Radioen

On air

Al Schanken  |  Russell, Calvin - All We Got Is Rock 'n' Roll

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konscht trotz Kris, a grad dowéinst

Biennale zu Athen

Konscht trotz Kris, a grad dowéinst

Datt grad d'Omonaia-Plaz zu Athen als Zentrum vun dëser Biennale auswielt gouf, ass keen Zoufall. Et ass eng Plaz, tëscht Iessbuden a Kreemchensverkeefer, wou d'Touristen sech héchstens hi veriren. Dat schéint Athen läit e puer honnert Meter weider. D'Plaz spigelt op eng gewësse Manéier de Gemittszoustand vun der griichescher Haaptstad erëm, eng Stad wou der Kris awer och mat Konscht getrotzt gëtt.

auto_stories

3 min

Konscht-Biennale am Bageion-Hotel, eent vun de ville verloosse Gebaier op der Omonaia-Plaz

"Omonaia", dat Wuert wat der Plaz de Numm ginn huet, heescht souvill wéi Eenegkeet oder nach Harmonie. An et wier grad e Méi un Eenegkeet an Harmonie, wat Athen a ganz Griicheland lo géif brauchen. Där Meenung ass de Poka-Yio, Kënschtler a Leeder vun der Athener Biennale vun de nächsten zwee Joer. "D'Mënschen hei sinn um Enn a wëssen net méi weider", sou de Poka-Yio.Wat géif feelen, wier e gesellschaftlecht Bewosstsinn, also eng Eenegkeet an där Form. Et ass deemno och en erkläerten Zil vun Athener Biennale, un där Eenegkeet ze schaffen. Dëse Konschtforum soll e Laboratoire ginn, an deem Iddie gesammelt gi fir "d'Welt no 2011", also d'Welt nom Ufank vun der Kris a Griicheland. 

Eng zentral Plaz vun der Biennale ass de Bageion-Hotel. Et ass eent vun de ville verloosse Gebaier op der Omonaia-Plaz, entworf vum däitschen, a spéider griicheschen, Architekt, Ernst Ziller. Déi eidel Gäng, de Botz dee eroffält an déi gebrache Fënsteren si wéi eng Metapher fir den Zoustand vu Griicheland. Ausstellunge ginn et während der Biennale hei keng. Dofir awer Atelieren a Projeten, déi op Kollaboratiounen tëscht verschidden Akteure baséieren, Kënschtler a Net-Kënschtler. 

2017 ass d'dokumenta op Besuch

Den Éisterräicher Kënschtler Oliver Ressler an den däitschen Dokumentarfilmer Dario Azzelini weisen zum Beispill hir gemeinsame Filmprojet iwwer besate Fabriken a Südeuropa. Hien erhofft sech vun dëser Biennale datt méi sou, vläit och mol onverhofft, Zesummenaarbechten entstinn. "Ech wënsche mir, datt mat sou enger Biennale e gewëssen Ëmbroch, grad wéi gesellschaftlech a politesch Experimenter ënnerstëtzt ginn, mam Zil d'Wirtschaft méi solidaresch an d'Demokratie méi partizipativ ze maachen", seet den Oliver Ressler.

D'AB5, wéi déi fënneft Konschtbiennale vun Athen ofgekierzt gëtt, wäert iwwer déi nächst zwee Joer eng ganz Rei Zykle proposéieren, Zyklen déi "Synapsen" genannt ginn. 2017 da wäert d'dokumenta op Athen op Besuch kommen. Wéi genau d'dokumenta an d'Biennale wäerten zesumme schaffen ass awer nach net kloer. Onkloer ass och, wéi d'Biennale sech wäert iwwer déi nächst Zäit wäert entwéckelen. 

"Brauchen d'Hoffnung op eppes Besseres"

"Fir an der Kris ze iwwerliewen, musse mir eis ëmmer rëm nei erfannen", seet de Poka-Yio, Leeder vun der Biennale. Déi éischt Biennale war eng klassesch Ausstellung, déi zweet huet dorop opgebaut. "Mee mir hunn du séier decidéiert datt mer méi Interaktioun wéilten, dat war dunn de Motto fir déi drëtt Biennale", erkläert de Poka-Yio weider. "An dës Kéier wollte mir nach méi wäit goen, mir wollte konkret Kollaboratiounen".

An de Leeder vun der Biennale huet och eng kloer Visioun vum Resultat vun esou Kollaboratiounen: Iddien a souguer Prototypen – fir nei Regierungsformen, nei Institutiounen, nei Ausdrocksformen an der Konscht. "Ech wënsche mer eng nei Perspektiven op d'Welt, well mir brauchen d'Hoffnung op eppes Besseres". 

Lauschtert de Reportage vun eiser Korrespondentin Alkyone Karamanolis