Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Koekkoek: D'Keess op an d'Klacken eraus!

Kulturchronik

Koekkoek: D'Keess op an d'Klacken eraus!

Zu Lëtzebuerg soll de Mécénat ugekierpt ginn. Dat ass eng gutt Saach. Déi soll awer net zum Pretext gemaach ginn, datt d’Regierung sech net méi grouss fir d'Kultur z’engagéiere brauch, fënnt d’Cléo Thoma an der Kulturchronik.

auto_stories

7 min

D'Cléo Thoma mat engem opruff de Kulturministère: "Gitt bei äre Kolleg Finanzminister a sot deem: d'Keess op an d'Klacken eraus"

Kierzlech huet den Nationalmusée um Fëschmaart en "Appel aux dons" lancéiert. Et geet drëm, fir mat Hëllef vun enger Zort Crowdfunding-Initiative dem Musée ze erméiglechen, een Tableau a seng Kollektioun opzehuelen, fir dee säin Acquisitiounsbudget bei wäitem net duergeet. Ugepeilt ginn 100.000 Euro, déi ënnert dem Slogan "Tous mécènes d'un Koekkoek" zesumme komme sollen.

De Koekkoek, ëm deen et geet, ass tatsächlech e Wierk dat onbedéngt an d'Sammlung vum MNHA gehéiert. "Luxemburgische Landschaft mit Burgruine Fels", ee grouss formategen Uelegtableau, dee schonn eng Kéier am Kader vun enger gréisserer monografescher Ausstellung iwwert den hollännesche Landschaftsmoler aus dem 19. Joerhonnert am MNHA exposéiert war, ass net alleng duerch seng artistesch Valeur a säi Sujet extrem interessant.

D'Bild huet och nach eng spannend Geschicht déi et als patrimonialen Objet absolut relevant mécht. An dem Nationalmusée bitt sech hei eng eemoleg Kaf-Geleeënheet, well den aktuelle Besëtzer vum Tableau e selwer gäre wéilt an der Collectioun vum MNHA gesinn, an hien en dem Musée zu privilegéierten, a vergläichsweis gënschtege Konditiounen iwwerloosse géif. Alles total iwwerzeegend Argumenter.

Rosen, déi quiitschvergnügt Regierung ze gesinn

Datt mer ons net mëssverstinn: Ech si ganz duerfir, datt de Mécénat, och dee vu Privatleit, encouragéiert gëtt. Ech fannen et total ok datt déi, déi sech et leeschte kënnen, a Patrimoine an a Kultur investéieren, déi doduerch dann och fir d'Allgemengheet zougänglech gemaach ginn – amplaz datt se sech ee véierten, fënneften oder sechsten Auto kafen oder fir d'drëtt am Joer op d'Antipoden an d'Vakanz fléien.

Allerdéngs mécht et mech rosen, ze gesi wéi quiitschvergnügt d'Regierung de Projet promovéiert. Am Liicht vun den Aussoe vum Premier iwwert d'Kultur a senger Ried zur Lag vun der Natioun. An am Wëssen, datt d'Bierger, déi dann elo d'Geleeënheet solle kréien, sech "méi direkt" u Patrimoine a Kultur ze bedeelegen, jo eigentlech schonn eng Kéier fir déiselwecht zur Keess gebiede goufen. Mëttels Steiersuen, déi d'Regierung no Gutdünke verdeelt.

Bierger net déi éischt an der Bréngschold

Ech fannen net, datt d'Bierger déi éischt an der Bréngschold si fir Patrimoine a Kultur z'alimentéieren. Do si ganz anerer deenen et gutt géing zu Gesiicht stoen, sech e bëssen erkenntlech ze weisen. Déi, déi ge-ruled goufen oder ginn, bis datt se geschwënn iwwerhaapt keng Steiere méi ze bezuele brauchen. Och am Sënn vun hirer Integratioun hei um Standuert kéinten se jo mol eppes zur Valorisatioun vun deem senge Patrimoine bäidroen.

Oder wéi ass et mat de Banken, deenen hiren Dilettantismus duerch d'Bierger opgefaang gouf, wéi mat deenen hire Steiergelder de Rettungsfallschierm finanzéiert gouf? De Fallschierm schéngt jo gutt opgaangen ze sinn. Och do kéint een, en Konterpartie, eppes fir d'Kultur sprange loossen.

D'Mouke mam Cash dran mussen anzwousch trëllen

Firwat de Staat selwer net genuch wëll zur Verfügung stelle fir datt den Nationalmusée sech den Tableau leeschte kann ass mir onverständlech. Wann anerersäits total spontan decidéiert gëtt, datt Lëtzebuerg sech un der Weltausstellung zu Dubai bedeelegt, musse jo iergendwou Mouke mat Cash dran dorëmmer trëllen. Mir falen nach jett aner Méiglechkeeten a wou sech eppes fir den nationale Patrimoine kéint ofzwacke loossen.

Wann iwwert Austeritéit a Spuere gepriedegt, respektiv gesouert gëtt, wéi wier et mat e bësse méi Rigueur bei de Regirungskarrosse gewiescht? 80.000 Euro Maximum kaschten d’Stécker an där Flott, seele manner. An do ass nach eng fett Remise ofgaangen. Wéi kapriziös muss ee sinn fir drop ze hale fir mat esou Boliden duerch d'Géigend ze cruisen?

Hotelszëmmeren, Bouffe an Gin Tonic

Oder d’Opérations de charme, déi den Economieministère a China oder bei de Scheiche lancéiert. Et schwätzt jo näischt géint esou Missiounen. Mä wann den hallwe Fliger an déi ganz Businessclass voller Conseiljeeë setzt, duerf ee sech ausmole wat d’Pond Fligerticket kascht. Plus Hotelszëmmeren, Bouffe a Gin Tonic. Eng Oppulenz schonn alleng an der Masse, an en Opwand deen deelweis iwwert de Wolléke verpufft.

Oder dee sougenannte Big Four-Member deen et grad schëppeweis an d'Strass gehäit kritt fir de Staatsbudget ze friséieren. Deen een oder anere Koekkoek wär do och dra gewiescht. Wéi gesot: Mécénat ass super a soll promovéiert ginn. Mä dat soll dem Gouvernement keng Geleeënheet ginn, sech mat engem breede Blendaxgrinsen ze soen, datt ee sech domatt a Saache Kultur schéi propper aus der Affaire gezunn hätt. Mir hunn den Ament eng Regierung déi sech et leescht e Kulturminister an ee Staatssekretär fir Kultur ze hunn. Dat soll jo wuel signaliséieren datt Kultur hir wichteg ass. An dowéinst, Kulturminister a Staatssekretär: Gitt bei äre Kolleg Finanzminister a sot deem: d'Keess op an d'Klacken eraus. Kaaft deen Tableau.