Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Natural Information

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Just Kids - Patti Smith

Buch-Tipp fir de Summer

Just Kids - Patti Smith

Just Kids - Nëmme Kanner, esou huet d'Rock-Legend Patti Smith de Memoire iwwer hir Relatioun a Frëndschaft mam Fotograf Robert Mapplethorpe genannt. Mee "Just Kids" ass och d'Geschicht vum Opstig vun den zwee Kënschtler a vum Liewensgefill zu New York an de 60er a 70er Joren. E villschichtegen, éierlechen a beréierende Memoire, mengt d'Françoise Keller.

auto_stories

6 min

Summer 1967. De "summer of love", de Summer, an deem den US-Jazzmuseker John Coltrane gestuerwen ass. An deem The Doors "Crystal Ship" erausbruecht hunn, China seng éischt Waasserstoffbomm an d'Luucht goe gelooss huet, den Jimi Hendrix um Monterey Festival seng Gittar a Flame gestach huet. An de Summer vun Opstänn géint Rassismus zu Newark, Milwaukee an Detroit.

"And in this shifting, inhospitable atmosphere, a chance encounter changed the course of my life. It was the summer I met Robert Mapplethorpe."

Mat dësen Zeile setzt d'Patti Smith net just de Kader fir hir Relatioun mam Robert Mapplethorpe. Domat gëtt si dem Lieser gläichzäiteg een Androck vum Zäitgeescht. D'Entwécklung vun der Relatioun tëscht der jonker rebellescher a verdreemter Fra a vum scheien a gläichzäiteg duerchdriwwene jonke Mann ass deemno ee vu ville Plots, déi an "Just Kids" an - duerch - an nieftenee verlafen. All zesumme liwwere si ee Bild, dat net ophält ze vibréieren.

Fréier Joren

D'Patti Smith kënnt op engem Méindeg zu Chicago op d'Welt. No enger ongewollter Schwangerschaft bréngt si e Kand op d'Welt, gëtt et awer fort. Mee net ouni sech an dem Kand ze schwieren, eppes aus sech ze maachen. Dofir geet si am Alter vun 21 Joer op New York a kritt een Job an engem Bichergeschäft. De Robert Michael Mapplethorpe - och e Méindes-Kand - gëtt an eng kathoulesch Famill zu Long Island gebuer. Seng Mamm huet dovu gedreemt, datt hire Jong Paschtouer géif ginn. Mee de Robert hat keng fromm Relatioun mat der Kierch:

"The thrill of the battle between good and evil attracted him, perhaps because it mirrored his interior conflict and revealed a line that he might yet need to cross."

Dofir huet säin Doheem kee Raum gebueden. Een - wéi d'Patti et beschreift - Model fir No-Krich Attitüden.

Dem Robert seng spéider Wierker hu sech um Chrëschtentum inspiréiert. Virun allem un der Symbolik vum Schof, der Madonna an dem Jesus Christus.

Drogekonsum

Seng éischt tantresch Wierker ware virun allem vum Drogekonsum gepräägt, deen zu New York an de 60er Jore floréiert huet. D'Patti hätt och spéider erausfonnt, datt hie bei hirer Begéinung op LSD war. Si wier iwwerrascht gewiescht, wéi gutt si sech mat him verstanen hätt. Nodeems si sech zweemol onverhofft iwwer de Wee gelaf sinn, verlafen hir Weeër no der zweeter Renconter zesummen. Déi zwee enthusiastesch Liewenskënschtler lounen ee klengt Appartement, vun deene puer Su, déi si hunn. D'Suerg ëm Suen ass een Thema, dat ëmmer erëm kënnt. D'Patti fënnt ëmmer eng Aarbecht, de Robert huet méi Schwieregkeeten a mécht sech déi ganzen Zäit Gedanken ëm Suen. Ënner anerem, well hien net frou ass, datt d'Patti ëmmer dat ass, dat fir si suergt.

"We slept on our coats. On trash night we scavanged the streets and magically found all we needed. A discarded mattress in the lamplight, a small bookcase, repairable lamps, earthenware bowls, images of Jesus and Madonna in an ornate crumbling frame ..."

Un der Mauer vum erofkommene Schloff an deem déi zwee liewen, niefteneen zeechnen a schreiwen, hänke Fotoe vum Rimbaud, Bob Dylan an John Lennon. D'Talismaner, déi kleng méi oder manner trivial Objeten, déi déi zwee sammelen a wéi kleng Schätz ophiewen, erziele Geschichte bannent der Geschicht. Si sinn Ausdrock vun engem Mikrokosmos vu kreativem Schafen.Vun engem Liewensstil a vun der mystescher Relatioun tëscht dem Patti an dem Robert. Eng spirituell Verbindung, déi och no bausse visibel ass. Un der Manéier wéi si sech undoen an duerch New York trëppelen.

"Oh, take their picture", said the woman to her bemused husband. "I think they're artists."

"Oh, go on", he shrugged. "They're just kids."

Homosexualitéit

Seng éischt Kontakter mat Männer hat de Mapplethorpe zu San Francisco. An de Bréiwer, déi hien dem Patti schreift, ënnersträicht hien, datt hien hat awer gär huet. Mee d'Koppel huet ënnerschiddlech Besoinen entwéckelt.

"I needed to explore beyond myself and Robert needed to search within himself."

De Robert fänkt seng éischt homosexuell Relatioun un. An d'Patti flitt mat senger Schwëster Linda op Paräis, duerchkämmt d'Stad no de Plazen "wou d'Edith Piaf gesongen huet an de Baudelaire begruewe läit". Déi jonk Kënschtlerin schleeft hire Wierker, déi si an engem Portfolio sammelt, vun enger Galerie an déi nächst, trëtt enger Museksgrupp bäi a biedelt fir Mënz op der Strooss.

Am Summer, genee gesot den 21. Juli, kënnt d'Patti zeréck op New York.

"Everybody was talking about the moon. A man had walked upon it, but I hardly noticed."

E Beispill dofir, wou der jonker Fra hir Prioritéite leien. Hier entgeet allerdéngs net, datt de Robert krank ass. D'Diagnos: "Gonorrhea". Dobäi kënnt, datt dee mëttlerweil goueregen a schwaache jonke Mann an engem Hotel ouni fléissendem Waasser lieft, nieft Drogen an Alkoholkranken.

"I felt like a kid in a movie theater trying to hide from the shower scene in Psycho. It was the one image that made Robert laugh."

Openthalt am Kënschtlerhotel Chelsea

Fir erëm op d'Been ze kommen decidéiert d'Patti een Zëmmer fir si zwee am legendäre Kënschtlerhotel Chelsea ze lounen. Am Géigenzuch fir hir gesammelt Konschtwierker. Si schléit domat eng nei Etapp an hirem Liewen op.

"The hotel is an energetic, desperate haven for scores of gifted hustling children from every rung of the ladder. Guitar bums and stoned-out beauties in Victorian dresses. Junkie poets, playwrights, broke-down filmmakers and French actors. Everybody passing through here is somebody, if nobody in the outside world."

An esou koume Biller wéi dëst zustanen:

"At the table to my left, Janis Joplin was holding court with her band. To my far right were Grace Slick and the Jefferson Airplane, along with members of Country Joe and the Fish. At the last table facing the door was Jimi Hendrix, his head lowered, eating with his hat on."

Wierk iwwer all d'Facette vum Liewen

Mam Ubroch vun de 70er Jore koum de Wandel an der kënschtlerescher Aarbecht vun deenen zwee. De Fotoapparat fir de Robert an d'Gittar fir d'Patti. Mat der "Patti Smith Group" bréngt si Enn de 70er Joren den Album "Easter" eraus. D'Single-Auskoppelung "Because the Night" - eng Zesummenaarbecht mam Bruce Springsteen - sollt den Duerchbroch fir d'Band ginn.

"Just Kids" ass manner een Temoignage vun den erfollegräiche Joren, wéi vun den haarde Joren, déi zum Erfolleg fir de kontroverse Fotograf an der Rocklegend gefouert hunn. Virun allem ass et ee Wierk iwwer all d'Facettë vum Liewen. Ugefaangen an opgehale mam Doud. De Robert Mapplethorpe ass am Alter vun 42 Joer no senger AIDS-Erkrankung gestuerwen.