Kultur Jo Kox wiesselt an de Kulturministère

De Jo Kox ass neie Premier Conseiller de Gouvernement am Kulturministère. Dat confirméiert de fréieren administrativen Direkter vum Stater Casino - Forum d'Art Contemporain eis op Nofro hin.

Jo Kox.JPG

De Regierungsrot huet d'Nominatioun de Moie guttgeheescht, op Virschlag vun der neier grénger Kulturministesch Sam Tanson. De Jo Kox, Brudder vum gréngen Deputéierten Henri Kox, huet déi lescht zwee Joer d'Aarbechten um Kulturentwécklungsplang koordinéiert. Hien huet sech de Mëtteg den anere Beamten am Kulturministère presentéiert.

Et gouf och annoncéiert, datt d'Beamte Max Theis a Gilles Lacour an den Educatiounsministère wiesselen. De fréieren RTL-Journalist soll do hëllefe fir d'Projeten aus dem Koalitiounsaccord ëmzesetzen an de Gilles Lacour gëtt am Educatiounsministère fir den Enseignement Musical zoustänneg.

Wéi RTL mellt wiesselt den Olaf Münichsdorfer, fréiere Porte-parole am Nohaltegkeetsministère an den nei geschafenen Energieministère. Hie gëtt Premier Conseiller de Gouvernement a soll an Zukunft fir d'Relatioun tëscht dem Ëmwelt- an Energieministère responsabel sinn.

D'Francine Closener wiesselt, wéi den Etienne Schneider op dëser Antenn schonnn annoncéiert hat, an den Ausseministère a gëtt do responsabel fir den Nation Branding.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen