Fir op déi Reprochen ze reagéieren, huet d'Jury vun der Konschtbienalle decidéiert ee Spezialist an der Matière ze consultéieren, wéi si an engem Communiqué matgedeelt hunn. Bis dëse juristeschen Avis virläit, wëllt de Jury keng weider Stellungnam zum Sujet ginn.
Copyright géif engem Artist seng Liewensgrondlag schützen, seet déi betraffe Fotografin Jingna Zhang am 100,7-Interview. Et géif ee jo och net einfach an e Geschäft eragoen an eppes doraus mathuelen, ouni ze bezuelen.
Fir déi bekannte Fotografin ass et an der Rei, wa Studente sech Virlagen huelen an och bekannte Wierker nomolen.
Fir ze übe wier dat gutt, mee wann et ëm een offizielle Portfolio geet oder wann een dorausser ee kommerziellen Notze schléit oder ee Präis bei enger Kompetitioun geet, wier dat net an der Rei.
Et géif sech hei kloer ëm ee Verstouss géint der Jingna Zhang hire Copyright handelen, esou déi sino-amerikanesch Fotografin.