Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Ghostly Kisses - On and Off

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konspiratioun am Seminaire

CinEast-Festival

Konspiratioun am Seminaire

Subversiv Aktivitéiten an engem Seminaire ënner dem Kommunismus: den Drama "Servants" vum Slowak Ivan Ostrochovsky beandrockt net nëmmen duerch seng Bildästheetik. Kompetitioun CinEast-Festival.

auto_stories

3 min

Tschechoslowakei, 1980. De Michal an de Juraj fänken hire Studium an engem Seminaire un, zu engem Moment, an deem d'Institutioun am Viséier vun de kommunisteschen Autoritéiten ass. Subversiv Elementer brénge Fluchblieder an Ëmlaf, an deene se eng gewëssen Autonomie géigeniwwer dem politesche Pouvoir fuerderen.

D'Seminariste gi vun der Geheimpolice ëmmer méi ënner Drock gesat, fir Responsabeler ze denoncéieren. Enges Daags fält d'Noriicht, datt d'Läich vun engem am Seminaire respektéierte Priister erëmfonnt ginn ass. De Mann gouf gefoltert an ermort ...

De Widderstand vu kathoulesche Geeschtlechen ënner dem Realsozialismus a Polen ass wuel bekannt. Datt et am slowakeschen Deel vun der deemoleger Tschechoslowakei änleche Widderstand gouf, weess ee vläicht manner.

Kathoulesche Widderstand

Déi subversiv Aktivitéiten, déi am Ivan Ostrochovsky sengem Drama ''Servants'' beschriwwe ginn, wierken aus haiteger Perspektiv relativ harmlos: et si keng frontal Attacke géint de Regimm, mee Fuerderungen, déi sech op de reliéise Beräich limitéieren, zum Beispill d'Lektür vun theologeschen Texter, déi een aus dem Westen importéiert huet.

An den Ae vun de kommunisteschen Autoritéite war dat net ze toleréieren, wat villes iwwer den totalitäre Klima vun deemools ausseet.

Film noir-Ästheetik a Bildkompositioun

Déi bläien Atmosphär kënnt duerch déi schwaarz-wäiss, Film noir Bild-Ästheetik, grad wéi duerch eng Soundkuliss, déi een aus dem Horror-Genre kennt, gutt eriwwer.

D'Kamera-Beweegunge bleiwe ganz spuersam a lues. An der Reegel defiléieren extrem soignéiert Bildkompositiounen, déi - besonnesch wa se vertikal vun uewen erof gefilmt sinn - an d'Abstraktioun kënne goen. Dës Rigiditéit vun der Mise en scène dréit souwuel zur allgemenger Atmosphär bäi, wéi se och d'Determinatioun vun de Seminaristen erëmspigelt.

Minimalismus a konspirativ Formen

D'Spill vun den Acteuren ass deementspriechend minimalistesch, d'Gesiichter bleiwe meeschtens neutral, geschwat gëtt dat Allernéidegst. Esou stralen de Samuel Skyva an de Samuel Polakovic, déi déi jonk Haaptprotagoniste verkierperen, eng erstaunlech Presenz aus, net ze schwätze vum bekannte rumäneschen Acteur Vlad Ivanov an der Roll vum inquietante Geheimpolizist.

D'Kommunikatioun tëschent de Seminaristen ass noutgedrongen op e strikte Minimum begrenzt. Am Film ginn eng ganz Partie Forme variéiert, déi dee konspirative Charakter ënnersträichen: champ/contrechamp tëschent zwee Personnagen, déi zousätzlech duerch e Lëlldech op enger Wäschléngt getrennt ginn; e Gespréich, dat an engem wichtege Moment net méi ze héieren ass, well duerch eng Fënster gefilmt gëtt; e Gespréichspartner, deem seng Identitéit duerch eng säitlech Kamera-Beweegung reveléiert gëtt; asw.

Dem slowakesche Realisateur Ivan Ostrochovsky ass mat ''Servants'' e ganz equilibréierten, ganz maîtriséierte Film gelongen, deen net nëmme visuell beandrockt. Esou notéiert een d'Presenz als Co-Zeenaristin vun der Rebecca Lenkiewicz, déi ënner anerem um Dréibuch vum héich geluefte polnesche Film ''Ida'' vum Pawel Pawlikowski matgeschriwwen hat.


''Servants'' leeft nach zweemol am Kader vum CinEast-Festival: dësen Dënschdeg 20. Oktober um 19 Auer am Utopia an de Freideg 23. Oktober um 18:30 an der Cinemathéik, respektiv ass online um Site vum Festival ze gesinn.