Lëtzebuerger Literatur Kloer "Zeeechen" fir de Lëtzebuerger Buchpräis

An engem ganz klenge Kader goufe gëschter Owend an der Nationalbibliothéik d'Gewënner vum Lëtzebuerg Buchpräis ausgezeechent.

Valerija Berdi / cbi

Lëtzebuerger Buchpräis
Foto: Bigstock / Iren Moroz; Editions Binsfeld

Keng Schnittercher a kee Cremant, alles war anescht wéi soss bei der Iwwerreechung vum Lëtzebuerger Buchpräis 2020. Och d'Plaz, déi nei Nationalbibliothéik um Kierchbierg, wou d'Lëtzebuerger Buch gefeiert gouf, war nei. Gesinn a gesi ginn, war och op de Minimum reduzéiert.

Mee dat alles war et derwäert fir dem Direkter vun der Nationalbibliothéik, dem Claude Conter, seng Aféierungsried ze héieren. Ob alle Fall ass him gelonge ganz instruktiv a mat Humor ze iwwerzeegen, datt d'Buch eis sécher net krank mécht.

Fënnef Präisser

An der Kategorie Literatur huet "Zeechen" vum Samuel Hamen a Marc Angel de Buchpräis kritt (Editions Guy Binsfeld).

De Bäitrag vum Valerija Berdi lauschteren

Fënnef Präisser fir dräi Bicher, zweemol gouf d'Kannerbuch "De Wëlle leeft am Bësch" vun der Diane Orban a Myriam Karels (Editions Schortgen) ausgezeechent, genee wéi d'Biographie "Großherzogin Marie Adelheid von Luxemburg" vun der Josiane Weber (Editions Guy Binsfeld).

De Bäitrag vum Valerija Berdi lauschteren

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Denis Scuto
Zäithistoriker

Den Denis Scuto analyséiert déi éischter wëssenschaftlech-kritesch Biografie vun der Grande-Duchesse. Der Historikerin Josiane Weber geléngt et, d'Vergaangenheet ze rekonstruéieren a Geschichtsfälschungen opzedecken.

Kannerbicher
Niklosdag

D'Kultur-Redaktioun vum radio 100,7 proposéiert dem Kleeschen e puer Bicher, déi de Kanner besonnesch gutt gefale kéinten. D'Kerstin Thalau, de Jean Claude Majerus an d'Valerija Berdi stelle se vir.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen