Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Koalitiounsaccord a KEP zesummebréngen

Kultur

Koalitiounsaccord a KEP zesummebréngen

De Jo Kox, Coordinateur vum Kulturentwécklungsplang (KEP), deen am Hierscht vun der viregter Regierung ugeholl gouf, huet elo de Poste vum Premier Conseiller de Gouvernement kritt. D'Ëmsetze vum Kulturentwécklungsplang ass dann och elo eng vu sengen Aufgaben.

auto_stories

3 min

D'Kulturministesch Sam Tanson an de Jo Kox, deen am Dezember an de Kulturministère gewiesselt ass.

De Jo Kox gesäit de KEP an de Koalitiounsvertrag wéi zwou Partituren, déi elo an Zesummenaarbecht mat der Equipe um Kulturministère zu engem Dokument mussen zesumme geschmolt ginn. Hei géif et drëms goen "Priorités politiques" no vir ze bréngen an eng Timeline op déi nächst fënnef Joer auszeschaffen, well verschidde Mesuren direkt kéinten ëmgesat ginn, wéi zum Beispill d'Subside vum Kulturministère an déi vu Focuna (Fonds culturel national) verglach solle ginn en Vue vun engem Guichet unique nach an dësem Joer.

"Fir déi eng Aide geet ee bei déi eng Institutioun a fir déi aner geet ee bei déi aner, ouni datt do en Transfert vu Suen ass, ouni datt dat de Staat allgemeng méi deier kascht. Et ass einfach méi eng Transparenz an eng Objektivitéit vis-à-vis vun den Artisten.", sou de Jo Kox.

De KEP lieweg gestalten

Et wier e spannend Feld, fënnt de Jo Kox, d'Virgab wier do an et misse jo elo keng nei Konzepter developpéiert ginn. Mee et dierft een awer net vergiessen, datt de KEP nëmmen e Pabeier ass, et misst elo alles lieweg gestalt ginn. Et wier gutt méiglech, datt d'Realitéit herno eng aner ass wéi déi, déi virdru formuléiert gewiescht wier.

D'Revendicatioune vun de Kulturschafende ginn natierlech matgeholl an eng vun de Revendicatiounen, déi dëst Joer erfëllt soll ginn, ass déi vun der Theaterfederatioun, sou d'Kulturministesch Sam Tanson. Eng Rei kleng Theaterhaiser si gezwongen hire Budget fir d'Ausféierung vun den administrativen Aarbechten anzesetzen a brauchen dowéinst méi finanziell Ressourcen.

"Dat ass eppes, wou mir elo scho kënne kucken, datt mir dëst Joer - si kruten iwwer de Restant vum Budget vum leschte Joer schonn 10.000 € bäi vum leschte Kulturminister, wat ech ganz gutt fannen, et ass also net an der Kontradiktioun mat der leschter Regierung, et ass an der Kontinuitéit dovunner. Ech sinn awer der Meenung, datt dat awer nach muss an d'Luucht goen an datt dat och nohalteg ofgeséchert muss sinn an dat ass ee vun de Punkten, dee wichteg ass."

Weider soll den Ëmgang mat Artisten a konventionéierten Haiser verbessert ginn, sou d'Kulturministesch Sam Tanson weider.

Kanner fir Kultur begeeschteren

Kultur fir all soll net just en eidele Wahlsproch sinn, mee scho bei de Jéngsten eng Realitéit sinn. Et soll esou vill Kultur wéi méiglech an d'Schoul erageholl ginn. Do wier schonn um Enn vun der leschter Legislaturperiod mam "Kulturama" ee Projet lancéiert ginn.

D'Sam Tanson wier frou, wann dat nach zesumme mam Educatiounsministère kéint ausgebaut ginn. Et wier hir wichteg, d'Kanner fir d'Kultur ze sensibiliséieren, well d'Kultur immens wichteg wier fir d'Entwécklung vum Kand. Et géif net drëms goen aus all Kand e Kënschtler ze maachen oder hinne rengt Wëssen an der Konschtgeschicht ze vermëttelen, mee d'Kand ze stäerken. "E Kand, dat sech op der Theaterbühn expriméiere kann, huet e ganz anert Gefill ze sech selwer."

En Dialog mat de Leit

D'Erwaardungen un déi nei Equipe am Kulturministère si grouss, mee och d'Sam Tanson wënscht sech, datt si op en Dialog setze kann:

"Wann Doleancen, Kritiken, och positiv Remarken ze maache sinn, da si mir do. Mir sollen en oppent Haus sinn, en oppene Ministère sinn, wou d'Leit kënne gäre mat eis diskutéieren a soe wat ass. Ech erwaarde mir awer och, datt mir am Kader vun de Kulturassisen deen Echange, deen Dialog wierklech strukturell kënne féieren, an datt d'Leit sech mat abréngen an net just an engem Eck meckeren, mee wierklech mat eis zesummen diskutéiere fir de ganze Secteur weiderzebréngen."