Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Stan Vreeken - Martha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ John Reed - Ten Days That Shook the World

Een Thema - Ee Buch

John Reed - Ten Days That Shook the World

De John Reed ass de Grënner vun der éischter kommunistescher Partei an den USA. Hien war Krichsjournalist an Europa wärend dem 1. Weltkrich an Zäitzeien vun der russescher Revolutioun. A sengem Buch "Ten Days That Shook the World" erzielt hien ganz minutiéis d'Entwécklung vun der Oktoberrevolutioun.

auto_stories

5 min

"Mit größtem Interesse und nicht erlahmender Aufmerksamkeit las ich John Reeds Buch Zehn Tage, die die Welt erschütterten, und ich möchte es den Arbeitern in aller Welt von ganzem Herzen empfehlen. Dies ist ein Buch, das ich in Millionen von Exemplaren verbreitet und in alle Sprachen übersetzt wissen möchte. Es gibt eine wahrheitsgetreue und äußerst lebendige Darstellung der Ereignisse, die für das Verständnis der proletarischen Revolution und der Diktatur des Proletariats von größter Bedeutung sind. Diese Probleme werden gegenwärtig weit und breit diskutiert, aber bevor man diese Ideen annimmt oder verwirft, muß man die ganze Bedeutung einer solchen Entscheidung begriffen haben. Ohne Zweifel wird John Reeds` Buch zur Klärung dieser Frage beitragen, die das Grundproblem der internationalen Arbeiterbewegung ist."

Dat sinn d'Wierder, déi de Wladimir Iljitsch Uljanow, genannt Lenin als Virwuert am John Reed sengen Wierk Ten Days That Shook the World geschriwwen huet. Mee iert mer iwwer d'Buch schwätzen, e puer Wuert iwwer den Auteur.

Den Auteur

De John Reed, 1887 zu Portland an den USA gebuer, staamt aus dem amerikaneschen Aarbechtermilieu. Säi Papp hat sech scho fir Rechter vun der Aarbechterklass agesat, ass dowéinst agespaart an entlooss ginn, wat hien awer net dru gehënnert huet säi Kampf ëmmer weider ze féieren.

De John Reed studéiert op der Harvard an huet och do seng éischt Renconter mam Journalismus. Hien ass Redakter vun enger satirescher Zäitschrëft op der Uni a seng Artikele maachen him de Wee op fir grouss a bekannt Zeitungen. Et sinn da virun allem Opstänn vun Aarbechter, déi hien interesséieren an iwwer déi hie bericht.

Revolutiounen an Opstänn

Iwwer déi mexikanesch Revolutioun schreift hien e Buch, wou hien op der Säit vun de Revolutionäre mat gekämpft huet a wou den éischte Weltkrich ausbrécht an hien an Europa fir iwwer de Krich ze reportéieren.

De Reed ass en vehemente Krichsgéigner an a senge Reportagë weist hien ëmmer erëm op d'Grujelegkeete vum Krich, vum Misär vum Vollek, vun der Verzweiwlung vun de Zaldoten.An dat vu Frankräich bis an de Balkan.

Russland an d'Oktoberrevolutioun

Russland ass duebel interessant fir de John Reed, net just de Krich, mee och d'Oktoberrevolutioun. "Nicht Rußland hat John Reed zum Revolutionär gemacht. Revolutionäres amerikanisches Blut floß seit seiner Geburt in seinen Adern.", schreift dem John Reed säi Biograph Albert Rhys Williams, dee selwer Journalist a grousse Kenner an Amateur vun der russescher Revolutioun war.

De John Reed wier besiess gewiescht vun der Revolutioun an de sozialen Opstänn. Säin Enthusiasmus war an den USA awer guer net gutt gesinn. Säin Wierk huet hie verstoppt zu New York geschriwwen. Am Optrag vum amerikanesche Justizministère waren him seng Manuskripter beschlagnaamt ginn, déi hien awer zeréck krut. Hie war Persona non grata an den USA a bei sengem leschte Versuch heemlech an Amerika anzereesen ass hien um Schëff verrode ginn a war dunn a Finnland am Prisong, schreift de Rhys Williams. Den John Reed ass just 32 Joer al ginn, nodeem hien sech den Thyphus agefaangen hat, ass hien net méi gesond ginn. De Reed ass an der Nekropol vun der Kremlmauer begruewen.

Eng detailléiert Beschreiwung

An néng Kapitele beschreift den John Reed seng Observatiounen, Recherchen, Analysen a Konklusiounen. Hien fänkt mat den Hannergrondinformatiounen un, beschrëft déi sozio-ekonomesch Situatioun a Russland. De klassebewosste Journalist huet Kontakter zu alle Schichten, Beweegungen an Iwwerzeegungen an esou weist hien ganz minutiéis wéi et zu der Revolutioun komm ass, wat d'Ausléiser waren a wéi eng Protagoniste wéi matgewierkt hunn.

Et ass e komplext Wierk, dat gewësse Kenntnisser viraussetzt oder eege Recherche fuerdert. Et geet net just ëm d'Bolscheviken an de Lenin, ëm déi provisoresch Regierung, déi sech no der zaristescher Ära gebilt huet, de Reed erkläert all kleng a grouss Beweegungen, hir Iddien, hir Bedeitung an hiert Wierken am Hierscht 1917.

Eng Momentopnam vu Russland

Et ass besonnesch interessant, well et eng Vue op Russland erméiglecht aus dem Moment eraus. Et ass eng Momentopnam, déi net a posteriori Konklusiounen zitt, zéie kann, well d'Wierk ass e gutt Joer no der Oktoberrevolutioun publizéiert ginn.

"Ein viertes Kriegsjahr wird die Vernichtung der Armee und des Landes bedeuten ... Petrograd ist bedroht ... Die Konterrevolution freut sich über das Unglück des Volkes ... Die zur Verzweiflung gebrachten Bauern gehen zum offenen Aufstand über; die Großgrundbesitzer und die Regierungsbehörden schicken blutige Strafexpeditionen gegen sie aus; Fabriken und Bergwerke werden geschlossen, den Arbeitern droht der Hungertod ... Die Bourgeoisie und ihre Generale wollen eine blinde Disziplin in der Armee wiederherstellen ... Von der Bourgeoisie unterstützt, bereiten sich die Kornilowisten offen darauf vor, den Zusammentritt der Konstituierenden Versammlung zu verhindern ... Die Kerenski-Regierung ist gegen das Volk. Sie wird das Land zugrunde richten ... Wir stehen aufseiten des Volkes und bei dem Volk - bei den besitzlosen Klassen, den Arbeitern, Soldaten und Bauern. Das Volk kann nur durch die Vollendung der Revolution gerettet werden ..."

war an der Rabotschi i Soldat ze liesen, änlech Artikelen an allen revolutionäre Blieder, sief et vun der Aarbechter, sief et vun de Baueren an dës Feststellunge beleet de Reed duerch seng Temoignagen.

D'Wierk hält mam 17. November op, e puer Dag nodeem dem déi konterrevolutionär Truppe vum Kerenski a Korniskow vun der rouder Arméi geschloe gi sinn.

De Reed war en radikale Kommunist, deen un d'Aarbechterbeweegung gegleeft huet, dee sech an den USA fir d'Proletariat agesat huet. Hien war 1919 de Grënner vun der éischter kommunistescher Partei an den USA. Hien huet awer net just journalistesch geschriwwen, och Gedichter a Prosatexter waren a sengem Repertoire. Mee de journalisteschen Asaz fir de weltwäite Sozialismus war seng Passioun.