Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Mdou Moctar - Imouhar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritesche Bléck op d'Cancel culture

Netflix

Kritesche Bléck op d'Cancel culture

An der neier Serie "The Chair" muss sech ausgerechent d'Duechter vun asiateschen Immigranten, déi zanter kuerzem den Englesch-Departement vun enger Uni leet, mat Cancel culture-Aktivisten erëmklappen.

auto_stories

3 min

D'Professesch Ji-Yoon Kim, gespillt vun der Sandra Oh, ass déi éischt Fra iwwerhaapt, déi op der Universitéit Pembroke den Englesch-Departement dierf leeden. Mat 46 Joer ass si och méi jonk wéi de Gros vum Enseignantspool. A virun allem ass si als Duechter vu koreaneschen Immigranten e Member vun enger minoritärer Ethnie. Wat wëllt ee méi ?

Al wäiss Männer

An Tëschenzäit bréngen et Immigrantekanner an den USA op prestigiéis Posten, souguer wa se hir Originne mat anere gesellschaftlechen Handicappen ewéi sozial Klass, Geschlecht oder Alter cumuléieren. An enger eelerer Fiktioun wier der Professesch Kim hir Promotioun den Happy end vun enger Success-Story gewiescht. An der éischter Saison vun der neier Netflix-Serie "The Chair" ass et just d'Ausgankssituatioun. Nëmmen no an no kritt een ze verstoen, wéi d'Konfliktlinne wierklech verlafen.

Minoritéite musse sech ëmmer nach géint d'Dominanz vum ale wäissen heterosexuelle Mann duerchsetzen, dat ass an där op sechs Episode vun enger hallwer Stonn konzipéiert Komedie-Serie och net anescht. Mee et ass net dee Konflikt, deen am Mëttelpunkt vun "The Chair" steet, och wann en de Kader setzt.

Cancel culture

Villméi ass et déi sougenannt Cancel- oder Woke-culture, déi zanter enger Rei Joren op den amerikanesche Campusse fir en ideologesch raue Wand suergt. Radikaliséiert Studentinnen a Studenten, dacks selwer Kanner vun Afro-Amerikaner oder anere visibele Minoritéiten, loossen näischt duerchgoen, wat net genee an hiert politescht Bild passt.

Op den Universitéiten, traditionell Plaze vun der fräier Meenungsäusserung an der Konfrontatioun vun den ënnerschiddlechsten Iddien, huet sech d'Intoleranz ausgebreet.

Aktivisten ouni Sënn fir Humor

Hei muss de Bill Dobson (Jay Duplass), een ënner de Studenten eigentlech populäre jonken Englesch-Professer, dru gleewen. Wärend engem Cours, wou et niewebäi ëm d'Nazie geet, streckt de Bill illustrativ en Aarm an d'Luucht. Deen nonchalante Geste gëtt vu Studente gefilmt a léist op de soziale Reseauen e Shitstorm aus.

Woke-Aktiviste verstinn nun emol keng Ironie an hu wéineg bis kee Sënn fir Humor. Am schaarfe Kontrast zu deene radikaliséierte Studenten, déi iwwerdriwwen Empfindlechkeet mat kriteschem Geescht verwiesselen, steet der Kim hir kleng Adoptivduechter Ju Ju. Dat ganz intelligent Meedchen (et liest e Buch iwwer dem Edward Steichen seng Family of Man!) schwätzt vun der Long op d'Zong an ass, trotz ganz jonkem Alter, zu herrlechem Sarkasmus fäeg - e Fonken Hoffnung fir all déi, déi um intellektuelle Klima kéinte verzweiwelen, deen am Gaangen ass vun den USA eriwwer an Europa ze schwappen.

D'Serie geet duerchaus kritesch mam Woke-Phenomen ëm, zitt seng Aktivisten awer net an d'Lächerlecht. Den Haaptpersonnage, d'Professesch Kim, verstréckt sech progressiv an en Dilemma: gëllt hir Loyalitéit dem gudde Frënd Bill, deem seng ongezwongen a chaotesch Manéier och hires ass a mat deem eng romantesch Bezéiung am Raum steet? Oder ass si als Asiatin op engem Responsabilitéitsposte moralesch dozou verflicht, sech hanner d'Fuerderunge vun den Aktivisten, där hire Kampf si prinzipiell gutt heescht, ze stellen? Dat ass de ganzen Enjeu vun "The Chair".

Eeschte Sujet witzeg behandelt

Dat kléngt alles ganz seriö. Mee de Grondtoun vun der Mini-Serie ass alles anescht ewéi dramatesch. Ofgesi vun den dacks witzegen Dialogen, der erfrëschender klenger Duechter oder nach der frustréierter Chaucer-Spezialistin, där hir Béisaartegkeet eng Freed sonnergläichen ass, bréngt "The Chair" et fäerdeg, eescht Thematiken op eng komediantesch Aart a Weis ze behandelen.

Well d'Uni aus Manktem un Aschreiwungen a finanziell Schwieregkeete geréit, soll aus Publicity-Grënn de Schauspiller a Bestseller-Auteur David Duchovny als Gaaschtprofesser rekrutéiert ginn - eng komesch Situatioun, déi engem gläichzäiteg batter erop stéisst, well dëse Rekrutement op Käschte vun enger villverspriechender afro-amerikanescher Enseignante géif goen. Hei gëtt d'Absurditéit vun engem op renge Commerce ausgeriicht Héichschoulwiese verdäitlecht.

"The Chair" ass eng alles an allem kuckenswäert Mini-Serie, well se zousätzlech zur kritesch-differenzéierter Duerstellung gutt Ënnerhalung bitt.