Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kënnt d'Wonner vum räiche Monni aus Amerika?

Cineast

Kënnt d'Wonner vum räiche Monni aus Amerika?

"Miracle" (Stebuklas) vun der litauescher Realisatrice Egle Vertelyte setzt sech op eng humoristesch Aart a Weis mat de soziale Konsequenze vum Zesummebroch vun der Sowjetunioun auserneen. Dës "baltesch Comédie" inspiréiert sech um minimalistesche Stil vum Aki Kaurismäki. Aus der offizieller Competitioun vum CinEast-Festival.

auto_stories

3 min

D'Schwéngsfarm, déi nach während Sowjet-Zäite geboomt a jiddwerengem eng Aarbecht ginn hat, geet am onofhängege Litauen d'Baach erof. D'Irena leet de Betrib sou gutt et geet selwer, hiren alkoholofhängege Mann ass zu näischt méi ze gebrauchen.

Enges Daags daucht ee räichen Amerikaner op, deem seng Elteren deemools aus dem Duerf hu missten auswanderen. Mat sengem ambitiéisen Investitiounsplang erwächt de Bernardas d'Hoffnunge vun der Populatioun. Fir d'Irena bitt sech iwwerdeems d'Geleeënheet, nach aner Besoinen zefridden ze stellen ...

 Vyto Ruginis an Egle Mikulionyte (Foto: CinEast-Festival)

D'Géigesätz zéien sech un

"Miracle" vun der litauescher Realisatrice Egle Vertelyte (Joergang 1983) gouf virun der Projektioun um CinEast-Festival als "baltesch Comédie" virgestallt - eng, iwwert déi net jidderee muss laachen ... "Miracle" orientéiert sech ganz kloer um minimalistesche Stil vum finnesche Regisseur Aki Kaurismäki, deen a senge Filmer einfach Leit op skurril a poetesch Aart a Weis an Zeen setzt.

D'Egle Vertelyte iwwerspëtzt hir zwee Haaptpersonnagen, an dat ass gewollt. De Géigesaz tëschent der strenger an zréckhalender Irena an dem physesch imposante Bernardas, mat sengem labberen Ëmgang, der Baseballkap an dem kussmondrouden decapotabele Cadillac gëtt esou kloer gezeechent. Deen Decalage produzéiert - nieft dem Ëmgank mat Schwäin, dee meeschtens witzeg ass - dee gréissten Deel vun der Komik am Film. D'Erzielung entwéckelt sech nom Motto: d'Géigesätz zéie sech un.

Sexuell Frustratioun

Mä wat dreift béid Personnagen un? Dem Neo-Amerikaner Bernardas seng Motivatioune bleiwen onkloer. Fir d'Irena ass et - nieft dem Opwäerte vu senger Schwéngsfarm - virun allem och dat sexuellt Verlaangen.

D'Thema vun der sexueller Frustratioun zitt sech wéi e roude Fuedem duerch de Film, gëtt gréisstendeels awer nëmmen ugedeit: déi fett Zoossiss, déi d'Irena am Grapp hält; e Penis, deen iergend een op d'Fënster vum schnéibedeckten Auto gezeechent huet; d'Blécker an aner subtil Unzeeche fir déi sexuell Unzéiung géigeniwwer dem Bernardas; d'Schwäin, déi a ville Sproochen eng hemmungslos Sexualitéit respektiv sexuell Fantasie symboliséieren. Stellt sech d'Fro, ob d'Wonner aus dem Filmtitel sech um Enn éischter um wirtschaftlechen oder awer um sexuelle Plang z'erwaarden ass ...

Mythos vum räiche Monni aus Amerika

"Miracle" gëtt, wat de komedianteschen Usproch betrëfft, net sengem Virbild Kaurismäki gerecht. Déi litauesch Realisatrice dréit e bëssen ze déck op.

Déi méi eescht Beschreiwung vum sozialen Hannergrond bleift allerdéngs intressant: d'Enn vum Kommunismus war net fir jiddereen e Gewënn. Dobäi kënnt d'Kritik vum Mythos vum räiche Monni aus Amerika: net wéineg Auswanderer sinn no de respektiven Onofhängegkeeten zréck an hiert Land komm, fir an der Politik an am wirtschaftleche Liewe matzemëschen. Och do schéngen d'Erwaardungen net all erfëllt ginn ze sinn.


"Miracle" (Stebuklas) leeft nach eng Kéier en Donneschdeg 19. Oktober um 19:00 am Utopia am Kader vum CinEast-Festival.

Egle Mikulionyte (Foto: CinEast-Festival)