Hien ass de Fils vum renomméierten iranesche Realisateur Jafar Panahi ("Le Miroir, "Le Cercle", "Taxi Téhéran"). Scho mat sengem éischte Long-métrage "Hit the road" ass de Panah Panahi, Joergang 1984, elo defintiv aus dem Schiet vu sengem Papp getrueden.
A senger dramatescher Komedie "Hit the road" ass eng Famill mam Auto ënnerwee, den eelste Bouf fiert, d'Mamm sëtzt donieft, de Papp - e Been am Gips - sëtzt hannen a muss sech mam jéngste Bouf, e richtege klengen Däiwel, erëm klappen.
Am Gespréich verréit de Panah Panahi, wéi hie mam erstaunleche jonken Acteur Rayan Sarlak geschafft huet, a wéi engem Mooss säi Film déi kontrastéiert iranesch Gesellschaft erëm spigelt a wat hie vun de Lektioune vu sengem berüümte Papp zréck behalen huet.