Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Escher Jong

Kultur

En Escher Jong

Wie war de René Deltgen, de Lëtzebuerger, deen an Nazi-Däitschland en erfollegräichen a beléifte Staatsschauspiller war? Am Theaterstéck "En Escher Jong" stinn den André Jung an de Luc Feit op der Bün an duerchliichte fragmentaresch dem Deltgen säi Liewen a seng Karriär.

auto_stories

3 min

Et ass de Marc Limpach, dee seng Materialsammlung vun der Liesung "Der Fall René Deltgen" 2018 der Ekipp vum Stéck "En Escher Jong" zur Verfügung gestallt huet. Sinn deemools am Kasemattentheater Dokumentatiounen iwwer den Deltgen vum däitsche Schauspiller Ulrich Kuhlmann, deen den Deltgen perséinlech kannt huet, gelies ginn, esou ass et am Stéck "En Escher Jong" eng schauspilleresch Approche, déi awer natierlech op Dokumentatioun baséiert, ze gesinn.

Et sinn de Frank Feitler an de Kristof van Boven, déi fir den Text an d'Dramaturgie responsabel sinn an ënnert der Regie vum Ulrich Waller ass et den exzellente André Jung, deen an d'Roll vum René Deltgen klëmmt. Ass et am Ufank nach en Debat tëschent den zwee Schauspiller, et ass de Luc Feit, deen dem Deltgen säi Handelen a Fro stellt. Wisou ass hien iwwerhaapt an Däitschland gaangen? Wisou ass hien net fort gaangen, wou et kloer war, wéi eng Ziler den Hitler huet? Wisou huet hien déi ganz Propagandamaschinerie mat gemaach?

Den André Jung probéiert dem Deltgen säi Wee a seng Decisiounen ze erklären...

E wonnderbare Skript

Op der Bün, eng riseg Wallis, e Modell aus laang vergaangen Zäiten, déi den André Jung opmécht an doraus en Hotelszëmmer oder eben engem Schauspiller säi Zëmmerchen, wann hien hien ënnerwee ass, enthüllt. De Jung klëmmt an d'Roll vum Deltgen, dee sech alle Reproche vum Luc Feit stellt, dee mol als Schauspiller, mol als Riichter, mol als Mënsch aus der Zäit vun Haut all déi Froe stellt, déi ee selwer dem Deltgen géif stellen.

An do ass wierklech dem Frank Feitler mat sengem Skript eppes Wonnerbares gelongen. Et ass en Zesummespill vun der Biographie vum Deltgen, eng onkonventionell Oplëschtung vum Deltgen senge Rollen am Film an am Theater mat sengem private Liewen a sengem Wierken als Kënschtler am Nationalsozialismus.

An et keeft een dem exzellenten André Jung d'Roll vum Deltgen absolut of. Mol selbstbewosst, mol naiv, mol genervt, an dann erëm verluer a verzweiwelt... Seet en d'Wouerecht oder sinn et Ausrieden? Ass et Naivitéit, Dommheet oder Nonchalance? An als Zuschauer erlieft een all méiglech Emotiounen, vu Roserei bis Matleed, vu Veruechtung bis Zeréckhalung. Et freet ee sech, wie sinn ech, fir do ze urteelen?

E wichtegt Stéck

Opgelockert gëtt deen dach ganz eeschte Sujet mat klenge clin d'oeuilen vum Luc Feit, déi un d'Aktualitéit uspillen. Domat gëtt dann och suggeréiert, datt et vill méi einfach ass, haut all déi Froen ze stellen.

An et bleift esou, bis zum Schluss, well awer villes net kloer ass, well et op villes keng Äntwert gëtt, den Deltgen selwer keng Äntwerten huet..

Et ass weder e Stéck, dat den Deltgen verurteelt nach reng wäscht. Et weist, datt et net just schwaarz a wäiss gëtt, datt den Deltgen aus, wéi enge Grënn och ëmme, sech a villen Nuance beweegt huet. Et gëtt einfach d'Geschicht vun engem Lëtzebuerger Schauspiller gezielt, deen eng Decisioun geholl huet, déi hier Konsequenzen hat. E wichtegt Stéck fir de Lëtzebuerger Patrimoine.