Radioen

On air

Notturno  |  Seed To Tree - Lack Of Proportion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Komplex Gedichter, déi vill erzielen

Ulrike Bail - wie viele faden tief

Komplex Gedichter, déi vill erzielen

"Teile von Textilien, Leder o. Ä. mit Nadel und Faden, mit der Nähmaschine zusammenfügen" schreift den Duden als Definitioun vun "nähen". Bei der Ulkrike Bail kritt Bitzen eng ganz nei Bedeitung. "wie viele faden tief" (Conte Verlag) heescht dat rezent Gedichtband vun der dësjäreger Gewënnerin vum Nationale Literaturconcours.

auto_stories

3 min

Den Interview mat der Ulrike Bail lauschterenplay_arrow


Et ass ee scho beim Staunen, wann een d'Sujete gewuer gëtt, déi de roude Fuedem bei der Ulrike Bail hire Gedichts-Recueilen ausmaachen. Elo ass effektiv de Fuedem de roude Fuedem am Band wie "viele faden tief". Wann een awer mengt, et géif hei der Konscht vum Bitzen en Hommage gesat ginn, deen iert, awer net ganz.

Begrëffer, déi ee muss nosichen

Et sinn d'Begrëffer wéi Heftstich, Wabenstich, Fadenspiele, Textil, déi de Gedichter den Numm ginn, Wierder, déi ee kennt, mee dann awer och Kopfzackennaht, Nahtschatten, Malimo. Ech hunn do d'Bedeitung missen nosichen.

D'Ulrike Bail gëtt all dësen Termen aus der Welt vum Bitzen eng ganz nei Notioun.

"FILAMENT

wie viele faden tief

ist dein schlaf gebunden

gezwirnt gewirkt fährst du

übern see übern see

in der hölzernen wurzel

nistet ein sperling

das filament der knoten blüht"

Ee Konschtwierk fir sech

Et si komplex Gedichter, bei deenen ee méi laang muss stoe bleiwen, well se, egal wéi kuerz se sinn, enorm vill ze erzielen hunn an dat op ville Schichten. Inhaltlech a stilistesch. Kee Wuert ze vill, keen ze wéineg, an all eenzelt schéngt esou akribesch ausgewielt ze sinn, datt d'Sproochekleed einfach perfekt setzt.

All Gedicht, e klengt Konschtwierk fir sech. D'Zesummespill u Wuert, Form an Inhalt sinn absolut stëmmeg an ënner dëser Prämiss huet ee Freed um Liesen.

"SAUM

auf schmugglerpfaden hoch im gebirge

säumt mein schneckentier den pass

heimatländer zu beiden seiten

ein wegsames maβ

osziliert zwischen den sprachen"

Et si kloer a gläichzäiteg flou Aussoen, déi een am Grapp hält, déi dann direkt aus der Hand fléissen, e graziilt Konstrukt an enger duusser a sënnlecher Atmosphär agepaakt. Dozou bäi dréit och d'Vermësche vu bildungssproochlechen, almoudeschen, einfachen a moderne Wierder.

Ënner all Gedicht sti Stéchwierder, beim grad gehéierte Gedicht steet "saum säumen pass" eben Stich-worte, fir déi d'Ulrike Bail och eng originell Erklärung huet.

Beim Schaffen un de Gedichter sinn dann och Collagen entstanen, déi een am leschten Deel um Buch entdecke kann. An zum Schluss, nach e Gedicht, well am Fong geholl, soll een iwwer Gedichter net schwätzen, mee se liesen, lauschteren a genéissen a bei der Ulrike Bail kritt een es ni genuch.

"NADEL

in der ohrwurzel der propheten wachsen

fingerspitzen wie leuchttürme wo nichts

über den wassern mehr schwebt zittern

die nadeln der messgeräte ins uferlose

hangeln die augeworfenen wortschnüre

sich von und zu und zum nächsten satz"