Lëtzebuerg. Vill Nimm a Plazen, deenen ee begéint, sinn engem e Begrëff.

Mee et ass dem Hoscheit seng Sensibilitéit a säi literaresche Savoir-faire, déi aus dëser Lecture e Genoss maachen, op deen een net verzichte soll.