Hier Ierfschaft verdanken d'Kanner a Jugendlech vun der Generatioun Z all deene viregte Generatiounen, déi iwwert hir Mëttele gelieft hunn a liewen. An déi Erwuesse stellen och weiderhin déi politesch, ekonomesch a kulturell Autoritéit duer. An deem Kontext huet de Mikhail Karikis eng aner Kreativitéit ugetraff, déi méiglecherweis nei Weeër fir d'Erausfuerderunge vun der Zukunft bidde kann.
"Love Is The Institution of Revolution" weist zwou gréisser, rezent Aarbechte vum Kënschtler. Hien huet véier Joer laang mat jonke Leit dodru geschafft. D'Kärstécker sinn zwee Videoen. "Ain't Got No Fear" gouf an engem Gebitt realiséiert, an deem fréier grouss Industrien enorm Quantitéite vun Aarbechtskräfte gebraucht hunn. "D'Logementer si schlecht do", seet de Mikhail Karikis, "an obwuel et net wäit vu London ewech ass, ass et immens schwéier dohin ze kommen. Näischt ass un déi grouss Transportnetzerwierker ugeschloss. Et gëtt just ee Bus.
De Kënschtler huet sech d'Fro gestallt, wat dës Jonker fir Fäegkeete mat op de Wee kréien, fir alternativ Zukunftsvisiounen entwéckelen ze kënnen. Si solle Perspektiven hu fir de Rescht vun hirem Liewen. "Mir mussen eis sozial an ekonomesch Strukturen an Institutiounen iwwerleeën, déi net de wirtschaftleche Gewënn an de Mëttelpunkt stellen." Et misst ee mat enger Perspektiv vu Léift un esou Projeten erugoen. "An domat mengen ech net zwangsleefeg romantesch Léift. Et kéint och Frëndschaft sinn. Wéi géif de Raum nei organiséiert ginn?"
D'Iddi vum Documentaire koum vun de Jonke selwer. De Film soll d'Liewen aus hirer Perspektiv erzielen. Eng wichteg Plaz hëlt d'Grime-Musek an, eng Zort vun Industrial Rap mat staarken elektroneschen Elementer. "Déi Jonk si sech net komplett bewosst, wat et heescht, Suen ze verdéngen, wat déi ekonomesch Implikatioune sinn. Dofir si si awer an hirer Virstellungskraaft vill méi fräi, fir iwwer Alternativen nozedenken", erkläert de Mikhail Karikis.
Soundtrack vum Alldag
"Ain't Got no Fear" placéiert déi Jonk op eng energesch, an awer spilleresch Manéier op alen Industrie-Sitten - Plazen, déi Erwuessenen net accessibel sinn. "An de Soundtrack sinn och Geräischer vun der Demolitioun vum Industrie-Site, souzesoen dem Soundtrack vun hirem Alldag", sou de Kënschtler. "Dat Geräisch signaliséiert Aarmut an Aarbechtslosegkeet." Deen ominéisen Toun soll op eng Manéier awer och Hoffnung maachen.
Den zweete Projet, "Children of Unquiet", baséiert op Workshops mat italienesche Kanner an enger Regioun, déi anscheinend dem Dante seng Visioun vun der Hell inspiréiert huet. Hei ass zënter de 1950er Joren a Kraaftwierk am Asaz, dat fréier vill Aarbechter op d'Plaz gelackelt huet. Ronderëm d'Kraaftwierk si Geeschter-Dierfer entstanen. "De Video ass esou orchestréiert, datt d'Kanner eent vun den Dierfer anhuelen. Dat kléngt no Anarchie a Rebellioun. Mä d'Iwwerhuele vum Duerf geschitt op verschidde Manéieren, déi verschidde Froe stelle sollen."
D'Kraaftwierk ass eng imposant Präsenz am Liewe vun de Kanner. D'Gréisst, de Kaméidi an den Damp bestëmm hiren Alldag, zënter datt si op der Welt sinn. Am Video liesen d'Kanner Extraiten aus dem Buch "Commonwealth". Am Wierk vun Antonio Negri a Michael Hardt geet et ëm d'Enn vum Privatbesëtz.