Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Fourth Wall

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kultur: LX: Promotioun vu Lëtzebuerger Kultur am Ausland

Kultur

Kultur: LX: Promotioun vu Lëtzebuerger Kultur am Ausland

Am Kulturentwécklungsplang 2018-2028 steet d'Kreatioun vun engem "Arts Council" als prioritäre Projet. Elo gouf d'ASBL Kultur:LX gegrënnt. Eng Associatioun, déi sech aus Memberen aus dem Kultursecteur a Vertrieder vum Staat zesummesetzt.

auto_stories

3 min

Den Arts Council, also e Rot, deen et sech zur Aufgab mécht Kultur a Kënschtler an d'Ausland ze exportéieren, ass zanter dem 23. Juli och zu Lëtzebuerg Realitéit. Wann een Artiste wéilt ënnerstëtze wier et wichteg, déi néideg Leit ze hunn, déi sech an deem Secteur auskennen, "déi déi richteg Leit kennen" fir Artiste beim Opbau vun hirer Karriär am Ausland ze ënnerstëtzen.

Et wieren elo virgesi fir engersäits den Export, mee och den Opbau vun de Karriären hei zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen.

Opdeelung a Sparten ass essentiell

Sechs verschidden Domänen aus der Kultur, déi dann och nach weider ënnerdeelt ginn, sollen differenzéiert traitéiert ginn. Architektur, Musek, Spectacle vivant, Literatur, visuell am audiovisuell Konscht grad wéi Arts mulitimédias.

Et wier wichteg déi eenzel Sparten ze spezifizéieren a getrennt ze behandelen, esou d'Sam Tanson.

"Well et geet jo net drëm, datt een elo alles ënner e grousse Kamm schäert an datt ee seet, et sinn elo fënnef Leit am Land, déi decidéieren iwwer alles, wat kulturell soll passéieren, souwuel hei am Land wéi am Ausland. Et geet wierklech dorëm, datt ee spezialiséiert Leit huet, déi sech dorëms bekëmmeren, Artisten opzebauen an an d'Ausland ze bréngen. An dat ass an all Konschtspart ganz ënnerschiddlech, wéi et funktionéiert, wat ee brauch, an d'Instrumenter, déi ee sech muss ginn."

De Staat dréit déi politesch Verantwortung

Als Modell géif Music:LX eng grouss Roll spillen, eng Agence, déi zanter eelef Joer existéiert a vun deenen hirem Wierken d'Sam Tanson iwwerzeegt ass an déi och weist, wéi wichteg d'Spezialisatioun ass.

Kultur:LX setzt sech aus eelef Membres fondateurs zesummen, fënnef Leit aus dem Kultursecteur a sechs aus de betraffene Ministerien. De Kultursecteur ass also minoritär vertrueden. Fir si wier et direkt kloer gewiescht, datt de Staat misst majoritär sinn, erkläert d'Sam Tanson, well et wier de Minister, deen déi politesch Responsabilitéit géif droen.

Budget fir d'nächst Joer nach onkloer

Fir dëst Joer beleeft sech de Budget de préfiguration fir d'ASBL op 100.000 Euro. Dës ASBL stellt elo de Profil fir den Direkter op, an da gëtt Music:LX Esou séier wéi méiglech an déi ASBL integréiert, Esou d'Sam Tanson. De Budget fir d'nächst Joer géif nach net stoen, esou d'Ministerin. "Do si mir nach a Verhandlunge mam Finanzministère, do musse mir op där enger Säit nach kucken, wat ass machbar fir d'Depensë scho virzegesinn, en Vue vun der budgetärer Situatioun insgesamt am Land. Där musse mir och Rechnung droen."

Et kéinten awer sécher e puer Transferte geschéien, dat heescht "Saachen, déi à ce stade, iwwer de Budget vum Kulturministère lafen, déi kënnen an de Kultur:LX dann eriwwer goen."