Radioen

On air

Notturno  |  Ninajirachi - Things I Never Nu

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Glawen a Fro gestallt: "Azarel" vum Károly Pap

Literaresch Rares

De Glawen a Fro gestallt: "Azarel" vum Károly Pap

Wéi "Azarel" 1937 erauskoum, war d'Buch staark ëmstridden. Haut ass dem Károly Pap säi Roman dem grousse Public awer dacks kee Begrëff. Dobäi ass "Azarel" e Meeschterwierk. Eischten Deel vun enger neier Summerserie iwwer kleng literaresch Meeschterwierker a soss verbuerge Päerelen.

auto_stories

3 min

D'Valerija Berdi recommandéiert "Azarel" vum Károly Pap

"Azarel" ass de leschte Roman vum ungareschen Auteur, deen 1945 am Konzentratiounslager Bergen-Belsen ëmbruecht gouf. Gläichzäiteg ass et och säi bedeitenst Wierk.

De Roman gräift en Thema op, dat dem Károly Pap säi ganzt Liewe markéiert huet: De Juddentum, déi domatt verbonnen Assimilatioun an de Kampf mat der Erléisung a fir d'Erléisung.

Eng Kandheet voller Angscht

Et ass eng staark autobiographesch Geschicht, déi den ungaresche Schrëftsteller Károly Pap an "Azarel" erzielt. D'Buch dréit sech ëm d'Liewe vum jonke Gyuri Azarel, de Fils vun engem ungaresche Rabbiner.

Seng éischt Liewensjore verbréngt de Gyuri bei sengem streng gleewege Grousspapp Jeremia. Dee wëll aus dem klenge Bouf e richtege Judd maachen. D'Erzéiung ass strikt. De Grousspapp verbrennt d'Kleeder an d'Spillsaache vum Bouf, a fesselt e mat engem Gebietsschal u sech. De Gyuri soll net wéi säi Papp en Affer vun der Assimilatioun ginn.

De Gyuri huet Angscht, Angscht virum Grousspapp, Angscht viru sengem Ëmfeld:

Mich ängstigten die Farben und die Stimmen, mich ängstigten das Bleiben und die Flucht. Das Mauerwerk am Synagogenhof, das die Vorfahren aus alten Trümmerstücken errichtet hatten, war angefüllt mit unförmigen Steinen, deren aussergewöhnliche Formen mich noch mehr erschreckten als der offene Hinterhof mit dem freien Weg zu den Gräbern, woher farbtrunkenes Gestrüpp herüberdrohte. Ich sah darin lebendige, bunte Tiere, die reglos dastanden, um mich einzuschüchtern und den Weg zu versperren, wenn ich vor Großvaters Gemurmel und dem Singsang der Schüler fliehen wollte. Die Steine faszinierten mich, Schädel von Riesen aus alten Zeiten starrten mich an, aus den Hohlräumen und Rissen ihrer Münder grinste buntes Geißblatt herüber.

Nom Doud vu sengem Grousspapp kënnt de Gyuri zeréck bei seng Elteren. An der Famill ass keng Plaz fir Léift oder Opmierksamkeet. Dem Gyuri säi Virwëtz, seng Suergen a Wënsch, ginn ignoréiert.

Wéi de Gyuri sech probéiert d'Liewen ze huelen, gëtt hie vu sengem Papp hallef dout geschloen. De Jong fänkt un, säi Glawen a Fro ze stellen. Hien decidéiert, säi Papp wéinst senger Assimilatioun ëffentlech ze desavouéieren.

En ëmstriddent Buch

Wéi "Azarel" 1937 erauskoum, hat d'Buch fir Ophiewes gesuergt. Den Ungareschen Zionistesche Veräin hat e Literaturtribunal organiséiert. Reprochéiert gouf dem Károly Pap, seng Elteren erniddregt a sech dem Beruff vum Rabbiner géigeniwwer ouni Respekt verhalen ze hunn.

"Azarel" ass e Buch dat beréiert. Mat passionéierter, awer nimools pathetescher Sprooch beschreift de Károly Pap déi déif Vulnerabilitéit vun engem intelligenten a sensibele Kand. D'Erliefnisser vum jonke Gyuri ginn aus der Perspektiv vum erwuessene Károly Pap kommentéiert, wat dësem apaarte Portrait en impressionnante psychologeschen Déifgang gëtt.