Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Thievery Corporation - Lebanese Blonde

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konterbont Virwëlztut

Streaming

Konterbont Virwëlztut

Ass dat Konscht oder muss et fort? Déi franséisch-belsch Produktioun "Notre dame", vun a mat der Valérie Donzelli, ass eng sprëtzeg Kräizung tëschent Bezéiungskomedie a Gesellschaftssatir. Op der Plattform Vod.lu ze gesinn.

auto_stories

3 min

De Film koum aacht Méint nom Brand vun der Paräisser Kathedral Notre-Dame an déi franséisch Kinoen, gouf awer scho virdru gedréit. An eigentlech geet et och net wierklech ëm d'Kierch, mee ëm d'Metrosstatioun um Parvis, déi via en Architekteconcours soll reamenagéiert ginn.

Detail um Rand: Anescht wéi den Numm vun der Kathedral gëtt de Filmtitel ouni Bindestréch a mat engem klengen ''d'' geschriwwen.

Al Jugendléift

Duerch e pueren Zoufall gewënnt dëse Concours déi wéineg ambitionéiert Maud Crayon (Valérie Donzelli), elengerzéiend Mamm vun zwee Teenageren, eng Fra, déi sech ënner prekäre Bedéngungen an engem Architektebüro iwwer Waasser hält. Gutt méiglech, datt eng iwwernatierlech Kraaft hannendru stécht a ganz aner Pläng fir si huet.

Duerch d'Aarbecht um Projet leeft der liicht iwwerfuerderter Maud nämlech eng al Jugendléift, de Journalist Bacchus Renard (Pierre Deladonchamps) iwwer de Wee. De Problem: si ass zwar fräi, mee net wierklech, well hire Luftikus vun Ex-Mann, vun deem si och nach schwanger ass, versicht sech bei hir doheem ze incrustéieren.

Ëmstridde Konschtwierker am ëffentleche Raum

Et ass net fir d'éischt, datt d'Valérie Donzelli souwuel hanner, wéi och virun der Kamera steet. Hiren zweete Long métrage, den autobiographeschen Elteren-Drama ''La Guerre est déclarée'' vun 2011, war e relativ grousse Publikumserfolleg. Hire leschte Film ''Notre dame'' ass eng Kräizung tëschent Bezéiungskomedie a Gesellschaftssatir.

De satireschen Deel ass eng Ausenanersetzung mat der kommunaler Politik a Bezuch op ëmstridde Konschtprojeten, déi an den ëffentleche Raum solle placéiert ginn. De fiktiven Architekturprojet ass ausdrécklech sexuell konnotéiert, wat zu deem humoristesche Titel vun Zeitungsartikel féiert: ''Maud Crayon a vu la Verge'', woumat dann och den Titel vum Film erkläert wier.

Zwar gëtt an der Handlung op bekannte Paräisser Wierker verwisen, déi hirer Zäit fir Skandaler gesuergt haten, wéi dem Daniel Buren seng gesträifte Kolonnen op der Place Vendôme oder den Eiffeltuerm. Gemengt ass hei awer wuel, ouni datt e genannt géif ginn, dee méi rezente risege gréngen Anal-Sextoy, eng provisoresch Installatioun vum zäitgenësseschen amerikanesche Kënschtler Paul McCarthy.

Breed formal Palett

''Notre dame'' ass eng faarweg Comédie, déi eng Hellewull un Iwwerraschungseffekter, souwuel an den Dialoge wéi och an der Handlung, mat bewossten Iwwerdreiwunge vermëscht. Gesat gëtt ënner anerem op absurde Slapstick-Humor, wéi zum Beispill bei dësem Running Gag, an deem reegelméisseg iergend e Passant op eemol ouni Grond engem aneren eng op de Bak schléit.

Zur breeder Palett vum Film gehéiert och d'Vermëschung vun de Genren, wéi gesot tëschent Bezéiungskomedie a Gesellschaftssatir; hei transferéiert sech déi mëttlerweil stiliséiert Handlung ruckzuck op eng Theaterbün; do fänken d'Personnagen op ee Coup u mat sangen, wéi an engem Musical, asw.

An da gëtt et deen een oder anere surrealistesch-poetesche Moment: de Modell vun der Maud hirem Architekturprojet, deen eigentlech fir eng Spillplaz geduecht war, hieft of, flitt duerch d'Paräisser Nuecht, fir da schéi propper op engem Büro vum Notre-Dame-Reamenagementsconcours ze landen.

Burlesque Komikheldin

Dat Ganzt wierkt wéi eng Virwëlztut, oder - fir Motiver aus dem Film ze huelen - e Mikadospill respektiv eng konterbont Legokonstruktioun. Dëse faarwegen Duercherneen mécht de Charme vun där Komedie aus.

Et ass wéi wann d'Maud Crayon - en Numm wéi dee vun enger Komikheldin - géif um Äis danzen an, hin- an hier gerappt tëschent de Contraintë vun hirem sentimentalen a professionelle Liewen, versiche misst, d'Gläichgewiicht ze halen - ganz an der Traditioun vu burlesquë Personnagë wéi Charlie Chaplin oder Buster Keaton. An et muss een zouginn - d'Valérie Donzelli huet d'Situatioun am Grëff.